Josy Greisen

Vu Wikipedia
Josy Greisen
Gebuer 10. Mee 1916
Gilsdref
Gestuerwen 13. August 2001
Lëtzebuerg
Aktivitéit Karikaturist

De Josy Greisen, gebuer den 10. Mee 1916 zu Gilsdref, a gestuerwen den 13. August 2001 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergeschen Zeechner, Karikaturist, a Bünemoler.

  • 1932 Nom Passageexamen am Dikrecher Kolléisch goung hien an d'Handwierkerschoul, Dekoratioun an Zeechne studéieren. Hien hat do am Portraitzeechnen de Pierre Blanc als Professer.
  • 1935 war hien zu Bréissel op enger Schoul fir sech an der Dekoratioun ze perfektionéieren.
  • 1937 huet hien zu Lëtzebuerg seng Geselleprüfung als Dekorateur an Usträicher bei engem Dekoratiounsmoler gemaach.
  • 1939 huet hien d'Meeschterprüfung als Dekoratiounsmoler, Usträicher a Glaser bestanen.

Well hie vum Theater ugezu war, huet hien 1942 als Assistent am Alen Theater geschafft, bis hie vun der däitscher Besatzung op Tréier zwangsversat gouf. Nom Krich goung hien op Paräis a verschidden Theatere fir d'Technik vun der Theaterdekoratioun fir Operen, Operetten an och klasseschem Theater ze léieren. 1948 koum hien op Lëtzebuerg zeréck an huet bis 1981 als Dekorateur am Alen Theater geschafft. Wärend dëser Zäit huet hien och Portraiten a Karikature fir d'Wort gemoolt.

Gielercher[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. (fr)Des personnalités de la vie culturelle et artistique à l’honneur Remise de décorations à la Bibliothèque nationale. viewer.eluxemburgensia.lu. Luxemburger Wort (25. Juni 1976). Gekuckt de(n) 2024-01-18.