Raumfuerer

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Astronaut)
NASA-Astronaut Bruce McCandless II bei engem Baussebordasaz den 11. Februar 1984

E Raumfuerer (och Weltraumfuerer) ass e Member vun enger bemannter Expeditioun an de Weltraum. Den éischte Raumfuerer war am Joer 1961 de Juri Gagarin. Jee no hirer Ofstamung bezeechent een Raumfuerer och als Astronauten (USA, Westeuropa), Kosmonauten (Sowjetunioun/Russland, Osteuropa) oder Taikonauten (Volleksrepublik China). Méi rar Nimm sinn Spationauten (a Frankräich), Angkasawan (an Malaysia) an Vyomanaut oder Wiomanaut (an Indien).

Bezeechnungen[änneren | Quelltext änneren]

D'Sowjetunioun an d'Vereenegt Staaten, als éischt Länner mat engem bemannte Raumfaartprogramm, hu mat mat „Kosmonaut“ (космонавт) resp. „Astronaut“ (astronaut) zwou ënnerschiddlech Bezeechnunge fir Raumfuerer etabléiert. Doraus huet sech d'Traditioun entwéckelt, de Beruff vun engem Raumfuerer no der Blockzougehéieregkeet vum Raumfaartprogramm ze benennen. Sou gëtt och den éischten däitsche Raumfuerer Sigmund Jähn aus der Däitscher Demokratescher Republik an den éischten éisträichesche Raumfuerer Franz Viehböck, déi mat sowjetesche Raumkapselen an den All geflu waren, als Kosmonaute bezeechent[1]. Dogéint nennt een d'Raumfuerer Ulf Merbold, Reinhard Furrer an Ernst Messerschmid aus der Bundesrepublik Däitschland, déi mat engem Space-Shuttle an de Weltraum geflu waren, Astronauten. Och nom Ëmschwonk sinn däitsch Raumfuerer beim elo russesche Raumfaartprogramm als Wëssenschaftskosmonaute matgeflunn. Den Astronaut Ulf Merbold gouf domat nach virum US-amerikaneschen Astronaut Norman Thagard och zum Kosmonaut.

Och haut gëtt weiderhin d'Bezeechnung Kosmonaut fir russesch Raumfuerer an Astronaut fir Raumfuerer vun der NASA gebraucht[2]. D'ESA huet den Numm Astronaut als Beruffsbezeechnung iwwerholl, wärend aner Länner mat eegenem Raumfaartprogramm och weider Bezeechnungen entwéckelt hunn.

Kosmonaut[änneren | Quelltext änneren]

Kosmonauteraumkostüm fir e sowjetesche Moundlande-Projet, deen ni verwierklecht gouf.

De Begrëff Kosmonaut (vu κόσμος kosmos = Weltraum + ναύτης nautēs = Séifuerer/Matrous, resp. vum russ.: Космонавт bezeechent e sowjetesche Raumfuerer. Och am haitege Russland, de GUS-Staaten, an Deeler vu Mëttel- an Osteuropa souwéi an den neie Bundeslänner vun der Bundesrepublik Däitschland gëtt weiderhi vu Kosmonaute geschwat. De Begrëff gouf wärend der Course an de Weltraum an den 1950er Jore geformt, a mam Juri Gagarin als éischte Mënsch am Weltraum weltwäit bekannt. D'Bild vum Kosmonaut hat an der Sowjetunioun eng Bedeitung gespillt, déi iwwer den techneschen oder politesche Wäertzouwues wéi am Westen erausgoung.

Astronaut[änneren | Quelltext änneren]

De Begrëff Astronaut (vun ἄστρον astron = Stär + ναύτης nautēs = Séifuerer/Matrous) leent sech un d'Wuert Aeronaut (Loftschëff) un. D'NASA hat sech den 1. Dezember 1958 entscheet fir hir Raumfuerer Astronauten ze nennen, an der Meenung, en neit Wuert geformt ze hunn, dobäi gouf dëse Begrëff schonn 1927 vum franséische Science-Fiction-Auteur J.-H. Rosny Aîné a sengem Buch Les Astronautes gebraucht.

Spationaute[änneren | Quelltext änneren]

De Begrëff Spationaute (vun spatiumRaum/Weltraum‘ + ναύτης nautēs ‚Séifuerer‘) ass e franséischt Konschtwuert fir Raumfuerer.

Taikonaut[änneren | Quelltext änneren]

De Begrëff Taikonaut ass aus zwéi Wierder zesummegesat: „Taikong“ bedeit „Weltraum“ oder „Kosmos“. Déi virdru gestallt Silb „taiko-“ ass änlech wéi „astro“ wouduerch déi dräi Wierder „Astronaut“, „Kosmonaut“ an „Taikonaut“ perfekt symmetresch sinn, souwuel an der Bedeitung wéi och an der Form. Duerch d'Ewechloosse vum Buschtaf „g“ vun „Taikong“ gëtt de Begrëff méi kuerz a méi einfach auszeschwätzen.

„Taikonaut“ ass d'Bezeechnung fir e Raumfuerer dee fir e chineesesche Raumfaartprogramm an de Weltraum flitt. China ass als drëtt Land an der Lag, Mënsche mat engem selbststänneg entwéckelte Rakéitesystem op eng Äerdëmlafbunn ze schécken.

D'Bezeechnung „Taikonaut“ gouf fir d'éischt am Mee 1998 vum Chiew Lee Yih aus Malaysia an enger Newsgroup gebraucht. Bal zur selwechter Zäit gouf et vum Chen Lan vu Shanghai gebraucht a koum iwwer seng Internetsäit „Go Taikonauts!“ eraus. „Go Taikonauts!“ war zu der deemoleger Zäit déi eenzeg zouverléisslech engleschsproocheg Informatiounsquell iwwer déi chineesesch Raumfaartustrengungen. De Chiew Lee Yih an de Chen Lan hunn de Begrëff parallel entwéckelt, wat dorop hiweist datt et warscheinlech dat Wuert ass, wat fir e chineesesche Raumfuerer am beschte passt. Duerch d'Internetsäit „Go Taikonauts!“ gouf de Begrëff vun de westleche Medien opgegraff a weider verbreet.

Op Chineesesch gëtt d'Wuert Yǔhángyuán fir Weltraumfuerer gebraucht[3]. D'chineesesch Regierung hat de 15. Oktober 2003 mat dem Raumschëff Shenzhou 5 an dem Raumfuerer Yang Liwei den éischte bemannte chineesesche Weltraumfluch gestart.

Vyomanaut[änneren | Quelltext änneren]

Vyomanaut gouf Ufanks 2010 fir zukënfteg indesch Raumfuerer gewielt. D'Bezeechnung ass ofgeleet aus dem Sanskrit (vun vyomagami = „eppes, wat sech um Himmel beweegt“) a griich. ναύτης nautēs = Séifuerer. Den éischten indesche Raumfluch ass fir 2015 geplangt[4].

Angkasawan[änneren | Quelltext änneren]

Der Begrëff Angkasawan fir Raumfuerer a gläichzäiteg de malaysesche Raumfaartprogramm leet sech vum malayseche Wuert angkasa (Weltraum) of. Déi béid malaysesch Raumfuerer Faiz Khaleed a Sheikh Muszaphar Shukor si bis elo déi zwéin eenzeg Raumfuerer mat där Bezeechnung. Si ware bei enger russescher Raumfaartmissioun dobäi. Fir se z'ënnerscheede krute si de Bäinumm Angkasawan.

Afronaut[änneren | Quelltext änneren]

De Mark Shuttleworth gëtt als Afronaut bezeechent.

Ausbildungsplazen[änneren | Quelltext änneren]

A Russland ginn d'Kosmonauten am Juri-Gagarin Kosmonautentrainingszentrum ausgebilt. Den Astronauten-Korps vun der NASA ass am Lyndon B. Johnson Space Center zu Houston stationéiert. Déi europäesch Astronaute ginn ënner anerem zu Köln am europäeschen Astronautenzentrum, enger fréierer DLR-Anlag, ausgebilt.

Berüümt Raumfuerer[änneren | Quelltext änneren]

De Neil Armstrong, éischte Mënsch um Äerdmound

Eng vollstänneg Lëscht vun alle Raumfuerer fënnt een op der Lëscht vu Raumfuerer, Rekordler ënner Rekorder an der bemannter Raumfaart.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Wiktionnaire: Taikonaut Definitioun, Synonymmer an Iwwersetzungen

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Siehe z. B. die Selbstbezeichnung „Kosmonaut“ von Franz Viehböck auf seiner Homepage [1]
  2. About Astronauts. Nasa
  3. Presseamt des Staatsrats der Volksrepublik China: Chinas Raumfahrt. Verlag für fremdsprachige Literatur, Peking 2006; ISBN 7-119-04590-3; S. 7, 13, 16; Jahrbuch China 2004, Abschnitt Raumfahrt (china.org.cn)
  4. Vyomanauts are go. New Scientist vom 9. Januar 2010, S. 6