Granny's Favouritz

Vu Wikipedia
Granny's Favouritz
Museksgenre Pop-Rock
Land Lëtzebuerg
Grënnung 2001
Websäit www.grannysfavouritz.lu
Memberen Luc "Gig" Guillaume (Gesank a Gittar)
Hervé Cecchetti (Gittar)
Laurent Peters (Bass a Piano)
Jeff Koob (Trompett, Keyboard, Piano)
Jeanne Schmartz (Perkussioun a Gei)
Pitt Mertens (Batterie)

Granny's Favouritz ass eng lëtzebuergesch Pop-Rockband.

Bandgeschicht[änneren | Quelltext änneren]

2001 ass d'Band Granny's Favouritz gegrënnt ginn.

2002 koum hiren éischten Album op de Maart an huet sech éischter mëttelméisseg verkaaft.

Am Joer drop maachen déi sechs Museker déi véiert Plaz um Emergenza Concours. Och dës Band ass vu musikaleschen Differenzen net verschount bliwwen an huet sech nach am selwechte Joer vun zwéi Museker getrennt.

Déi Joren drop huet d'Band vill Concerte gespillt, mä si war permanent op der Sich fir déi optimal Besetzung ze fannen, wat hinnen 2005 gelongen ass. Déi haiteg Formatioun huet dunn eng nei Plack produzéiert, déi si am Mee 2007 an Däitschland opgeholl hunn an déi de 4. Juli 2007 erauskoum. D'Band huet et mat hirer éischter Single Auskopplung "The Cream" fäerdeg bruecht, an der 3ter Woch schonn een Top Five Hit ze landen um Lëtzebuerger Radiosender RTL.

Musek[änneren | Quelltext änneren]

D'Musek vun de Granny's Favouritz wëll net an ee klischeebetounte Kontext gestallt ginn. D'Grupp leet grousse Wäert op gutt duerchduechten Arrangementer. Nieft de signifikante Melodien, hëlleft déi dräikäppeg Rhythmusequipe fir e bestëmmte Groove ze fannen. Elektresch an akkustesch Gittare wiessele sech an deenen zimmlech ënnerschiddleche Lidder of. Ganz wichteg erschéngt der Band déi privilegéiert Stellung vun der Trompett an der Gei, déi an anere Museken éischter als Begleedinstrumenter benotzt ginn. Déi englesch Texter vun de Stécker, déi selwer komponéiert sinn, dréie sech meeschtens ëm Dreem, d'Hoffnung, d'Freed an d'Angscht vun de gewéinleche Leit.

Discographie[änneren | Quelltext änneren]

Albumen[änneren | Quelltext änneren]

  • 2002: Summer in Hell (selwer produzéiert)
  • 2007: Lazy Days (Hofa Studios)

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]