John Rech

Vu Wikipedia
John Rech

Den John Rech, gebuer den 8. Mee 1970 zu Diddeleng,[1] ass e lëtzebuergesche Sänger, Museker an Auteur.

An den 1990er hat hie vill Erfolleg mat der Band T42, zënterhier ass hien an der Grupp Dream Catcher an och als Comicbuchauteur aktiv.

Donieft ass den John Rech zënter 2019 Direkter vum Kulturservice vun der Gemeng Diddeleng an domat vum Diddelenger Kulturzentrum Opderschmelz.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Den John Rech ass den Enkel vum Louis Rech, deen tëscht 1985 an 1993 Diddelenger Buergermeeschter war.[2] Säi Papp huet bei der Arbed a spéider op der Galvalange geschafft.[3] A senger Jugend huet hie Basket gespillt a Liichtathleetik gemaach, mee no enger Verletzung huet hie säin Dram fir bei den Olympesche Summerspiller 1992 zu Barcelona matzemaachen, missen opginn.[3] Duerno huet hien ugefaange Musek ze maachen.

Hien ass Papp vun zwee Kanner.[1]

Musek a Comics[änneren | Quelltext änneren]

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel T42 an am Artikel Dream Catcher (Museksgrupp)
Aus Spaass un der Saach huet hien 1990 d'Pop-Rock-Band T42 gegrënnt, déi wéi "Tea for Two" ausgeschwat gëtt.[1] Hir éischt EP Waiting for the Light koum 1992 eraus. D'Singleauskopplung Marie-Anne war e grousse Radioerfolleg an huet d'Grupp landeswäit bekannt gemaach. Den 22. Juni 1997 ass T42 zesumme mat Sleepwalk als Virband vum Michael Jackson opgetrueden, op engem vun de gréisste Concerten zu Lëtzebuerg mat ronn 40.000 Leit am Publikum.[4]

1997 huet den John Rech mat anere Museker, dorënner dem Eric Falchero vun T42, d'Band Dream Catcher gegrënnt, déi Pop-Folk mat Ballade verbënnt. Och déi Formatioun hat vill Succès zu Lëtzebuerg, mat Hits wéi Deng Hand, Sunny Days an Nanana.

2009 huet den John Rech fir d'éischte Kéier mam Comiczeechner Andy Genen zesummegeschafft an d'BD When We Were Young verëffentlecht, fir déi hien den Text geschriwwen huet. Am Ganzen hu si nieft weidere gemeinsame Projeten véier "Sonic Comics" ervirbruecht. Hiert Buch Alex & Tun: Gefaangen an der Diddelenger Geschicht krut 2012 de Lëtzebuerger Buchpräis an der Kategorie "Kanner- a Jugendbuch". 2015 krut Dream Catcher Volume 3: Music, Film & Dreams déi selwecht Auszeechnung.[5]

Am Juli 2023 waren Dream Catcher ee vun den zwéin Opener vum brittesche Sänger Robbie Williams sengen zwéi Concerten um Kierchbierg, mat jee iwwer 10.000 Zuschauer.[6],[7] D'Grupp ass zënter hirer Grënnung am Ausland an op ville lëtzebuergesche Festivallen opgetrueden, dorënner um Food for Your Senses (2011, 2012), Rock-A-Field (2014), Rock the South (2015), Rock um Knuedler (2018) a Rock un der Atert (2019).

Kultur[änneren | Quelltext änneren]

1994 huet den John Rech déi éischt Lëtzebuerger Fête de la musique zu Diddeleng organiséiert.[3] Och den Zeltik organiséiert hien zënter 1998 mat.[8] Vun 2006 un huet hie fir de Kulturservice vun der Gemeng Diddeleng geschafft,[1] deem säi Chef hien zënter dem 1. Mäerz 2019 ass. Domat ass hien och den Direkter vum Diddelenger Kulturzentrum Opderschmelz.[3]

Hien huet d'Agence Music:LX matgegrënnt an ass och an anere lëtzebuergesche kulturelle Comitéen a Strukturen aktiv.[1],[3]

Politik[änneren | Quelltext änneren]

Scho jonk huet den John Rech sech an der LSAP engagéiert, där hien 1985 bäigetrueden ass. Tëscht 1990 an 1992 huet hien als Parlamentsassistent fir d'LSAP geschafft, duerno an enger Kommunikatiounsagence.[3],[5] Bei de Chamberwalen 2018 war hien LSAP-Kandidat am Walbezierk Süden a krut iwwer 14.000 Stëmmen, mee gouf net an d'Chamber gewielt.[5]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 1,2 1,3 1,4 cdmh: Alex & Tun ou Andy & John : Gefaangen an der Diddelenger Geschicht (8. Januar 2017)
  2. tageblatt.lu: Louis Rech verstorben vum Desislava Schengen (8. Januar 2012)
  3. 3,0 3,1 3,2 3,3 3,4 3,5 reporter.lu: John Rech, la génération pop au pouvoir vum Marie-Laure Rolland (vum 12. August 2019)
  4. republicain-lorrain.fr: Michael Jackson à Bettembourg en 1997 : le concert "History"(que), Artikel ursprénglech vum 23. Juni 1997, vum Nicolas Mougin
  5. 5,0 5,1 5,2 culture.lu: Le fabuleux destin de John Rech (30. Juni 2023)
  6. wort.lu: Robbie Williams legt in Kirchberg eine durchwachsene Show hin vum Nora Schloesser (11. Juli 2023)
  7. rtl.today.lu: "Shake your arse, come over here, now SCREAM!" vum Stephen Lowe (16. Juli 2023)
  8. chronicle.lu: Interview: John Rech on Organising Music Festivals as Restrictions Ease (14. Juni 2021)