Op den Inhalt sprangen

Initiativ Freed um Liesen

Vu Wikipedia
Initiativ Freed um Liesen
Rechtsform Association sans but lucratif
Grënnungsdatum 30. September 1996
Sëtz Lëtzebuerg
  5, Avenue Marie-Thérèse
RCS F3217

Initiative Plaisir de lire - Initiativ Freed um Liesen, ass eng lëtzebuergesch ASBL, déi den 30. September 1996 gegrënnt gouf an hire Sëtz an der Stad Lëtzebuerg huet.

Zu de Grënnungsmembere gehéieren: Frank Feitler, Germaine Goetzinger, Jean-Pierre Kraemer, Guy Linster, Théo Péporté, Claudia Schneider-Schoo, Marie-Jeanne Wagner, Jean Leyder, Lise Linster, Jeannot Waringo, Marianne Waringo-Raus.

Ziler vum Veräin

[änneren | Quelltext änneren]

D'Haaptziler vum Veräin sinn:

  • d'Fërdere vum Liesen;
  • d'Erliichtere vum Zougank zum Liesen op all Support;
  • d'Berodung vun Elteren a Léierpersonal an där Matière, och am Ëmgank mat den neie Medien.

Aktivitéiten

[änneren | Quelltext änneren]
  • E Buch am Zuch: zanter 1999 ass der Unesco hire Weltdag vum Buch a vun den Autorerechter[1] Ulass fir d'Publikatioun vun engem Liesbuch mam Titel "E Buch am Zuch - En train de lire - Lesen in einem Zug" a Zesummenaarbecht mat dem CNL an dem CFL. D'Buch presentéiert eng Sammlung vun Extraite vu lëtzebuergeschen a vun auslänneschen Auteuren déi zu Lëtzebuerg wunnen iwwer en Theema dat all Joer nei definéiert gëtt. All Joer ginn iwwer 6000 Exemplairen un d'Benotzer vum Zuch am Kader vun engem Buch- a Liesfest an der Hal vun der Stater Gare ausgedeelt.
  • Krappschass & Co: op dëser Kannersendung vum Radio 100,7 stellt zanter 2002 d'Initiativ Freed um Liesen all véierzéng Deeg e Kannerbuch a däitscher oder franséischer Sprooch vir.
  • Buch vum Mount: zanter 2002 gëtt en aktuellt Kanner- oder Jugendbuch virgestallt.
  • Top 5 D'Kannerjury: de Veräin organiséiert zanter 2000 dëst Liesspill fir d'4. Schoulklassen.

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. Journée mondiale du livre et du droit d'auteur - 23 avril. En célébrant cette journée dans le monde entier, l'Unesco s'efforce de promouvoir la lecture, l'industrie éditoriale et la protection de la propriété intellectuelle à travers le droit d'auteur.
    Le 23 avril 1616, disparaissaient Miguel de Cervantes, Shakespeare et Garcilaso de la Vega dit l'Inca. Ce 23 avril marque aussi la naissance, ou la mort d'éminents écrivains comme Maurice Druon, Halldór Kiljan Laxness, Vladimir Nabokov, Josep Pla ou Manuel Mejía Vallejo. C'est pourquoi, cette date ô combien symbolique pour la littérature universelle, a été choisie par la Conférence générale de l'Unesco afin de rendre un hommage mondial au livre et à ses auteurs, et encourager chacun, en particulier les plus jeunes, à découvrir le plaisir de la lecture et à respecter l'irremplaçable contribution des créateurs au progrès social et culturel.
    Cf. d'Websäit vun der Journée mondiale um Site vun der Unesco