Wladimir Michailowitsch Komarow

Vu Wikipedia
Wladimir Michailowitsch Komarow
Gebuer 16. Mäerz 1927
Moskau
Gestuerwen 24. Abrëll 1967
Oblast Orenburg
Doudesursaach Fligeraccident
Nationalitéit Sowjetunioun
Aktivitéit Pilot, Astronaut, Offizéier, Ingenieur, Testpilot
Partei Kommunistesch Partei vun der Sowjetunioun

De Wladimir Michailowitsch Komarow (russesch: Владимир Михайлович Комаров); gebuer de 16. Mäerz 1927 zu Moskau a gestuerwen de 24. Abrëll 1967 am Oblast Orenburg, war e sowjetesche Kosmonaut an deen éischte Mënsch, dee bei enger Weltraummissioun gestuerwen ass.

Vun 1942 bis 1949 ass de Komarow an d'Moskauer Spezialschoul vun der Loftarméi gaangen, an uschléissend an d'Militärfligerschoul Bataisk. 1959 huet hien d'Ingenieurakademie vun der Loftarméi ofgeschloss.

1960 gouf hie fir déi éischt Kosmonautegrupp vun der Sowjetunioun ausgewielt.

Hie war mat der Walentina Jakowlewna Kiseljowa bestuet an hat mat hir zwee Kanner.

Raumflich[änneren | Quelltext änneren]

Woschod 1[änneren | Quelltext änneren]

Nodeem hien 1962 Ersatzmann fir de Pawel Popowitsch op Wostok 4 war, gouf 1964 de Fluch mat Woschod 1 seng éischt Missioun am Weltraum. Als Kommandant vu Raumschëffer hat hien de Ruffnumm „Rubin“.

Sojus 1[änneren | Quelltext änneren]

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Sojus 1.

Den 23. Abrëll 1967 gouf d'Raumschëff Sojus 1 mam Komarow u Bord gestart. De Komarow hat wärend dem Fluch Funkgespréicher mam deemolege Premierminister Kossygin a senger Fra Walentina. Donieft huet hie Gréiss un d'sowjetescht Vollek geschéckt. No enger Rei vu Feelfunktioune vum neiaartege Raumschëff hat de Komarow de 24. Abrëll 1967 no 18 Äerdëmkreesungen d'Landumg ageleet. Leider ass de Fallschierm net opgaangen an de Komarow ass beim haarden Opschlag vu senger Kapsel gestuerwen.

Leeschtungen[änneren | Quelltext änneren]

Spezielles[änneren | Quelltext änneren]

  • Éischte Fluch bei Woschod a Sojus
  • Éischten am Asaz gestuerwene Kosmonaut

Éierungen an Auszeechnungen[änneren | Quelltext änneren]

D'Urn vum Komarow gouf an der Kremlmauer zu Moskau bäigesat.

De Komarow krut zweemol d'Auszeechnung Held vun der Sowjetunioun (19. Oktober 1964 an de 24. Abrëll 1967) an de Leninuerden“.

Den Asteroid (1836) Komarov, deen 1971 entdeckt gouf, souwéi e Krater um Äerdmound krute säin Numm, ausserdeem gouf e Kommunikatiounsschëff op den Numm Kosmonawt Wladimir Komarow gedeeft.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Wladimir Komarow – Biller, Videoen oder Audiodateien