Napoleon Gold

Vu Wikipedia
Napoleon Gold
Museksgenre Downtempo, elektronesch Musek
Land Lëtzebuerg
Grënnung 2012[1]
Aktuell Memberen Antoine Honorez (Produktioun)
Jérôme Klein (Batterie a Perkussioun)

Napoleon Gold ass e lëtzebuergesche Downtempo-Museksprojet.

Entwécklung[änneren | Quelltext änneren]

Napoleon Gold huet 2012 als Soloprojet vum Antoine Honorez ugefaangen. Hien ass Fransous, an der Stad Lëtzebuerg opgewuess a war Member an der Grupp Lumi[2],[3]. Am Februar 2015 ass de Pianist a Perkussionist Jérôme Klein bei de Projet derbäikomm[1],[4],[5].

Am Abrëll 2014 ass mat Royal Water déi éischt instrumental Single vun Napoleon Gold erauskomm. Si gouf vum Sun Glitters koproduzéiert, mat deem den Antoine Honorez an där Zäit och op aneren Titelen zesummegeschafft huet[1] D'Lidd krut 2015 e Museksvideo. D'Joer drop ass de Projet um Hamburger Reeperbahnfestival opgetrueden.[6].

Am Mee 2017 ass d'EP A New Colour um amerikanesche Plackelabel Cinematic Music Group erauskomm. Nieft der Single mam selwechten Numm sinn och zwéin Titele mat bekannte Gäscht drop ze fannen: op Triumph of Love sangen d'Londoner Band Cristobal and the Sea an op Heaven & Back héiert een den amerikanesche Rapper T-Pain[7]. Am selwechte Joer ass den Antoine Honorez op Bréissel geplënnert. 2017 hat Napoleon Gold eng Rei Optrëtter, dorënner um Food for Your Senses, dem Siren's Call, dem The Great Escape Festival am englesche Brighton, an am Kader vun enger Kollaboratioun mat der Alliance française zu Haiti an an der Dominikanescher Republik[8],[9]. Am Kader vun der "Fête de la Francophonie" hat de Projet och e puer Optrëtter a China an a Südkorea[10].

D'Joer duerno huet Napoleon Gold ënner anerem op der Stater Fête de la Musique, dem hollännesche Eurosonic Festival[11], um Primavera Sound 2018 zu Barcelona an dem Sonic Visions gespillt. Bei de Luxembourg Music Awards gouf Napoleon Gold als Kënschtler vum Joer an hiert Lidd I Only See You als Lidd vum Joer nominéiert.

Am Mäerz 2019 sinn d'Singelen Ignore Me an I Only See You erauskomm, éier den Album Sunset Motel den 11. Oktober erauskoum, dee sech ëm d'Thema vun der Insomnie dréint.[12]. Den éischten Extrait war Love Don't Cut Me Down. Den Album gouf vum Pierre-Hadrien Trigano vun der fréierer Band Natas Loves You produzéiert[13]. Napoleon Gold hat nach weider Optrëtter, dorënner op der Diddelenger Fête de la musique 2019, um Echterlive Festival 2019 an op den Escher Francofolies 2021.

Diskografie[änneren | Quelltext änneren]

Album[änneren | Quelltext änneren]

  • 2019: Sunset Motel

EP[änneren | Quelltext änneren]

  • 2018: A New Colour

Singelen[änneren | Quelltext änneren]

  • 2014: Royal Water
  • 2017: A New Colour
  • 2018: Heaven & Back (Lukrative X Vowl. Remix)
  • 2019: Ignore Me (feat. LevyGrey) 1 Mäerz
  • 2019: I Only See You (feat. Smoke DZA) 22 Mäerz
  • 2019: Love Don't Cut Me Down (feat. Haiva Ru) 29 Aug

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 1,2 Napolean Gold "La musique est magique" vum Godefroy Gordet, Bold Magazine Nr, 46, Säit 28-29, Mee-Juni 2017
  2. thissideup.be: Napoleon Gold (net datéiert)
  3. Profill op mixcloud.com
  4. Presentatioun op democrazy.be (gekuckt den 13. Juni 2023)
  5. paperjam.lu: «Consacrer le plus de temps possible à composer» vum France Clarinval (20. Juni 2017)
  6. Reeperbahn Festival – Napoleon Gold im Interview (5. September 2016)
  7. lequotidien.lu: Napoleon Gold, un travail de plus en plus reconnu vum Mylène Carrière (7. Juni 2018)
  8. chronicle.lu: Napoleon Gold and Tuys Playing The Great Escape (8. Mee 2017)
  9. Rapport d'activité 2017 vun der Alliance française, Säit 30
  10. Lëtzebuerger Generalkonsultat zu Shanghai: Luxembourg Electro Duo Napoleon Gold China + Korea Tour 2017 (15. Mäerz 2017)
  11. 100komma7.lu: Napoleon Gold spillt um Eurosonic vum Marc Clement 18. September (2018)
  12. today.rtl.lu: Luxembourgish artist Antoine Honorez, also known as Napoleon Gold (3. Dezember 2019)
  13. 100komma7.lu: Den neien Album vum Napoleon Gold vum Marc Clement (15. Oktober 2019)