MTV Video Music Awards

Vu Wikipedia
Logo vun den MTV Video Music Awards 2021

D'MTV Video Music Awards, dacks als VMAs gekierzt, sinn eng Museksauszeechnung, mat där den Televisiounssender MTV de beschte Museksvideo an déi bescht Kënschtler vum Joer éiert.

D'VMAs gëtt et zënter 1984. All Joer am August oder September gëtt eng Präiszeremonie an den USA organiséiert.

D'Präisstatu stellt en Astronaut um Mound duer a gëtt "moonman" oder "moon person" genannt.[1][2]

Zënter 2006 ginn d'Gewënner an alle Kategorie vum Public iwwer dem MTV seng Websäit bestëmmt. Do virdru gouf dat vun enger Jury gemaach.

Fir den europäesche Kontinent gëtt et donieft d'MTV Europe Music Awards.

Gewënner an der Kategorie "Video vum Joer"[änneren | Quelltext änneren]

Linken[änneren | Quelltext änneren]

Commons: MTV Video Music Awards – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. latimes.com: Goodbye, MTV Moonman trophy. Hello, 'Moon Person' (31. Juli 2017)
  2. rollingstone.com: MTV Reveals New Moon Person Statue to Mark 40th Anniversary (1. August 2021)