Airplay

Vu Wikipedia
Dës Säit beschäftegt sech mat dem Museksbegrëff Airplay. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Airplay (Homonymie).

Airplay ass e Fachbegrëff aus der Museksindustrie, dee bezeechent, wéi dacks e Lidd op engem Radiosender gespillt gëtt, resp. als Videoclip op engem Televisiounssender gewise gëtt. Wat e Lidd méi dacks gespillt gëtt, wat et eng méi héich Airplay-Quot huet.

Airplay-Charts si Lidderklassementer, an deenen d'Lidder déi op engem bestëmmte Sender lafen, statistesch erfaasst sinn. Déi Charts kënne jee no Segment vum Sender variéieren. Et kënne generesch Klassementer si vun allem wat leeft, oder speziell Airplay-Charts fir bestëmmt Segmenter sinn, wéi zum Beispill Rockmusek oder House.

Am Géigesaz dozou ginn d'Verkafscharts vu (Singelen oder Albumen) de Verkafszuelen no klasséiert.