Op den Inhalt sprangen

Walentina Wladimirowna Tereschkowa

Vu Wikipedia
Walentina Wladimirowna Tereschkowa
Gebuertsnumm Валентина Владимировна Терешкова
Pseudonym Чайка
Gebuer 6. Mäerz 1937
Alter 89 Joer
Nationalitéit UdSSR, Russland
Aktivitéit Astronautin, Politikerin, Militär, Ingenieurin, Pilotin, Universitéitsprofessesch, Offizéiesch
Partei Kommunistesch Partei vun der Sowjetunioun, Eenegt Russland, Eist Haus Russland
Fonctioun Deputéierten an der Duma
Auszeechnungen Held vun der Sowjetunioun, Orden de Bernardo O'Higgins, Uerde vun der Sonn vum Peru, Leninuerden, Leninuerden, Frëndschaftsuerden, Honoris causa
Bestuet mat Andrijan Grigorjewitsch Nikolajew (3.11.1963–1.1.1982),
Juli Georgijewitsch Schaposchnikow (–4.6.1999),
Juli Georgijewitsch Schaposchnikow

D'Walentina Wladimirowna Tereschkowa (Валентина Владимировна Терешкова), gebuer de 6. Mäerz 1937 zu Bolschoje Maslennikowo bei Jaroslawl op der Wolga, ass eng russesch Kosmonautin. Si war déi éischt Fra am Weltraum.

U Bord vun der Raumkapsel Wostok VI ass d'Walentina Tereschkowa de 16. Juni 1963 vum Raumfaartzentrum Baikonur fortgeflunn, fir eng Rees duerch de Weltraum, déi bal dräi Deeg gedauert huet. D'Wostok VI ass vum Kosmodrom zu Baikonur (Kasachstan) aus gestart an huet d'Äerd 49-mol ëmkreest. Den 19. Juni ass se bei Nowosibirsk gelant, wou d'Tereschkowa begeeschtert empfaange gouf. Zu Moskau gouf se mam Titel Fliger-Kosmonaut vun der UdSSR geéiert.

1966 war si op Visitt zu Lëtzebuerg a gouf vum Groussherzog Jean emfaangen.[1]

 Commons: Valentina Tereshkova – Biller, Videoen an Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. ↑ "Die "Möwe" wird 80." tageblatt.lu, 06. Mäerz 2017 09:30; Akt: 06.03.2017 09:40.