Halldór Kiljan Laxness

Vu Wikipedia
Halldór Kiljan Laxness
Gebuer 23. Abrëll 1902
Reykjavík
Gestuerwen 8. Februar 1998
Mosfellsbær
Doudesursaach Alzheimer
Nationalitéit Island
Aktivitéit Linguist, Romancier, Iwwersetzer, Dramatiker, Dichter, Philosoph, Schrëftsteller
Famill
Bestuet mat Auður Laxness
Kanner Guðný Halldórsdóttir

Den Halldór Kiljan Laxness (am Fong Halldór Guðjónsson); gebuer den 23. Abrëll 1902 zu Reykjavík a gestuerwen den 8. Februar 1998 zu Gljúfrasteinn bei Mosfellsbær, deem fréiere "Mosfellssveit", war en islännesche Schrëftsteller a Literaturnobelpräisdréier.

Säi Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Dem Laxness seng Eltere waren de Guðjón Helgi Helgason an d'Sigríður Halldórsdóttir. No sengem Studium ass hien um europäesche Kontinent ronderëmgereest. Do huet hien de Katholizismus kennegeléiert an ass de 6. Januar 1923 an der Benediktinerabtei St. Maurice vu Klierf konvertéiert. Dobäi huet e sech nom iresche Märtyrer an Hellege Kilian genannt.

1930 huet hien d'Ingibjörg Einarsdóttir bestuet, an no senger Scheedung 1945 d'Auður Sveinsdóttir.

An engem vu sengen éischte Romaner mam iwwersaten däitschen Titel Der große Weber von Kaschmir (1927), ass de kathouleschen Afloss, mä och dee vun Expressionismus a Surrealismus erëmzefannen.

Aner bekannt Wierker vum Laxness si Salka Valka (1931/32), Sjálfstætt fólk ("Selbststänneg Leit“, däitschen Titel: Sein eigener Herr; 1934–36), Ljós heimsins (däitschen Titel: Weltlicht, 1937–40) an Íslandsklukkan (dt.: Die Islandglocke, 1943–46).

1955 huet en den Nobelpräis fir Literatur kritt fir Atomstation (1948). Doran huet e sech energesch géint d'Stationéierung vun US-amerikanesche Rakéiten op Island geriicht. Domat ass Island dat Land mat deene meeschten Nobelpräisdréier op de Kapp vun der Bevëlkerung ginn.

De Laxness huet ausser Romaner och Theaterstécker an Essaye geschriwwen.

Wierker (däitsch Iwwersetzung a Klameren)[änneren | Quelltext änneren]

  • 1919 Barn náttúrurnar:ástarsaga (Roman, 'Das Naturkind'), ënner dem Numm "Halldór frá Laxnesi"
  • 1923 Nokkrar sögur (Erzielungen)
  • 1924 Undir Helgahnúk (Roman, 'Am heiligen Berg')
  • 1925 Kaþólsk viðhorf (Essayen)
  • 1927 Vefarinn mikli frá Kasmír (Roman, dt. 1988: Der große Weber von Kaschmir)
  • 1929 Alþýðubókin, D'Volleksbuch mat 15 Aufsätz iwwer Konscht, Film, Hygiène, d'Literaturtraditioun an Island an am Schlussessai iwwer de Glawen.
  • 1930 Kvæðakver (Gedichter)
  • 1931 Þú vínviður hreini + 1932 Fuglinn í fjörunni (Roman, dt. 1951, 1957: Salka Valka)
  • 1933 Í austurvegi (Reportage) / Fótataka manna (Erzielungen)
  • 1934 Straumrof (Schauspill)
  • 1934 Sjálfstætt fólk I + 1935 Sjálfstætt fólk II (Roman, dt. 1936: Der Freisasse; 1962: Unabhängige Menschen; 1968: Sein eigener Herr)
  • 1937 Dagleið á fjöllum (Essayen)
  • 1938 Gerska æfintýrið (Reportage)
  • 1937 Ljós heimsins + 1938 Höll sumarlandsins + 1939 Hús skáldsins + 1940 Fegurð himinsins (Roman, dt. 1955: Weltlicht)
  • 1942 Sjö töframenn (Erzielungen) (dt. Sieben Zauberer) / Vettvángur dagsins (Essayen)
  • 1943 Íslandsklukkan + 1944 Hið ljósa man + 1946 Eldur í Kaupinhafn (Roman, dt. 1951: Islandglocke)
  • 1946 Sjálfsagðir hlutir (Essayen)
  • 1948 Atómstöðin (Roman, dt. 1955, 1989: Atomstation)
  • 1950 Snæfríður Islandssól (Schauspill) / Reisubókarkorn (Essayen)
  • 1952 Gerpla (Roman, dt. 1977: Gerpla; 1991: Die glücklichen Krieger) / Heiman eg fór ('Von daheim ging ich fort')
  • 1954 Þættir (Erzielungen) / Silfurtúnglið (Schauspill)
  • 1955 Dagur í senn (Essayen)
  • 1957 Brekkukotsannáll (Roman, dt. 1961: Das Fischkonzert)
  • 1959 Gjörningabók (Essayen)
  • 1960 Paradísarheimt (Roman, dt. 1971: Das wiedergefundene Paradies)
  • 1962 Strompleikurinn (Schauspill) / Prjónastofan Sólin (Schauspiel)
  • 1963 Skáldatími (Essayen) (dt. Zeit zu schreiben)
  • 1964 Sjöstafakverið (Erzielungen)
  • 1965 Upphaf mannúðarstefnu (Essayen)
  • 1966 Dúfnaveislan (Schauspill)
  • 1967 Íslendingaspjáll (Essayeen)
  • 1968 Kristnihald undir Jökli (Roman, dt. 1974: Seelsorge am Gletscher; 1989: Am Gletscher)
  • 1969 Vínlandspúnktar (Essayen)
  • 1970 Úa (Schauspiel) / Innansveitarkronika (Roman, dt. 1976 Kirchspielchronik)
  • 1972 Yfirskygðir staðir (Essays) / Norðanstúlkan (Schauspiel) / Skeggræður gegnum tíðina (Essays) / Guðsgjafaþulan (Roman, dt. 1979 Die Litanei von den Gottesgaben) / Af skáldum (Essayen)
  • 1974 Þjóðhátíðarrolla (Essayen)
  • 1975 Í túninu heima (Roman, dt. 1978 Auf der Hauswiese)
  • 1976 Úngur eg var ('Jung war ich')
  • 1978 Sjömeistarasagan ('Die Siebenmeistergeschichte')
  • 1980 Grikklandsárið ('Das Griechenlandjahr')
  • 1981 Við heygarðshornið (Essayen)
  • 1982 Bráðum kemur betri tíð... (Gedicht-Auswiel)
  • 1984 Og árin líða (Essayen)
  • 1986 Af mennigarástandi (Essayen)
  • 1987 Dagar hjá múnkum (Tagebuch) "Deeg bei de Pateren", iwwer säin Openthalt zu Klierf an der Abtei

Sekundärliteratur[änneren | Quelltext änneren]

  • Friese, Wilhelm: Halldór Laxness. Die Romane. Eine Einführung. Basel, Frankfurt am Main: Helbing und Lichtenhahn, 1995. In: Beiträge zur nordischen Philologie, Bd. 24.
  • Friese, Wilhelm: Knut Hamsun und Halldór Kiljan Laxness: Anmerkungen zu Werken und Wirkung. Tübingen, Basel: A. Franke, 2002. ISBN 3-7720-2780-6
  • Guðrún Hrefna Guðmundsdóttir: Halldór Laxness in Deutschland. Rezeptionsgeschichtliche Untersuchungen. Frankfurt am Main, Bern, New York, Paris: Lang, 1989.
  • Halldór Guðmundsson: Halldór Laxness. Leben und Werk. Göttingen: Steidl, 2002. ISBN 3-88243-805-3
  • Halldór Laxness; Sønderholm, Erik: De islandske Sagaer og andre Essays. København: Gyldendal, 1963.
  • Keel, Aldo: Innovation und Restauration. Der Romancier Halldór Laxness seit dem Zweiten Weltkrieg. Basel, Frankfurt am Main: Helbing und Lichtenhahn, 1981. In: Beiträge zur nordischen Philologie, Bd. 10.
  • Kötz, Günter: Das Problem Dichter und Gesellschaft im Werke von Halldór Kiljan Laxness. Ein Beitrag zur modernen isländischen Literatur. Gießen: Wilhelm Schmitz, 1966.
  • Sønderholm, Erik: Halldór Laxness. En monografi. København: Gyldendal, 1981.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Lëscht vun de Laureate vum Nobelpräis fir Literatur

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Halldór Laxness – Biller, Videoen oder Audiodateien