Mainstream

Vu Wikipedia
Zur Navigation springen Zur Suche springen

Mainstream (englesch fir Haaptfloss) ass dat, wat d'grouss Majoritéit vu Leit denkt oder gutt fënnt. Am Géigesaz dozou stinn d'Subkultur an d'Géigekultur a Saachen, déi als independant ("onofhängeg") oder underground bezeechent ginn. De Begrëff Mainstream gëtt haaptsächlech, mä net exklusiv, fir d'Popkultur benotzt.

Mainstream-Filmer si kommerziell Filmer, déi vu grousse Studioen oder Produktiounsentreprisë produzéiert a vun internationale Mediekonglomerater besëtzt ginn. Wéinst relativ héije Bugdetë kënnen déi Filmer méi deier Schauspiller bezuelen, méi wäitleefeg erausbruecht an a populäre Butteker verkaaft ginn.

Als Mainstream-Musek bezeechent ee Musek, déi deene meeschte Leit bekannt ass an als "harmlos" empfond gëtt; dozou gehéieren ënner anerem Pop, Pop-Rap a Pop-Rock. Musek, déi sech géint Mainstream-Musek riicht, gëtt et a bal all de Museksgenren (Punk Rock, Heavy Metal, Anti-Folk, alternativen Hip Hop...)

An de Medië gi Printmedien (Zeitungen, Zäitschrëften), déi déi héchst Lieserunzuel opweisen, a Radio- an Televisiounsprogrammer mam meeschte Publikum als Mainstream- oder Massemedien bezeechent.