Dhiraj Sabharwal

Vu Wikipedia
Dhiraj Sabharwal
Gebuer 20. Joerhonnert
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Journalist, Gittarist

Den Dhiraj Sabharwal ass e lëtzebuergesche Journalist a Museker. Hien ass zanter 2017 Chefredakter vum Tageblatt.[1]

Ausbildung a Karriär[änneren | Quelltext änneren]

Den Dhiraj Sabharwal huet op der Schwäizer Université de Fribourg en Doktorat an der Kommunikatiounswëssenschaft an der Mediefuerschung gemaach (Qualitéitsjournalismus an der Däitsch- a Westschwäiz vun 1945 bis 2014). Tëscht 2011 an 2015 huet hien als Diplomassistent a Fuerscher um Department of Communication and Media Research vun der selwechter Universitéit geschafft.[2]

Schonn 2005 huet hien als Stagiaire beim Tageblatt ugefaangen a war och nieft Studium a Fuerschung fir d'Zeitung aktiv. 2011 ass hie Redakter am Ressort fir international Politik ginn an huet 2014 d'Leedung dovun iwwerholl.[2] Zu deem Zäitpunkt war hien de jéngste Ressortleeder an der Geschicht vum Tageblatt.[3] 2015 ass hie stellvertriedende Chefredakter a Member an der Generaldirektioun vum Grupp Editpress ginn.[2]

Zanter 2017 ass den Dhiraj Sabharwal Chefredakter a stellvertriedenden Direkter vum Tageblatt, am Joer 2023 ass en vun beiden Posten zreckgetrueden.[2]

Musek[änneren | Quelltext änneren]

Musikalesch ass den Dhiraj Sabharwal als Gittarist an der Escher Hardcore-Rockband Everwaiting Serenade aktiv.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. wort.lu: Neue Doppelspitze beim Tageblatt (16. November 2017
  2. 2,0 2,1 2,2 2,3 Tageblatt: Tageblatt mit verstärkter Führung in die Zukunft (16. November 2017)
  3. Universität Freiburg (Schwäiz): Dhiraj Sabharwal, DCM Doktorand, jüngster Ressortleiter für internationale Politik des Luxemburger Tageblatt (gekuckt de 14. Februar 2018)