Taste of Chaos

Vu Wikipedia

Taste of Chaos ass en Indoor-Festival, deen zanter 2004 all Joer a verstiddene Stied opgefouert gëtt. Un dëser Tournée huelen haaptsächlech Musekgruppen aus dem Genre Metal, Punk an Hardcore deel. Zanter 2010 geet d'Tournée ausschliisslech duerch Europa.

D'Organisateure sinn déi nämmlecht wéi déi vun der "Vans Warped Tour", déi et zanter 1995 all Summer gëtt. Den Taste of Chaos gëtt vum Energy-Drink-Produzent Rockstar gesponsert, woufir en och dacks "Rockstar Taste of Chaos" genannt gëtt.

Déi éischt Editioun am Wanter 2004/2005 war mat Bands wéi The Used, My Chemical Romance a Killswitch Engage e groussen Erfolleg. D'Bands hunn ausschliisslech an Amerika gespillt. Enn 2005 gouf déi zweet Editioun lancéiert, bei där Rise Against, The Used a Story of the Year matgemaach hunn. Déi zweet Editioun war duerch Amerika, Australien an Europa gaangen. 2006 war de Line-Up vun der Tour Deftones, Thrice, Dredg a Funreal for a Friend. 2007 war d'Tournee mat Rise Against, The Used an Aiden fir d'éischt Kéier zu Lëtzebuerg ze gesinn.

2008 waren D'espairsRay, Bullet for My Valentine a Blessthefall um Festival dobäi. 2009 sinn Thursday, Bring Me the Horizon, Four Year Strong, Pierce the Veil a Cancer Bats erëm ausschliisslech duerch Amerika gereest.

Vum 15. November bis den 13. Dezember 2010 war den Taste of Chaos mat deem bis elo beschte Line-Up, an zwar Disturbed, Papa Roach, Buckcherry an Halestorm op Tournee duerch Europa. Dobäi war den 3. Dezember en Optrëtt an der Rockhal, dee vum Atelier organiséiert gouf.