Konschthaus Beim Engel

Vu Wikipedia
Konschthaus Beim Engel
D'Entrée an der rue de la Loge.

D'Konschthaus beim Engel ass en historescht Gebai op Nummer 1 vun der Rue de la Loge an der Stad Lëtzebuerg.

Haut ass do um Rez-de-chaussée eng Konschtgalerie an um éischte Stack e Konferenzsall fir kulturell Associatiounen. Och eng Rëtsch Veräiner hunn hir Büroen am Haus, mat Entrée op der säitlecher Fassad an der rue de la Loge: Comité Alstad, Estuaires. Revue culturelle, Initiativ Freed um Liesen, Lëtzebuerger Artisten Center, Lëtzebuerger Gesellschaft fir Nei Musek an de Lëtzebuerger Schrëftstellerverband.[1] D'Haus gehéiert dem Lëtzebuerger Staat.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

1824 huet d'Gebai dem Wiert Nikolaus Huberty gehéiert. 1848 huet d'Élisabeth Dufaing, d'Grënnerin vun de Baarmhäerzege Franziskanerschwëstere vu Lëtzebuerg (déi haut hiert Klouschter um Belair hunn) dra gewunnt. Spéider hat d'Miwwelgeschäft Hoffmann-Moulin hiert Lokal am Haus.[2].

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Cf. d'Plack nieft der säitlecher Entrée an der rue de la Loge.
  2. Websäit vum Comité Alstad, Stand Februar 2012