Comité Alstad

Vu Wikipedia
Ale Sëtz vum Comité Alstad am Konschthaus beim Engel an der rue de la Loge an der Stad Lëtzebuerg.

De Comité Alstad a.s.b.l. ass eng lëtzebuergesch Associatioun déi sech an der Stad Lëtzebuerg fir d'Organisatioun vu kulturellen Aktivitéiten an der Uewerstad, ronderëm de Fëschmaart asetzt.

Haaptaktivitéit vum Veräin ass all Joer, op Ouschterméindeg, d'Organisatioun vun der Eemaischen um Fëschmaart. Aner Aktivitéite sinn d'Organisatioun vu Concerten, besonnesch an der Méchelskierch, Ausstellungen, a Publikatiounen iwwer d'Geschicht vun der Stad. De Veräin ass am Besëtz vun engem Fotosarchiv vun iwwer 6000 Biller.[1]

De Comité Alstad, dee säi Sëtz am Konschthaus Beim Engel an der rue de la Loge um Fëschmaart hat, gouf 1937 ënner dem Numm Comité pour l'organisation de l'Éimaischen gegrënnt.

Historique[änneren | Quelltext änneren]

Nom Éischte Weltkrich huet d'Eemaischen, déi fir d'éischt aus dem Joer 1827 dokumentéiert ass, am Laf vun de Joren ëmmer manner Zoulaf fonnt.

Fir deem entgéint ze wierken, hunn am Joer 1937 de Lambert Schaus, deemools Member vum Gemengerot vun der Stad Lëtzebuerg, an de Georges Schmitt, Conservateur am Staatsmusée de Comité pour l'organisation de l'Éimaischen gegrënnt. Wéi den Numm et seet, huet de Comité sech d'Aufgab ginn, d'Eemaischen erëm attraktiv fir e breede Public ze maachen.

Éischte President war de Lambert Schaus. Membere vum éischte Comité waren nach de Jean-Pierre (Jemmy) Koltz, Historiker, de Pierre Feidert, Industriebesëtzer, de Jos Parmentier, Staatsbeamten, an de Gust Hoffmann, Wiert am Lokal Ënnert de Stäiler um Fëschmaart.

Wéini genee de Veräi säin Numm a Comité Alstad geännert huet, ass net bekannt, dat well keng Archive méi doriwwer bestinn.[1]

Den 12. September 1984 goufen d'Statute vum Comité Alstad a.s.b.l. am Mémorial publizéiert.

Wichteg Datumer[änneren | Quelltext änneren]

08.03.1937: Offiziell Virstellung am Stater Gemengenhaus vum nei gegrënnte Veräin "Organisatiounscomité fir d'Éimaischen" aus deem spéider de Comité Alstad gëtt.

29.03.1937: Déi éischt Eemaischen um Fëschmaart mat dem "Organisatiounscomité fir d'Éimaischen".

18.04.1938: Den "Organisatiounscomité fir d'Éimaischen" verkeeft fir d'éischt Kéier en Objet fir e gudden Zweck.

1941 – 1944: Keng Eemaischen um Fëschmaart. Den "Organisatiounscomité fir d'Éimaischen" huet missen eng Zwangspaus aleeën.

02.04.1945: Den "Organisatiounscomité fir d'Éimaischen" verkeeft op der Eemaischen (och wa se dat Joer nach um Knuedler war) eng Farde "Déi éischt Éimaischen am freie Lëtzebuerg" mat Zeechnunge vum Joseph Probst.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 Luxemburger Wort vum 4. Februar 2012, S. 2-3