Cleveland (Museker)

Vu Wikipedia
Cleveland
Gebuertsnumm Andrea Mancini
Gebuer 1989
Lëtzebuerg
Aktivitéit Disk Jockey, Museksproduzent, Kënschtler

Den Andrea Mancini, gebuer 1989 zu Lëtzebuerg a besser bekannt ënner sengem Kënschtlernumm Cleveland, ass e lëtzebuergesch-italieenesche Museksproduzent, DJ a Kënschtler. Seng Musek fält an de Genre House an elektronesch Musek. Hien wunnt a schafft zu Bréissel.

Karriär[änneren | Quelltext änneren]

Den Andrea Mancini gouf an eng italieenesch Famill zu Lëtzebuerg gebuer.[1] A senger Jugend hat hien éischt Erfarunge mat Musek. 2010 ass hie fir säi Studium an der graphescher Konscht op Bréissel geplënnert, wou hien 2012 de Soloprojet Cleveland ugefaangen huet.[2]

Zwee Joer drop huet hie seng éischt EP Travelguide verëffentlecht. No der Verëffentlechung vun der EP Atlas (2016) huet hien am Januar 2017 Lëtzebuerg beim hollänneschen Eurosonic Festival vertrueden.[3] Am Summer vum selwechte Joer ass de Cleveland op der éischter Editioun vum Festival Siren's Call opgetrueden, an am November huet hien d'EP Crystal Quest op de Maart bruecht.

Bei de Luxembourg Music Awards 2018 war hien an der Kategorië "Kënschtler vum Joer" a "Museksproduzent vum Joer" nominéiert.

Am Juni 2019 koum d'EP nDSi eraus, déi wéi schonn déi zwou virdrun um spuenesche Plackelabel Hivern Discs verëffentlecht gouf. Säin Track Golem gouf vun der däitscher Onlinezäitschrëft Groove zu de beschten 20 Singelen 2021 gezielt.[4]

2021 war den Andrea Mancini alias Cleveland sechs Méint laang Residenzkënschtler am "Casino Display", der Residenz vum Casino Luxembourg am Konschthaus Beim Engel.[5] Hien huet am Hierscht 2021 säin eege Musekslabel Suzi zu Bréissel gegrënnt[6] Am selwechte Joer gouf och annoncéiert, datt hie fir eng Kënschtlerresidenz an der Paräisser Cité des arts gewielt gouf.[7]

Cleveland trëtt a ganz Europa an doriwwer eraus op, dorënner zu Amsterdam ("De School"), Barcelona ("Primavera Sound"), Berlin ("Berghain/Panorama Bar), Bréissel (bei "Gay Haze"), Leipzig ("Institut für Zukunft"), Offenbach ("Robert Johnson"), Tel Aviv ("Breakfast Club") an Tiflis ("Tbilisi Open Air").[8],[9] Hien hat seng eege Radioshow um Amsterdamer Red Light Radio.[8]

2024 vertrëtt hien zesumme mat Every Island an dem gemeinsame Projet "A comparative Dialogue Act" Lëtzebuerg op der Biennale di Venezia fir zäitgenëssesch Konscht.[10]

Diskografie[änneren | Quelltext änneren]

EP[änneren | Quelltext änneren]

  • 2014: Travelguide
  • 2016: Atlas
  • 2017: Crystal Quest
  • 2019: nDSi

Singles[änneren | Quelltext änneren]

  • 2012: Mid Sun
  • 2017: Kyoto / Coimbra
  • 2018: TUSK / AKU
  • 2020: Gamma
  • 2021: Golem
  • 2021: Forest
  • 2023: Lola Ran

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Biographie op Resident Advisor (gekuckt den 18. August 2023)
  2. paperjam.lu: «Luxembourg manque d’une culture de club» vum France Clarinval (21. Juni 2017)
  3. 100komma7.lu: Cleveland: Destinatioun europäesch Festivalen, Interview mam Yves Stephany (9. Januar 2017)
  4. REWIND 2021: Die 20 besten Singles des Jahres (29. Dezember 2021)
  5. lequotidien.lu: Luxembourg : Casino Display, la nouvelle pépinière d’artistes vum Grégory Cimatti (11. Mäerz 2021)
  6. Suzi op Bandcamp
  7. paperjam.lu: Andrea Mancini (Cleveland) à la Cité des arts à Paris vum Céline Coubray (17. August 2021)
  8. 8,0 8,1 https://www.itsdelayed.com/delayed-blog/atom-cleveland ARTIST OF THE MOMENT: Cleveland] vum Theresa Baeumel (22. Mee 2020)
  9. Virstellung op rotondes.lu (gekuckt den 21. August 2023)
  10. paperjam.lu: Andrea Mancini et Every Island iront à Venise vum Céline Coubray (8. Mee 2023)