Nobelpräis fir Literatur

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Den Nobelpräis fir Literatur ass eng vun de prestigiéisten Auszeechnungen am Beräich vun der Literatur. De Literaturpräis gëtt zesumme mat deenen anere Kategorie vum Präis, mat Ausnam vum Friddenspräis, all Joer zu Stockholm den 10. Dezember iwwerreecht, dem Doudesdag vum Präisstëfter Alfred Nobel (18331896).

sm Optrag vun der 1900 gegrënnter Nobel-Stëftung gëtt en all Joer vun der schweedescher Akademie zu Stockholm verginn an ass zanter 2012 mat aacht Millioune schweedesch Krounen (nom deemolege Wiesselcours ronn 928.000 Euro, am Ament(Dezember 2018) ronn 777.000 Euro) dotéiert.

An de Joren 1914, 1918, 1935, 1940-1943 an 2018 gouf de Präis net verginn. D'Präisser fir d'Joer 1915, 1919, 1925-1927, 1936 an 1949 goufen eréischt am Joer drop verginn. 2018 war dëst wéinst enger Kris an der schweedescher Akademie nees de Fall.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]