Jean Chalop

Vu Wikipedia
Jean Chalop
Gestuerwen 22. November 1443

De Jean Chalop, oder Schalop(p), gestuerwen den 22. November 1443, war ee vun de siwe Schäffe vun der Stad Lëtzebuerg.

De Jean Chalop, war vu 1423 u Schäffe vun der Stad Lëtzebuerg. Wéi d'Stad den 22. November 1443 vun de Burgunder ageholl gouf, huet hie sech hinne, mat engem Poul arméiert, um Neimaart (oder Almaart) entgéintstellt. Hie gouf dobäi doutgeschloen.

Déi eenzeg Beschreiwung vun der daperer Dot an dem Doud, "un espieu à la main" vum "prévôt de la ville" ass déi vum Olivier de la Marche. Dobäi nennt de burgundeschen Offizéier keen Numm.

An dem de la Marche senger Beschreiwung ass awer Munneches a Fro ze stellen. D'Stad Lëtzebuerg hat an hirer laanger Geschicht ni eng Plaz vun engem "prévôt".

No him benannt[änneren | Quelltext änneren]

Als Undenken un de Chalop ass eng Strooss zu Bouneweg no him benannt; se verbënnt d'rue de l'Égalité mat der rue Pierre Krier.

Dem Norbert Weber säi Stéck[änneren | Quelltext änneren]

Fir d'Dausendjoer-Feier vun der Stad Lëtzebuerg hat den Norbert Weber vun der Gemengeverwaltung en Optrag kritt fir en historescht Stéck ze schreiwen. Hien huet d'Figur Jean Chalop benotzt an den 20. Juni 1963 huet de Lëtzebuerger Theater ënner der Regie vum Eugène Heinen d'Stéck fir d'éischt Kéier op der Bün vum Stater Theater opgefouert.

D'Musek hat den Edmond Cigrang geschriwwen. Den Orchester gouf vum Fernand Eiffes dirigéiert an de Josy Greisen hat d'Dekore gemaach. Op der Bün stoung alles, wat déi Zäit en Numm hat.

D'Rollen: