Ënnert de Stäiler

Vu Wikipedia
Ënnert de Stäiler
Ënnert de Stäiler (2012)
Land Lëtzebuerg
Plaz Fëschmaart
Adress 2, rue de la Loge
Koordinaten 49° 36’ 40.3’’ N
      06° 08’ 02.5’’ O
D'Anna-selbdritt-Statu.

Ënnert de Stäiler ass den Numm vun engem Gebai um Fëschmaart an der Stad Lëtzebuerg, um Eck vun der Waassergaass mat der Rue de la Loge.

Zesumme mam Haus Höcklin von Steinach gëtt et zu den eelsten erhalenen Haiser an der Stad Lëtzebuerg gezielt. D'architektonesch Forme loossen op e Bau ëm 1350 schléissen.[1]

1443, wéi d'Burgunder d'Stad eruewert hunn, huet do de Schäffe Jean Chalop gewunnt, deen doutgemaach gouf, well e sech géint d'Eruewerer gewiert huet.[2]

Nom grousse Feier vu 1509 gouf et an de Joren duerno nees opgebaut, wouvun déi spéitgotesch Fënstern an d'Verzierungen an der Corniche an iwwer de Fënsteren zeien.[1]

De Virbau mat de véier Stäiler, déi dem Haus den Numm ginn hunn, ass vu 1691, a gouf warscheinlech amplaz vun engem Virgänger gebaut, dee beim Bombardement vun der Stad duerch d'Truppe vum Louis XIV. vu Frankräich zerstéiert gi war. D'Balustrad uewendriwwer ass aus méi rezenter Zäit.[1]

Bis spéit an d'19. Joerhonnert stoung virum Haus de Stillchen, wou Verurteelt festgehalen an dem Gespëtt vun de Leit ausgesat goufen. Och Zwangssteeë goufen do ofgehalen.[2]

An der Fassad ass eng Statu vun der Anna selbdritt aus dem 16. Joerhonnert vun engem gewësse Meeschter Gaspard.[1]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 1,2 1,3 Jemp Kunnert: "Art et tradition au Marché-aux-poissons." ons stad Nr.76/2004, S.16.
  2. 2,0 2,1 Isabelle Yegles-Becker: "La naissance d'une ville. Regards sur son patrimoine monumental et médiéval." ons stad Nr. 76/2004, S.20-26.