Museksvideo

Vu Wikipedia

E Museksvideo oder Videoclip ass e Kuerzfilm mat Musek, dee gebraucht gëtt fir e Wierk vun engem Sänger oder Museker ze promouvéieren.

1981 ass den US-amerikaneschen Televisiounssender MTV un de Start gaangen, deen op Museksvideoe spezialiséiert war. Doduerch ass d'Format an der ganzer westlecher Welt populär ginn, an an de meeschte Länner goufen änlech Senderen an d'Liewe geruff. Och déi lëtzebuergesch Fernseesenderen haten Emissiounen an der Programmatioun, déi de Museksvideo dediéiert waren, esou zum Beispill bei T.TV, oder d'Emissioun "Planet RTL" bei RTL Télé Lëtzebuerg.

Haut gi fir déi meescht kommerziell an/oder Mainstream-Lidder nach Videoclippe gedréint, just dat se haut méi iwwer online Videoportaler gekuckt ginn.

Ufanks war de Museksvideo just e Promotiounsinstrument vun engem Lidd, mee zënter den 1980er Joren gëtt och kënschtleresch a finanziell méi dorann investéiert. Et gi speziell Präisser, mat deenen déi bescht Museksvideoen ausgezeechent ginn, zum Beispill d'MTV Video Music Awards. Zu den ikonesche Videoclippe gehéieren zum Beispill dem Michael Jackson säin Thriller oder Bohemian Rhapsody vu Queen.

D'Regisseure vu Videoclippe kënnen all Zort vu Stiler a Videotechnike gebrauchen, dorënner Animatioun, Realfilm, Documentaire, oder experimentell Approchen. Si gebrauchen och heiansdo eng Mëschung tëscht verschiddene Stiler an Techniken.

E Videoclip dauert meescht geneesou laang wéi d'Lidd a benotz dat Lidd als eenzeg Tounquell. E wichtege Bestanddeel vum Videoclip ass meeschtens d'Inzenéierung vum Kënschtler bei der Performance vum Stéck.