Luxembourg Music Awards

Vu Wikipedia

D'Luxembourg Music Awards, kuerz LMA, waren en eemolegt Evenement am Joer 2018, an deem Präisser u Museker a Museksgruppen zu Lëtzebuerg verdeelt goufen.

Hannergrond an Organisatioun[änneren | Quelltext änneren]

Schonn zënter 2013 huet d'Rockhal d'Video Clip Awards organiséiert, mat deenen déi bescht Museksvideoen ausgezeechent goufen. Fënnef Joer méi spéit goufen dann d'Luxembourg Music Awards organiséiert, fir déi national Kënschtler a Museksgruppe weider ze ënnerstëtzen.[1]

Et gouf zwou Méiglechkeeten, fir als Kënschtler nominéiert ze ginn. Engersäits hunn d'Acteuren aus der lëtzebuergescher Musekszeen an de Medien Kënschtler kënnen nominéieren, an anersäits konnten d'Kënschtler sech selwer online nominéieren. All déi Nominatiounen sinn du virun eng Jury komm, déi eng "Shortlist" erstallt huet, mat dräi final Kandidate pro Kategorie, an déi och de Gewënner ausgewielt huet.[2] An där Jury souzen den Yves Stephany vum Radio 100,7, de Marc Hauser vun de Rotonden, de Luka Heindrichs vum De Gudde Wëllen an dem Food for Your Senses, de Michel Welter vum Den Atelier, de Bob Konsbruck vun RTL an den Olivier Toth vun der Rockhal.

D'Export Artists of the Year Award vu music:LX, déi vun 2012 un all Joer verdeelt goufen, goufen 2018 an d'Zeremonie vun de Luxembourg Music Awards agebaut.[3]

D'LMA goufe vu verschiddene Säite kritiséiert, wéinst der Nominatiounsprozedur, der Ënnerrepresentatioun vu Kënschtler am Beräich Jazz a Klassik, a wéinst der Diskrepanz tëscht de Präissgelder.[4]

D'Präiszeremonie war den 18. Dezember 2018 an der Rockhal zu Esch-Uelzecht.

Et gouf nëmmen eng Editioun vun den LMA. 2022 goufen d'Lëtzebuerger Musekspräisser lancéiert.[5]

Gewënner[änneren | Quelltext änneren]

Kategorie Gewënner Aner Nominatiounen Präisgeld Sponsor
Artist of the Year
(Kënschtler vum Joer)
Edsun Cleveland, Napoleon Gold 7.500 Kulturministère
Best Upcoming Artist
(Beschten Nowuesskënschtler)
Bartleby Delicate C'est Karma, Maz 5.000 € Œuvre nationale de secours grande-duchesse Charlotte
Best Upcoming Musician
(Beschten Nowuessmuseker)
Claire Parsons John Wolter, Pol Belardi 5.000 €
Best Upcoming Video Director
(Beschten Nowuess-Museksvideoregisseur)
Isaiah Wilson Filipe Silva, Tun Tonnar 5.000 €
Upcoming Woman in Music
(Bescht weiblecht Nowuesstalent an der Musek)
Carma Katena alias C'est Karma Claire Parsons, Gezza 5.000 €
Upcoming Artwork Designer
(Nowuesstalent an der Illustratioun/Grafikdesign)
Dirk Kesseler Edson Pires Domingos, Mik Muhlen 5.000 €
Song of the Year
(Lidd vum Joer)
Bubble vu Mad Fox I Only See You vun Napoleon Gold, Talk vun Tuys 1.500 € SACEM Luxembourg a 1535°
Best Music Video
(Beschte Museksvideo)
Lisa vum Edsun Pink Morning vun Jackie Moontan, Talk vun Tuys 5.000 € Lëtzebuerger Filmfong
Music Producer of the Year
(Museksproduzent vum Joer)
Eric Bintz alias Céhashi Cleveland, Tom Gatti 2.500 € Kulturministère
Export Artist of the Year:
Pop/Rock/Electro Rome 2.000 € music:LX an Den Atelier
Jazz Reis-Demuth-Wiltgen 2.000 €
Classique/Contemporain Christoph Sietzen 2.000 €

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. lequotidien.lu: Le Luxembourg décerne désormais ses Music Awards vum Grégory Cimatti (19. Dezember 2018)
  2. wortl.lu: Le Luxembourg lance ses premiers Music Awards vum Noémie Koppe (16. Dezember 2018)
  3. wort.lu: Edsun grand vainqueur des Luxembourg Music Awards vum Noémie Koppe (19. Dezember 2018)
  4. tageblatt.lu: Politischer Druck auf rotem Teppich: Die „Luxembourg Music Awards“ polemisieren (kuerz LMA) vum Jeff Schinker (20. Dezember 2018)
  5. chronicle.lu: Luxembourg Music Awards Nominees Announced (22. November 2022)