Edmond Cigrang

Vu Wikipedia
Edmond Cigrang
Gebuer 7. Juli 1922
Dikrech
Gestuerwen 29. September 1989
Aix-en-Provence
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Komponist

Den Edmond Cigrang, gebuer de 7. Juli 1922 zu Dikrech a gestuerwen den 29. September 1989 zu Aix-en-Provence[1], war e lëtzebuergesche Komponist a Musekspedagog.

Hien ass an d'Normalschoul fir Léierpersonal gaangen a wärend dem Zweete Weltkrich ugefaangen, als Schoulmeeschter ze schaffen. Nom Krich huet hien zu Zürich, Köln a Paräis Musek studéiert.

Op hie geet eng Reform vum Museksunterecht an de Primärschoulen zeréck. Hien huet vun 1953 um Institut pédagogique (ISERP) Musekspedagogen enseignéiert, a war Professer um Conservatoire vun der Stad Lëtzebuerg fir Musekanalys a -geschicht.[2]

Den Edmond Cigrand huet virun allem Kammermusek komponéiert. Vun him sinn och eng Rëtsch Lied-Kompositiounen, dorënner Sieben japanischen Lieder oder där op Gedichter vum Paul Henkes, Anise Koltz a Christian Morgenstern.[2]

An den 1960er Joren huet hien och Musek fir méi grouss Orchester komponéiert, an och fir en Dokumentarfilm iwwer de Joseph Kutter.[2]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Luxemburger Lexikon, Lëtzebuerg: Éditions Guy Binsfeld, 2006
  2. 2,0 2,1 2,2 Ons Stad Nr 32 (1989), S.5. Gearchiveerd op 2016-03-04. Gekuckt de(n) 2010-01-08.