Miaow Miaow

Vu Wikipedia
Miaow Miaow
Museksgenre Pop-Rock
Land Lëtzebuerg
Grënnung 2006
Trennung 2010
Websäit Facebook
Memberen Pierre Bianchi (Gittar, Gesank, 2006-?)
Cédric Czaika (Gesank, Bass)
Max Nilles (Batterie, Gesank)
Nicolas Przeor (Gittar, Gesank, 2006-08)
Gianni A (Gittar, Keyboard, Gesank, 2008-10)
David Andre (Gittar, Synthesizer, 2009-?)

Miaow Miaow war eng lëtzebuergesch Rockband vun Esch-Uelzecht.

Bandgeschicht[änneren | Quelltext änneren]

Miaow Miaow gouf 2006 vum Pierre Bianchi, dem Cedric Czaika, dem Max Nilles an dem Nicolas Przeor gegrënnt. 2010 ass den David Andre derbäikomm; déi verschidde Museker waren a sinn och an anere Lëtzebuerger Gruppen aktiv. Am Oktober 2006 huet d'Grupp ugefaangen, den Album Summertime for a Lifetime opzehuelen, deen am Abrëll 2007 verëffentlecht gouf.[1]

Den 3. September 2010 huet Miaow Miaow op hirer Facebook-Säit matgedeelt, dat d'Grupp en neien Numm géif unhuelen an an eng aner musikalesch Richtung géif goen. An der neier Band, Mount Stealth, spillen zwéi fréier Membere vu Miaow Miaow an zwee nei Museker.[2],[3] 2012 gouf den zweeten Album Caught in a Trap "posthum" awer nach verëffentlecht.

2007 huet d'Band e Präis bei de kuerzliewegen Elie Music Award gewonnen. Si ass och am Musekdokumentaire We Might as Well Fail (2010) virkomm.

Albumen[änneren | Quelltext änneren]

  • 2007: Summertime for a Lifetime
  • 2012: Caught in a Trap

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Summertime for a Lifetime op cdbaby.com
  2. tageblatt.lu: For something completly different... vum Kim Hermes (11. Mee 2012)
  3. Message op Facebook vum 3. September 2010 um 07:39