Dream Catcher (Museksgrupp)

Vu Wikipedia
Dream Catcher
Land Lëtzebuerg
Grënnung 1997[1],[2]
Websäit www.dreamcatcher.lu
Aktuell Memberen John Rech (Gesank, Gittar, Bluesharp)
Christof Brill (Gittar, Gesank)
Wolfgang Wehner (Gei)
Eric Falchero (Piano, Accordion, Gesank)
Claude Zeimes (Bass, Gesank)
Steve Krippler (Batterie)

Dream Catcher ass eng lëtzebuergesch Museksgrupp, déi Popmusek mat Elementer vu keltescher Musek an anere Museksgenre kombinéiert.

Bandgeschicht[änneren | Quelltext änneren]

An den 1990er hat d'Grupp T42 e grousse Succès zu Lëtzebuerg. Zwee Memberen, den John Rech an den Eric Falchero, hunn 1997 zesumme mat anere Museker d'Grupp Dream Catcher gegrënnt. D'Joer drop ass hir éischt EP Happy in My Tree House erauskomm.

2003 hunn Dream Catcher mat Deng Hand den Titelsong fir den Télévie vun RTL Télé Lëtzebuerg opgeholl. D'Lidd war e Radio-Hit. Zwee Joer méi spéit koum d'EP 3 mat der Single Verluer eraus.

Der Grupp hiren éischten Album Sunny Days koum 2006 op de Maart. Déi éischt Singleauskopplung mam selwechten Numm war erfollegräich an den Airplay-Charts.

2009 huet Dream Catcher fir d'éischte Kéier mam lëtzebuergesche Comiczeechner Andy Genen kollaboréiert an zesummen e "Sonic Comic" verëffentlecht. Dee besteet aus enger BD vum Andy Genen an enger CD mat Lidder vun Dream Catcher. Et goufen insgesamt véier Bänn verëffentlecht: When We Were Young (2009), Irish Nights (2010), Music, Films & Dreams (2015) a Postkaarten aus Lëtzebuerg (2018). Si goufen op Lëtzebuergesch an op Englesch publizéiert.[3]

2013 koum d'Single Nanana an 2017 den Album Vagabonds op de Maart.[4]

2017 krut d'Band den Export Artists of the Year Award vu music:LX an der Kategorie "Rock/Pop/Electro".

Den Album Under a Blood Red Ground koum 2023 eraus. En ass eng Live-Opnam vun enger Serie vun dräi Concerten, déi d'Band 2018 an de Minne vu Rëmeleng, am Musée national des mines, opgefouert huet.[5]

Am Juli 2023 waren Dream Catcher ee vun den zwee Opener vum brittesche Sänger Robbie Williams sengen zwee Concerten um Kierchbierg, mat jee iwwer 10.000 Zuschauer.[6],[7] D'Grupp ass zënter hirer Grënnung op ville lëtzebuergesche Festivallen opgetrueden, dorënner um Food for Your Senses (2011, 2012), Rock-A-Field (2014), Rock the South (2015), Rock um Knuedler (2018) a Rock un der Atert (2019).

Diskografie[änneren | Quelltext änneren]

Albumen[änneren | Quelltext änneren]

  • 2006: Sunny Days
  • 2013: Irish Nights
  • 2017: Vagabonds
  • 2023: Live - Under a Blood Red Ground (Live-Album)

EPen[änneren | Quelltext änneren]

  • 1998: Happy in My Tree House
  • 2005: 3
  • 2011: Dem Junior seng Aventuren

Singelen (net komplett)[änneren | Quelltext änneren]

  • 1998: Happy in My Tree House
  • 2003: Deng Hand
  • 2005: Verluer
  • 2006: Sunny Days
  • 2010: Barbara Fades Away
  • 2013: Nanana

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Biografie vum John Rech am Luxemburger Autorenlexikon
  2. culture.lu: Le fabuleux destin de John Rech vum Pablo Chimienti (30. Juni 2023)
  3. D'BDen op editions-schortgen.lu
  4. thenationalnews.com: Dream Catcher’s John Rech on their new album and his Michael Jackson ‘nightmare’ vum Rob Garratt (13. November 2016)
  5. rtl.lu: Dream Catcher mellt sech mat engem neie Live-Album vum Julien Marcy (26. Juni 2023)
  6. wort.lu: Robbie Williams legt in Kirchberg eine durchwachsene Show hin vum Nora Schloesser (11. Juli 2023)
  7. rtl.today.lu: "Shake your arse, come over here, now SCREAM!" vum Stephen Lowe (16. Juli 2023)