Everwaiting Serenade

Vu Wikipedia
Everwaiting Serenade
Museksgenre Melodic Hardcore, Metal
Land Lëtzebuerg
Grënnung 2005
Websäit www.everwaitingserenade.com
Aktuell Memberen Julien Primout (Gesank)
Dhiraj Sabharwal (Gittar)
Andy Kayl (Bass)
Michel Meis (zanter 2010)
Eric Weishaar (zanter 2016)
Fréier Memberen Jeff (Gittar)

Everwaiting Serenade ass eng lëtzebuergesch Melodic Hardcore a Metalband vun Esch-Uelzecht.

Bandgeschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Grupp gouf 2005 gegrënnt. De Sänger Julien Primout war scho bei Gruppe wéi Hot Buddha an Disciples of Zypher aktiv.[1] D'Joer drop huet Everwaiting Serenade mam Produzent Charel Stoltz hiren Debütrelease The Caress verëffentlecht.

2008 huet d'Grupp déi lëtzebuergesch Editioun vum Metal-Battle-Kontest gewonnen, deen et hir erlaabt huet um bekannten däitsche Wacken Open Air Festival ze spillen.[2]

Den 13. Mäerz 2009 ass hiren Album Lungwork um Wolzer Musekslabel Granny Records erauskomm. Op der Releaseparty an der Escher Kulturfabrik gouf d'Grupp vun ExInferis, vu Fast Friday a vu Miles to Perdition ënnerstëtzt.[3] Den 28. Mee 2011 ass d'EP All Rise verëffentlecht ginn. Am selwechte Joer gouf och e Museksvideo fir d'Lidd Overflow gedréint.[4]

De Sänger Julien Primout ass och als Rapper am Hip-Hop-Projet Freshdax aktiv.

De 25. Januar 2019 hunn Everwaiting Serenade a Falling Promises sech zesummegedoe fir d'Supergroup Fallen Serenade ze grënnen.

Discographie[änneren | Quelltext änneren]

Albumen[änneren | Quelltext änneren]

  • 2009: Lungwork
  • 2015: No Harbor

EPen[änneren | Quelltext änneren]

  • 2006: The Caress
  • 2011: All Rise

Singelen[änneren | Quelltext änneren]

  • 2013: Blanks
  • 2013: Counterweight

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. EP-Review op (The Caress) disagreement.net
  2. helldriver-magazine.de: Everwaiting Serenade - Lungwork (gekuct de 17. Januar 2014)
  3. Everwaiting Serenade 'Lungwork' CD Release Party op Facebook
  4. Video op YouTube