Black Sabbath

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
D'Membere vu Black Sabbath 1970: Geezer Butler, Tony Iommi, Bill Ward an Ozzy Osbourne (vu lénks no riets)

Black Sabbath ass eng englesch Rock- an Heavy-Metal-Band, déi 1968 vum Gittarist Tony Iommi, dem Bassist Geezer Butler, dem Sänger Ozzy Osbourne an dem Drummer Bill Ward gegrënnt gouf. Zënterhier hunn d'Membere vun der Band regelméisseg gewiesselt an nëmmen den Tony Iommi war permanent dobäi. Als Blues-Rock-Band gegrënnt huet si séier den Numm Black Sabbath ugeholl an ugefaangen, okkult Elementer mat Horror-inspiréierten Texter an déif gestëmmte Gittaren anzebannen. Trotzdeem huet Black Sabbath och Lidder geschriwwen, déi aner Theme behandelen, wéi zum Beispill sozial Instabilitéit, politesch Korruptioun, d'Gefore vun Drogemëssbrauch an apokalyptesch Prophezeiungen iwwer d'Schrecke vum Krich.

Ënner anerem wéinst sengem Drogen- an Alkoholmëssbrauch ass den Osbourne 1979 aus der Band gehäit ginn. Hien ass doropshin vum fréiere Rainbow-Sänger Ronnie James Dio ersat ginn. No zwéin Albume mam Dio huet d'Band an den 1980er an 1990er eng ganz Rei Changementer am Line-Up duerchlieft, dorënner d'Kommen a Goe vun de Sänger Ian Gillan, Glenn Hughes, Ray Gillen an Tony Martin, an och e puer Bassisten a Batteuren. 1992 hunn de Iommi an de Butler mam Dio a mam Batteur Vinny Appice den Album Dehumanizer opgeholl. D'Originalbesetzung ass 1997 erëm mam Osbourne zesummekomm an huet de Livealbum Reunion opgeholl. Um 19. Album vun der Band, 13, deen 2013 verëffentlecht gouf, ass mat Ausnam vum Ward d'Originalbesetzung ze héieren. Dräi Méint méi spéit ass en och an den USA an a Kanada verëffentlecht ginn an huet et op déi 23. Plaz an den amerikaneschen Charts gepackt. En huet souwuel an den USA wéi och a Groussbritannien Platin-Status erreecht.

Black Sabbath ginn dacks als Pionéier vun der Heavy-Metal-Musek zitéiert. D'Band huet mat Placke wéi Black Sabbath (1970), Paranoid (1970) a Master of Reality (1971) gehollef de Genre ze definéieren. Op dem MTV senger Lëscht vun de "Beschte Metal Gruppen" si si op d'Nummer 1 komm an an der Lëscht "Déi 100 bescht Hard-Rock-Kënschtler" vu VH1 ware si op Plaz 2.

D'Grupp huet weltwäit iwwer 70 Millioune Placke verkaaft an zwéi Grammy Awards gewonnen.

Bandgeschicht[änneren | Quelltext änneren]

Ufank an éischten Erfolleg (1968-71)[änneren | Quelltext änneren]

D'Band gouf 1968 am Quartier Aston an der englescher Stad Birmingham gegrënnt. Ufanks war si als Blues-Rock-Band geduecht an huet Polka Tulk Blues Band geheescht. Si huet sech awer séier an Earth ëmbenannt. Nodeems d'Museker erausfonnt hunn, datt et schonn eng aner Grupp mat deem Numm gouf, hu si am August 1969 den aktuellen Numm ugeholl. E kënnt vum Mario Bava sengem Film mam selwechten Numm aus dem Joer 1963.

Den 30. August 1969 hu si hiren éischte Concert mat dem neien Numm gespillt. De Museklabel Philips Records huet d'Band am November ënner Kontrakt geholl a si huet am Januar 1970 hir éischt Single Evil Woman eraus bruecht. D'Lidd huet et net an d'Charts gepackt, mä d'Grupp hat am Oktober 1969 zwee Deeg laang e Musekstudio zur Verfügung gestallt kritt fir hiren Debutalbum opzehuelen. Deen hat deselwechten Numm wéi d'Band an ass Freides den 13. Februar 1970 erauskomm. En huet et bis op déi aacht Plaz an de briteschen Albumcharts gepackt.

Schonn am Juni 1970 si si zréck an de Studio gaangen fir den zweeten Album opzehuelen. Deen hätt sollen War Pigs heeschen a war kritesch géigeniwwer dem Vietnam-Krich, mä de Museklabel huet den Titel a Paranoid ëmgeännert. D'Leadsingle mam selwechten Titel gouf a leschter Minutt am Musekstudio geschriwwen an am September 1970 verëffentlecht. Si huet Plaz 4 an de briteschen Charts erreecht an ass domat deen eenzegen Top-10-Hitt vun der Grupp. Och haut nach gehéiert et zu der Band hire bekannteste Lidder. Den Album gouf am Oktober publizéiert an mam Erfolleg vun der Single huet och deen et op déi éischt Plaz gepackt.

D'Verëffentlechung an den USA ass op 1971 verréckelt ginn, well den éischten Album do deemools nach an den Charts war. Doropshin ass Black Sabbath an Amerika op Tournée gaangen. No der Verëffentlechung huet Paranoid et bis op déi 12. Plaz an den US-Charts gepackt a bis haut goufe véier Milliounen Exemplarer verkaaft. Wéi och schonn den éischten Album ass e bei de Kritiker deemools duerchgefall, mä gëtt hautdesdaags als ee vun de beschten an aflossräichsten Heavy-Metal-Albume vun allen Zäite betruecht. Déi zweet Single Iron Man huet et zwar an den amerikaneschen Charts net an d'Top 40 gepackt, mä bleift bis haut ee vun de bekannteste Lidder vu Black Sabbath a war bis 1998 (wéi d'Single Psycho Man erauskomm ass) d'Lidd mat der héchster Chartpositioun an den USA.

Master of Reality bis Sabbath Bloody Sabbath (1971-73)[änneren | Quelltext änneren]

Den Tony Iommi an den Ozzy Osbourne während engem Concert an Australien (1973)

No engem Optrëtt an Australien am Februar 1971 huet Black Sabbath den Album Master of Reality opgeholl, op deem och der Grupp hir éischt akustesch Lidder ze héiere sinn. Och deen Disk ass deemools bei de Kritiker net gutt ukomm. No enger Welttournée 1971 huet Black Sabbath eng kuerz Paus gemaach an am Juni mat neien Opnamen zu Los Angeles ugefaangen. Déi goufen duerch den Drogekonsum vun de Memberen ëmmer erëm gestéiert. Den Album huet ufanks Snowblind geheescht, nom Lidd mam selwechten Titel an deem et iwwer Kokain-Mëssbrauch geet. A leschter Minutt huet d'Plackefirma den Titel an Black Sabbath Vol. 4 ëmbenannt. A manner wéi engem Mount huet och deen Album Gold-Status erreecht. Well d'Grupp méi Zäit am Studio hat, konnt si mat neien Elementer wéi Säiteninstrumenter, Piano, Orchestratioun a "Multi-Part"-Lidder schaffen. Duerno ass si op d'Volume 4-Welttournée gaangen.

Well si mat Volume 4 zefridde ware sinn d'Museker erëm op Los Angeles gaangen fir d'Ambiance erëm hierzestellen an neit Material opzehuelen. Si hunn eng Villa am Nobelquartier Bel Air gelount mä hunn et wéinst staarkem Drogekonsum net fäerdeg bruecht, Lidder fäerdeg opzehuelen. No engem Mount si si an England zréck gaangen, wou si am Clearwell Castle, engem Schlass, an deem schonn aner bekannte Rockgruppen opgeholl haten, weidergeschafft hunn. Duerno hu si zu London den Album Sabbath Bloody Sabbath /1973) opgeholl, deen erëm e groussen Verkafssuccès war an dës Kéier och vun de Kritiker gutt opgeholl gouf.

Sabotage an éischt Problemer (1974-78)[änneren | Quelltext änneren]

Black Sabbath huet 1974 eng weider Welttournée mat engem Concert a Kalifornien virun iwwer 200.000 Fans ugefaangen. D'Joer drop huet d'Grupp d'Opnamen zu hirem sechsten Album mam Wëllen gestart, en anere Sound wéi um Album virdrun ze entwéckelen. Sabotage war erëm méi rockeg a Rolling Stone zum Beispill huet geschriwwen: "'Sabotage' ass net nëmmen de beschten Album vu Black Sabbath zënter 'Paranoid', et ass méiglecherweis hire beschten iwwerhaapt." Trotzdem waren d'Verkafszuele manner gutt, a spéider Kritiker op AllMusic hu festgestallt, datt "d'magesch Chimie déi Albume wéi 'Paranoid'a 'Volume 4' esou speziell gemaach huet, ugefaangen huet, sech opzeléisen".[1] Hir nächst Tournée mat der Band Kiss als Opener huet musse fréizäiteg ofgebrach gi well den Ozzy Osbourne sech bei engem Motorradsaccident e Muskel blesséiert hat. Am Dezember 1975 huet hir Plackefirma ouni Kontributioun vun der Band d'Kompilatioun We Sold Our Soul for Rock 'n' Roll verëffentlecht.

Den Tony Iommi (1978)

Fir hire Sound ze erweideren hunn d'Memberen de Keyboard-Spiller Gerry Woodruffe an d'Grupp geholl. Hie war schonn deelweis op Sabotage ze héieren. Während den Opnamen zu Technical Ecstasy huet den Osbourne zouginn, den Interessi u Black Sabbath ze verléieren an d'Méiglechkeet a Betruecht geholl, mat anere Museker zesummenzeschaffen. Den Album krut gemëschte Kritiken a spéider Kritiker hu gemierkt, datt d'Band mat "enger alarméierender Vitesse ausernee gefall ass".[2]

Spéid am Joer 1977, während de Prouwen zu hirem nächsten Album a kuerz éier d'Band sollt an de Studio goen huet den Osbourne Black Sabbath abrupt verlooss. Den Iommi huet dofir de Sänger Dave Walker ugeruff, e laangjärege Frënd vun der Band, dee virdru scho Member bei Fleetwood Mac a Savoy Brown war. Hien ass bei d'Band gaangen an huet mat hinne geprouft a Material geschriwwen. Am Januar 1978 ass d'Band déi eenzeg Kéier live mam Walker opgetrueden an huet eng fréi Versioun vum Lidd Junior's Eyes um Televisiounsprogramm vun der BBC gespillt. Vun dem Material, wat hie geschriwwen huet, ass keent benotzt ginn an den Osbourne ass am Januar 1978 erëm zréck zu Black Sabbath komm.

Zu Toronto huet d'Grupp fënnef Méint laang um Album Never Say Die! geschafft. Och deen Album ass net esou gutt ukomm wéi déi virdrun. Fir den Disk ze promoten ass Black Sabbath 1978 mat Van Halen als Supporter op Welttournée gaangen. Hir Performance gouf dobäi awer vu verschidde Leit als "midd an oninspiréiert" bezeechent.[3] No där Tournée huet d'Band erëm en Haus zu Bel Air gelount a bal ee Joer un neiem Material geschafft. Dobäi hunn all d'Museker Droge geholl, mä dem Iommi no war den Osbourne dobäi "op engem komplett anere Level". Wéinst dem Osbourne sengem Refus, Lidder ze sangen, déi vun der Band geschriwwe goufen, huet den Iommi den Osbourne 1979 aus der Grupp gehait. De Ward huet spéider gesot: "Alkohol war definitiv eng vun de Saachen, déi Black Sabbath am meeschte geschuet huet. Mir waren dozou bestëmmt, eis géigesäiteg ze zerstéieren. D'Band war gëfteg, ganz gëfteg."

En anere Sound mat neie Sänger (1979-83)[änneren | Quelltext änneren]

De Ronnie James Dio

D'Sharon Arden (dem Ozzy seng spéider Fra Sharon Osbourne), d'Duechter vu Black Sabbath hirem Manager Don Arden, huet 1979 proposéiert den Ozzy Osbourne mam fréiere Rainbow-Sänger Ronnie James Dio ze ersetzen. Den Don Arden huet deemools nach probéiert, den Osbourne ze iwwerzeegen zréck an d'Grupp ze kommen, well hien der Meenung war, d'Originalbesetzung wier am profitabelsten. Den Dio ass am Juni offiziell Member ginn an d'Band huet ugefaangen un hirem nächsten Album ze schreiwen. Dem Dio säi Gesanksstil, deen opfälleg anescht war wéi dee vum Osbourne, huet e Changement am Sound vun Black Sabbath matsechbruecht.

De Geezer Butler huet d'Grupp am September 1979 aus perséinleche Grënn temporär verlooss. Hie gouf duerch den Geoff Nicholls vu Quartz ersat, a wéi de Butler am Januar 1980 erëm zréckkomm ass, huet den Nicholls de Keyboard iwwerholl. Zesummen hu si den Album Heaven and Hell opgeholl, deen ënner anerem als "eng vun de beschten Opname vu Sabbath" bezeechent gëtt, op deem "d'Band neigebuer an no neier Energie kléngt".[4] De Ward huet Black Sabbath awer am August 1980 verlooss, well hien Alkoholproblemer hat an et him onméiglech war, ouni den Ozzy Osbourne weider ze maachen. De Batteur Vinny Appice huet hien dunn ersat.

Mam Dio als Sänger ass 1981 nach den Album Mob Rules verëffentlecht ginn. Net zefridde mat der Qualitéit vu Live at Last (1980) huet d'Band op der Mob Rules-Welttournée en anere Livealbum mam Titel Live Evil opgeholl. Während dem Mixingprozess vun der Plack haten den Iommi an de Butler e Sträit mam Dio. Si hunn hien accuséiert, an der Nuecht an de Studio gaangen ze sinn fir de Volume vu sengem Gesang op den Opname méi héich ze dréinen. Zousätzlech war den Dio net zefridde mat de Biller vun him am Artwork vum Album. De Ronnie James Dio wollt méi matbestëmmen, an déi aner Member ware domat net averstanen. Dofir huet hien am November 1982 d'Band verlooss a seng enge Band Dio gegrënnt. Och den Drummer Vinny Appice ass mat him gaangen. Live Evil ass am Januar 1983 erauskomm, mä e stoung am Schiet vum Ozzy Osbourne sengem Erfollegsalbum Speak of the Devil.

Black Sabbath während engem Concert zu Cardiff (1981)

Den Tony Iommi an de Geezer Butler, déi zwee eenzeg Originalmemberen déi iwwreg bliwwe sinn, hunn doropshin no engem neie Sänger gesicht. De Choix ass am Dezember 1982 op de fréieren Deep Purple-Sänger Ian Gillan gefall. Ursprénglech sollt de Projet net méi Black Sabbath heeschen, mä op Drock vun der Plackefirma gouf den Numm bäibehalen. Während den Opnamen ass den Drummer Bill Ward, deen erëm niichter war, zréckkomm. Den Album Born Again ass bei de Kritiker duerchgefall, mä huet sech trotzdem gutt verkaaft. Den Eduardo Rivadavia vun Allmusic huet d'Plack "fuerchtbar" genannt a bemierkt, datt "dem Gillan säi Blues-inspiréierte Stil a seng humorvoll Texter komplett inkompatibel mat de Meeschtere vum Ënnergank an der Däischtert" wier.[5]

Paus a Seventh Star (1984-90)[änneren | Quelltext änneren]

Aus Angscht virun der Iddi op Tournée ze goen huet de Ward d'Band kuerz drop erëm verlooss a gouf duerch de fréiere Batteur vun Electric Light Orchestra, dem Bev Bevan, ersat. No der Tournée huet och de Sänger Ian Gillan Black Sabbath verlooss fir erëm bei Deep Purple matzemaachen. Och de Bev Bevan ass ëm déi nämmlecht Zäit gaangen. De Bassist Geezer Butler war duerch der Band hire permanente Wiessel u Museker desillusiounéiert an ass am November 1984 och fortgaange fir seng eege Grupp ze grënnen. Doropshin huet den Tony Iommi als eenzegen, dee vun Ufank un dobäi war, Black Sabbath op Äis geluecht an un engem Solo-Album geschafft. Am Juli 1985 ass d'Band trotzdem an der Originalbesetzung fir ee Concert vun der Benefizveranstaltung Live Aid erëm zesummen op d'Bühn gaangen. Duerno huet den Iommi mat verschiddene Sänger u sengem Album geschafft. Schlussendlech gouf awer nëmmen de Glenn Hughes als Sänger um komplette Wierk zréckbehalen.

D'Museker hunn de Rescht vum Joer am Studio verbruecht. D'Plackefirma huet sech geweigert, den Album Seventh Star (1986) als Soloplack vum Tony Iommi ze verëffentlecht, a sou ass en erëm als Black-Sabbath-Album eraus komm. Obwuel en deemools schlecht Kritike krut, gouf en a spéidere Rezensiounen besser opgeholl an "dacks falsch verstanen an ënnerbewäert" genannt.[6]

No weider Streidereien während deenen d'Museker e puermol gewiesselt hunn an de Sänger Ray Gillen duerch den Tony Martin ersat gouf ass am Dezember 1987 den Album The Eternal Idol erauskomm. Vun de Kritiker gouf en ignoréiert, an och kommerziell war en net besonnesch erfollegräich. Virdrun ass Black Sabbath scho staark kritiséiert ginn well si a Südafrika opgetruede waren obwuel vill aner Kënschtler d'Land wéinst senger Apartheit-Politik boykottéiert hunn. Ënner anerem dowéinst huet een Deel vun hirer europäescher Tournée mussen ofgesot ginn.

Nodeems d'Museklabel d'Grupp fale gelooss huet a si en anere Label hu musse sichen, huet Black Sabbath d'Albumen Headless Cross (1989) an Tyr (1990) opgeholl, mat deene si net un de fréie Succès konnten uknëppen.

Dehumanizer (1990-92)[änneren | Quelltext änneren]

1990 hunn de Ronnie James Dio an de Geezer Butler (Foto) gesot, si wéilten erëm bei Black Sabbath matmaachen

1990 hunn d'fréier Membere Ronnie James Dio (Gesank) a Geezer Butler (Bass) hiren Interessi gewisen, erëm bei Black Sabbath mat ze maachen. De Butler krut den Iommi iwwerzeegt, deen doropshin den aktuelle Line-Up opgeléist huet. Zesumme mam Drummer Cozy Powell hunn den Dio, de Butler an den Iommi mat den neien Opnamen ugefaangen. Am November ass dem Powell säi Päerd gestuerwen an op säi Bee gefall, woubäi dem Batteur seng Hëft gebrach ass. Incapabel ze spillen ass hien duerch de fréieren Drummer Vinny Appice ersat ginn. Déi weider Opnamen zu Dehumanizer waren duerch Spannungen iwwer d'Lidderschreiwen tëscht dem Iommi an dem Dio gezeechent. D'Opnamen hu schlussendlech eng Millioun Dollar kascht. Den Album ass am Juni 1992 erauskomm a krut mitigéiert Kritiken, mä en hat déi héchst Verkafszuelen vu enger Black-Sabbath-Plack zënter engem Joerzéngt.

Während d'Band am Juli 1992 op Tournée gaangen ass huet hire fréiere Sänger Ozzy Osbourne (déi éischt Kéier) säi Réckzuch vun der Bühn annoncéiert. Hien huet Black Sabbath invitéiert, als Opener op de leschten zwee Concerte fir seng Soloband a Kalifornien ze spillen. Black Sabbath huet zougesot, mat Ausnam vum Sänger Ronnie James Dio, deen der Meenung war, dat géif no enger Reunioun ausgesinn an dat wier den Enn vun deem spezielle Projet. Den 13. November 1992 huet den Dio d'Band verlooss, eng Nuecht, éier si op dem Osbourne sengem leschte Concert sollt optrieden. De Rob Halford, Sänger bei Judas Priest, huet hien a leschter Minutt ersat an ass zwee Mol mat der Band opgetrueden.

Cross Purposes a Forbidden (1993–96)[änneren | Quelltext änneren]

Den Drummer Vinny Appice huet d'Band no der Reuniounsshow verlooss fir beim Ronnie James Dio senger Soloband matzemaachen. Doropshinn huet de Iommi de fréiere Rainbow-Batteur Bobby Rondinelli rekrutéiert an de fréiere Sänger Tony Martin erëm an d'Boot geholl. D'Museker sinn an de Studio gaange fir neit Material ënner engem neien Numm ze verëffentlechen. Wéi scho virdrun, ass den Album Cross Purposes am Februar 1994 op Drock vun der Plackefirma dunn awer als Black-Sabbath-Plack verëffentlecht ginn. E Concert ass als Videokassett an eng weider CD (Cross Purposes Live) als Livealbum erauskomm. No der Europatour huet den Drummer Bobby Rondinelli d'Band erëm verlooss a gouf fir fënnef Concerten a Latäinamerika duerch den Originalbatteur Ward ersat. Méi spéit huet och de Bassist Geezer Butler Black Sabbath fir eng zweete Kéier verlooss. Hien huet e Soloprojet mam Numm GZR gegrënnt an den Album Plastic Planet (1995) verëffentlecht. Dorop ass d'Lidd Giving Up ze héieren, dat kritesch dem Tony Iommi géigeniwwer ass, well dee weider den Numm Black Sabbath benotzt. Am Text heescht et: "You plagiarised and parodied / the magic of our meaning / a legend in your own mind / left all your friends behind / you can't admit that you're wrong / the spirit is dead and gone".

Nom Butler huet och de Ward d'Grupp erëm verlooss. Den Iommi huet déiselwecht Museker erëm engagéiert, déi schonn um Album Tyr (1990) ze héiere waren. Si hunn den Album Forbidden (1995) opgeholl, dee bei de Kritiker an de Fans duerchgefall ass sech schlecht verkaaft huet. Duerno hunn d'Memberen erëm gewiesselt an den Tony Iommi huet mat der Band eng Paus gemaach an un engem Soloalbum geschafft.

Neistart mat der Originalbesetzung (1997-2005)[änneren | Quelltext änneren]

Black Sabbath an der Originalbesetzung während engem Concert zu Stuttgart am Dezember 1999

Am Summer 1997 hunn den Tony Iommi, de Geezer Butler an den Ozzy Osbourne annoncéiert, erëm zesummen um Ozzfest-Festival opzetrieden. Den Originaldrummer Bill Ward konnt wéinst anerweitegen Engagementer net matmaachen an ass eréischt am Dezember zur aler Trupp dozougestouss. An där Formatioun huet d'Band zwee Concerten zu Birmingham gespillt. Si goufen um Live-Album Reunion 1998 verëffentlecht, deen en immense kommerziellen Succès war. An den USA huet d'Plack d'Plaz 11 an den Charts a Platin-Status erreecht. Fir d'Single "Iron Man" huet d'Band fir d'éischte Kéier an hirer Carrière en Grammy Award an der Kategorie "Best Metal Performance" gewonnen, an dat 30 Joer nodeem d'Lidd fir d'éischt verëffentlecht gouf. Um Album Reunion waren och zwee nei Lidder ze héieren, Psycho Man a Selling My Soul, déi et allenzwee an d'Top 20 vun den amerikanesche Billboard Mainstream Rock Tracks gepackt hunn.

Kuerz éier Black Sabbath am Summer 1998 sollt op Europatournée goen hat de Ward en Häerzinfarkt a gouf temporär duerch de fréieren Drummer Vinny Appice ersat. Fir d'US-Tournée ass de Ward erëmkomm. Nom Summer 1999 huet d'Band nees pauséiert an d'Museker hunn un eegene Projete geschafft. Den Tony Iommo huet säin éischten offizielle Soloalbum Iommi am Joer 2000 erausbruecht an den Osbourne huet un Down to Earth (2001) geschafft.

Am Fréijoer 2001 sinn déi véier ursprénglech Memberen zréck an de Studio gaangen, mä si hu musse mat den Opnamen ophale well den Osbourne zréckgeruff gouf, fir d'Opnam zu sengem Soloalbum fäerdeg ze maachen. Am Mäerz 2002 ass dem Osbourne seng Reality-TV-Sendung The Osbournes op MTV op Sendung gaangen an gouf séier e weltwäiten Hit. Well den Osbourne domat méi engem grousse Publikum bekannt ginn ass, gouf de Live-Album Past Lives mat fréierem Live-Material vu Black Sabbath aus den 1970er verëffentlecht. D'Band huet bis Summer 2004 pauséiert, an ass 2004 an 2005 erëm um Ozzfest opgetrueden. Am November 2005 ass Black Sabbath an d'UK Music Hall of Fame an am Mäerz 2006 an d'US-amerikanesch Rock and Roll Hall of Fame agefouert ginn.

The Dio Years and Heaven & Hell (2006–10)[änneren | Quelltext änneren]

Während den Ozzy Osbourne 2006 un neiem Material fir säi Soloalbum geschafft huet, huet d'Plackefirma Rhina Records d'Kompilatioun Black Sabbath: The Dio Years verëffentlecht, mat Lidder vun de véier Black-Sabbath-Placken op deenen de Ronnie James Dio gesongen huet. Fir déi Plack hunn den Iommi, de Butler, den Dio an den Appice sech erëm zesummegedoen an dräi nei Lidder geschriwwen an opgeholl. Zefridde mam Resultat hunn den Iommi an den Dio entscheet, de Line-Up aus der Period vun Heaven and Hell fir eng Welttournée nees ze forméieren. Während de Line-Up aus Osbourne, Butler, Iommi a Ward nach ëmmer offiziell Black Sabbath geheescht huet, huet déi nei Grupp sech Heaven & Hell genannt, nom Album mam selwechten Numm, fir Confusioun ze evitéieren. De Ward war ursprénglech och mat ageplangt, mä ass virun der Tournée wéinst musikaleschen Differenze mat "e puer Memberen" ofgesprongen a gouf duerch de Vinny Appice ersat. Domat war de Line-Up zu Zäite vun den Albumen Mob Rules an Dehumanizer erëm komplett.[7]

Heaven & Hell ass mat Megadeth a Machine Head op USA-Tournée gaangen an huet e Live-Album an eng DVD zu New York opgeholl. 2009 huet d'Band donieft de Studioalbum The Devil You Know erausbruecht. Am Mee 2009 huet den Osbourne den Iommi zu New York verklot a gesot den Iommi hätt de Bandnumm illegal benotzt. Am Abrëll 2010 huet Black Sabbath zesumme mat Metallica eng Single a limitéierter Editioun fir de Record Store Day verëffentlecht. De 16. Mee 2010 ass de Ronnie James Dio u Mokriibs gestuerwen. De Mount drop ass de Sträit tëscht dem Osbourne an dem Iommi viru Geriicht mat engem Vergläich zu engem Enn komm. Déi genee Konditiounen sinn net bekannt.

Comeback an 13 (2011-17)[änneren | Quelltext änneren]

Den 11. November 2011 hunn den Iommi, de Butler, den Osbourne an de Ward ugekënnegt, datt si sech erëm géifen zesummendoe fir en neien Album opzehuelen an op Tournée ze goen. Beim Gittarist Iommi gouf am Januar 2012 Lymphdrüsekriibs diagnostizéiert an dofir huet d'Band mat der Ausnam vun zwee Concerten all hir Optrëtter mussen ofsoen. Spéider gouf awer nach e méi klenge Concert an hirer Heemechtsstad Birmingham annoncéiert. Am Februar 2012 huet de Ward erkläert, net méi an der Grupp matzemaachen bis hien e Kontrakt hätt, deen hien ënnerschreiwe kéint.

No weidere Concerte huet Black Sabbath am Januar 2013 bekannt ginn, datt den neien Album ënner dem Titel 13 verëffentlecht géif ginn. De Brad Wilk vu Rage Against the Machine gouf als Drummer gewielt. Déi éischt Single God Is Dead? ass den 19. Abrëll 2013 erauskomm. Den Dag drop war de Start vun der Grupp hirer éischter Tournée a 40 Joer an Australien an an Neiséiland. Déi Tournée ass spéider an Nordamerika an an Europa weidergaangen. D'Single End of the Beginning ass am Mee verëffentlecht ginn. Wéi dunn am Juni och endlech den Album erauskomm ass, huet en déi éischt Plaz ënner anerem an den US-amerikaneschen, de briteschen, den däitschen an de schwedeschen Charts erreecht. D'Lidd God Is Dead? gouf 2014 mat engem Grammy Award an der Kategorie Best Metal Performance ausgezeechent.

Am September 2014 huet den Ozzy Osbourne enger Metal-Zäitschrëft erzielt, Black Sabbath géif Ufank 2015 ufänken un engem neien Album ze schaffen.[8]

Diskographie[änneren | Quelltext änneren]

Albumen[änneren | Quelltext änneren]

Studioalbumen[änneren | Quelltext änneren]

  • 1970: Black Sabbath
  • 1970: Paranoid
  • 1971: Master of Reality
  • 1972: Vol. 4
  • 1973: Sabbath Bloody Sabbath
  • 1975: Sabotage
  • 1976: Technical Ecstasy
  • 1978: Never Say Die!
  • 1980: Heaven and Hell
  • 1981: Mob Rules
  • 1983: Born Again
  • 1986: Seventh Star
  • 1987: The Eternal Idol
  • 1989: Headless Cross
  • 1990: Tyr
  • 1992: Dehumanizer
  • 1994: Cross Purposes
  • 1995: Forbidden
  • 2013: 13

Live-Albumen[änneren | Quelltext änneren]

  • 1982: Live Evil
  • 1995: Cross Purposes Live
  • 1998: Reunion
  • 2002: Past Lives
  • 2007: Live at Hammersmith Odeon
  • 2013: Live... Gathered in Their Masses

Kompilatiounsalbumen[änneren | Quelltext änneren]

  • 1976: We Sold Our Soul for Rock 'n' Roll
  • 1996: The Sabbath Stones
  • 2002: Symptom of the Universe: The Original Black Sabbath 1970–1978
  • 2004: Black Box: The Complete Original Black Sabbath (1970–1978)
  • 2006: Greatest Hits 1970–1978
  • 2007: Black Sabbath: The Dio Years
  • 2008: The Rules of Hell
  • 2009: Greatest Hits

Singlen (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

  • 1970: Paranoid (DE#1, DK#1, NL#2, CH#2, AT#3, UK#4, US#61)
  • 1971: Iron Man
  • 1973: Sabbath Bloody Sabbath
  • 1978: Never Say Die!
  • 1980: Heaven and Hell
  • 1980: Neon Knights
  • 1980: Die Young
  • 1992: TV Crimes
  • 1998: Psycho Man
  • 2013: God Is Dead?
  • 2013: End of the Beginning

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Black Sabbath – Biller, Videoen oder Audiodateien

Quellen[änneren | Quelltext änneren]

  • Dësen Artikel ass eng gekierzt Iwwersetzung vum Artikel "Black Sabbath" (ausgezeechent als exzellenten Artikel), an der Versioun vum 13. Mee 2015, aus der engleschsproocheger Wikipedia.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Rezensioun vu Sabotage vum Steve Huey op AllMusic(gekuckt den 17. Juli 2015)
  2. Rezensioun vun Technical Extasy vum Greg Prato op AllMusic(gekuckt den 17. Juli 2015)
  3. Bandgeschicht vu Black Sabbath op www.musicmight.com (gekuckt de 17. Juli 2015)
  4. Rezensioun vun Heaven & Hell vum Greg Prato op AllMusic(gekuckt den 17. Juli 2015)
  5. Rezensioun vu Born Again vum Eduardo Rivadavia op AllMusic(gekuckt den 17. Juli 2015)
  6. Rezensioun vu Seventh Star vum Eduardo Rivadavia op AllMusic(gekuckt den 17. Juli 2015)
  7. blabbermouth.net: WARD On Quitting HEAVEN & HELL: I Was Uncomfortable With Some Things Surrounding The Project (20. Februar 2010)
  8. blabbermouth.net: BLACK SABBATH To Begin Work On New Studio Album Next Year (29. September 2014)