Fanger
| Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |

1: Daum (pollex)
2: Zeigefanger (index)
3: Mëttelfanger (digitus medius)
4: Rankfanger (digitus anularis)
5: klenge Fanger (digitus minimus)

E Fanger (lat.: digitus manus) ass eng vu fënnef Extremitéiten un der Hand.
D'„Fangeren“ vun den ënneschten Extremitéiten (Féiss) sinn d'Zéiwen.
D'Entwécklung vum Fanger war e Sprong an der Evolutioun, déi et de Liewewiese mat Fangeren erméiglecht huet, Géigestänn ze gräifen an ze manipuléieren.
Beim Mënsch
[änneren | Quelltext änneren]Beim Mënsch besti véier vun de fënnef Fangeren aus jee dräi Schanken. Déi Schanke sinn de phalanx proximalis, de phalanx media an de phalanx distalis. Nëmmen den Daum huet zwou Schanken. Gelenker verbannen déi Schanke mateneen a mat der Mëttelhandschank (ossa metacarpi). Den Daum vum Mënsch ass dobäi besonnesch, well en duerch d'Aart a Weis, wéi en opgebaut ass, eng Oppositiounsstellung géigeniwwer den anere Fangeren erlaabt.
D'Fangere beweege sech, mat Ausnam vum Daum, duerch d'Wierkung vu Seenen, déi un de Muskelen am Ënneraarm an anere klenge Muskelen, déi un de Fangeren hänke, verbonne sinn. D'Fangere selwer hu keng Muskelen. Den Daum gëtt duerch Muskelen an der Handfläch beweegt, déi mat der éischter Mëttelhandschank verbonne sinn.
Sproochleches
[änneren | Quelltext änneren]Bezeechnung vun de Fangeren:
| Nr | Latäin | Lëtzebuergesch | Varianten, deels vereelzt oder Kannersprooch[1] |
|---|---|---|---|
| 1 | Pollex | Daum | Dommenéck, Daimerléck, Daimchen |
| 2 | Index | Zeigefanger | Féngerléck, Praimchen, Prëmmchen, Spëtzléck, no der Funktioun och nach: Leck-, Schreif-, Suckelfanger |
| 3 | Digitus medius | Mëttelfanger | Laanghals, Laanghaans, Laangschwanz, Laangschwänzchen, Laangemann, de Laangen |
| 4 | Digitus anularis | Rankfanger oder Rénkfanger | Grohänschen, Goldfanger, Jäizhals, Taupert, Topert, Toppmann |
| 5 | Digitus minimus | Klenge Fanger | Stuppschwanz, Stuppschwänzchen, Tiipchen, Tipert, klenge Babbeler, de Klengen |
Kannerreim
[änneren | Quelltext änneren]Eng vun e puer Variante vun engem Lëtzebuerger Kannerreim[2]:
Den Daimerléck ass an de Pëtz gefall,
De Féngerléck huet en eraus gezunn,
De Laangschwänzchen huet en ofgedréchent,
De Grohänschen huet en an d'Bett geluecht,
An de Stuppschwänzchen huet der Mamm et gesot.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]- Polydaktylie: eng Anomalie, bei där ee méi wéi fënnef Fanger huet.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Fanger – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ (de) Fanger. Luxemburger Wörterbuch, digitalisierte Fassung im Wörterbuchangebot der Universität Luxemburg, Department of Humanities. Gekuckt de 05.04.2026.
- ↑ (lb) Kannerlidder. In: Jong-Hémecht, 3. Jg., nº 5+6, Digitised by the National Library of Luxembourg S. 138 (01.05.1929). Gekuckt de 05.04.2026.