Metal

Vu Wikipedia

Metal (Kuerzform vun Heavy Metal) ass eng ofwiesselungsräich an zum Deel och relativ komplex Museksrichtung, déi hir Wuerzelen am Hard Rock aus de spéiden 60er an den 70er Joren huet. Déi vill Substiler – z. B. Gothic Metal, Death Metal, Power Metal, Viking Metal, Progressive Metal asw. – ënnerscheede sech zum Deel ganz gewalteg. Sou geet déi musikalesch Pallett vun einfachen, meeschtens rhythmesch séiere Lidderstrukture bis bei komplizéiert multiinstrumental Kompositiounen, déi et soss just an der klassescher Musek gëtt.

Obwuel Metal säin Héichpunkt an den 80er Jore kannt huet, gëtt et och haut nach eng wichteg Metal Subkultur, där Leit aus deene verschiddenste Generatiounen ugehéieren. Zu enger Subkultur gehéiert gewéinlech och e bestëmmte Kleedungsstil, verschidde Weltopfaassungen a Behuelensformen. Och an der Metal-Subkultur ass dat net anescht. Mä duerch d'Entwécklung vun deene ville verschiddene Substilrichtunge gëtt et keen eenheetleche Kleedungs – a Mentalitéitsstil méi. Dee wäitverbreete Klischee vum Metaller mat de laangen Hoer, der Liedersbox an de schwaarzen T-Shirte mam Band-Logo ass haut deemno net méi sou aktuell.

Och zu Lëtzebuerg gëtt et eng Metalszeen, wa s'och am Verglach mat Länner wéi Däitschland, Schweden, Finnland asw. ganz kleng ass an d'Treffméiglechkeeten, sief et Concerten, Festivaller oder Caféen, zimmlech moer geséint sinn.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

60er bis 80er Joren[änneren | Quelltext änneren]

Den Tony Iommi vun der Grupp Black Sabbath 2005.

Den Ursprong vum Metal läit am Hard Rock. Nieft Deep Purple, Blue Cheer an dem fréien Alice Cooper gëllt besonnesch d'Hard-Rock-Grupp Led Zeppelin als ee vun de Pappe vum Metal. Als eigentleche Grënner vum Metal gëllt allerdéngs d'Grupp Black Sabbath. Zanter 1969 hunn si aus Aflëss vum Jazz a Bluesrock eng Aart vu Musek entwéckelt, déi fir de spéidere Metal charakteristesch ginn ass. Hiren Image, deen op Okkultismus baséiert, huet de Musekstil immens beaflosst. Wärend d'Hippien un d'„Muecht vun der Léift“ gegleeft hunn, huet sech d'Metal-Subkultur, als Trotzreaktioun op den Néiergang vun der Hippiekultur an hiren Idealer, an hiren Texter op déi däischter Säite vum mënschleche Liewe fokusséiert.

Virun allem jonk brittesch Gruppe wéi Iron Maiden, Saxon oder Samson hunn eng Generatioun vu Musekgruppe geprägt, déi sech vun de Punkgruppen, déi dës Zäit dominéiert hunn, ofhiewe wollten. Dozou hunn si e Stil benotzt, deen engersäits d'Schnellegkeet vum Punk beinhalt huet, zum aneren awer och d'Häert, d'Dynamik an d'Filigranitéit vum Hard Rock vu Gruppe wéi Deep Purple an den 1970er Joren opgegraff huet. Vereenzelt Hard-Rock-Gruppe wéi Judas Priest hu sech dem neie Stil ugepasst, a sech zu Metal-Gruppe weiderentwéckelt (wat an der Musekpress als New Wave of British Heavy Metal (NWoBHM) bezeechent ginn ass), an dohier kënnt och d'Verwiesselungspotential vun de Stiler. An dëser Zäit ka vun engem eegestännege Genre mam Numm "Heavy Metal" geschwat ginn.

Kleedung an aner Markenzeechen[änneren | Quelltext änneren]

An der Metalszeen gëtt et keen eenheetleche Kleedungsstil, mä dacks hu Metaler T-Shirten oder Pullovere vu Bands, sougenannte Bandshirts un. Am Allgemenge kleeden si sech schwaarz. Vill vun hinnen droe laang schwaarz Mäntel an hu laang Hoer. Metalfans vun de "klasseschen" Richtungen droen zudeem dacks e Frack. Dee Frack besteet aus enger bloer Jeansjackett oder am Black Metal aus enger schwaarzer. Op des Jackett gi Patche vu Bands mat hiren Logoen oder Albumcovers gebitzt. Dee Frack ass awer net bei all Metalhead ze fannen, vill verzichten drop.

Ee Grouss vun den Metaler ass eng Fauscht mat ausgestrecktem Zeige- a klengem Fanger. Mat dësem Zeechen drécken si och op Concerten de Museker hire Respekt aus.

Musek an Texter[änneren | Quelltext änneren]

Texter am Metal, si wéi déi verschidde Stiler extreem ënnerschiddlech. Si gi vu Balladen iwwer Liddertexter aus dem Mëttelalter bis hin zu satanisteschen oder gewaltverherrleschenden Texter. Et gëtt och keng Metalsprooch, och wann Englesch a skandinawesch Sproochen dominéieren.

Verschidde Stilrichtungen, hir wichtegst Bands a Perséinlechkeeten[änneren | Quelltext änneren]

  • Heavy Metal: Den Urspronk vun alle Metal-Stilrichtungen. Gouf haaptsächlech an den 80er an 90er Jore vu Bands wéi Led Zeppelin oder Iron Maiden praktizéiert.
  • Trash Metal: Hei stinn d'Gittaren am Vierdergrond, et gëtt vill mat schnelle Riffer a Gittarsoloe geschafft. De Gesang ass meeschtens nëmme gejaut oder einfach gesongen, ouni Rücksicht op speziell Gesangstechnike wéi Screaming a Shouting ze huelen. Bekannt Gruppe sinn d'Big 4: Metallica, Megadeth, Slayer an Anthrax.
  • Blackmetal, Death Metal, Metalcore: Brutal an düster Musek, déi sech duerch satanistesch a blasphemesch Texter, gescreamte Gesang, eroofgestëmmte Gittaren an Double- oder souguer Triple-Bass op der Batterie auszeechent. Bekannt Gruppen si Venom a Bathory.
  • True Metal: Dëse Stil ass eng Vermëschung vum Heavy a Powermetal hei stinn virun allem d'Texter am Mëttelpunkt des vermëttelen dacks eng gewëssen Ideologie, bei där de Metal an d'Nordesch Mythologie am Mëttelpunkt stinn. De Begrëff gouf virun allem duecht d'Band Manowar geprägt déi den True Metal als Fortsetzung vun der klassescher Musek gesinn.
  • Powermetal: Hei sinn d'Texter dacks eepesch Geschichten. D'Gittar an d'Batterie, awer och Synthesizer dominéieren.
  • Synphonic: De Gesank, dee meeschtens vun enger Fra gesonge gëtt, dominéiert hei mat der Gittar an dem Synthesizer. Am grousse Ganzen erënnert d'Musek un eng Oper. Eng vun de bekanntste Synphonic-Metal-Gruppen ass Nightwish
  • Nu Metal: Metal oder Punk gëtt mat Hip-Hop an DJ-Elementer vermëscht. Eng bekante Grupp heifir ass Papa Roach oder Linkin Park Allerdéngs kann een nëmmen déi zwéin éischt Studiosalbume vu Linkin Park dem Nu Metal zouuerdnen, well si duerno en grousse Stilwiessel gemaach huet.
  • Pagan Metal: Beim Pagan Metal, och nach Mëttelalter-Metal genannt, gëtt probéiert, mëttelalterlech Instrumenter mat an de Metal anzebréngen. Gruppen, déi dat besonnesch gutt fäerdeg bréngen, sinn In Extremo a Subway to Sally.
  • Melodic Metal: De Melodic Metal ass eng Richtung bei där een eraushéiert datt méi melodesch Saache gespillt ginn. Meeschtens gëtt an dëser Museksrichtung och Keyboard gespillt. Als Melodic-Metal-Bands gëlle Gruppe wéi In Flames a Sonata Arctica.

Concerten a Plackelabelen[änneren | Quelltext änneren]

De „Rock Hard Festival“ am Joer 2006

Déi wichtegst Méiglechkeete fir zesummenzekommen, stelle fir d'Metalzeen Concerten a Festivaller duer.

Op Metalconcerte kann ee verschidden Danzstiler gesinn:

Déi wichtegst Festivaller fir d'Metalzeen sinn:

Bekannt Plackelabelen: Eng Partie Plackelabele genéissen an der Metalzeen eng gewësse Bedeitung.

Metal zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

D'Metal-Zeen zu Lëtzebuerg ass supposéiert relativ kleng an onopfälleg. Dëse Faktor spillt allerdéngs bei der Qualiteit vun de verschiddene Gruppe keng Roll.

Sou wéi am Rescht vun der Welt och fënnt een zu Lëtzebuerg vill verschidde Stiler, woubäi déi eng awer méi vertruede si wéi anerer. D'Metal-Zeen Lëtzebuerg orientéiert sech wuel éischter un hire franséischen Noperen, dat heescht, mir fannen hei virun allem vill Death Metal an Thrash-Metal-Bands. Black Metal dogéint schéngt zu Lëtzebuerg, anescht wéi bei eisen däitschen Noperen, net sou staark vertrueden ze sinn.

Et gëtt eng ganz Partie lëtzebuergesch Metalgruppen. Z'ernimme sinn: Desdemonia, Dreaming in Red, Black Candle, Clean State, Funerarium, Ex-Inferis, Scarred, Abstract Rapture, Scarlet Anger, asw.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Metal – Biller, Videoen oder Audiodateien