Wostok (Raumschëff)

Vu Wikipedia
Modell vum Wostok-Raumschëff zesumme mat der ieweschter Stuf vun der Rakéit

D'Wostok' [vɐsˈtɔk] (russesch Восток fir Osten) war den Numm vun der éischter bemannter sowjetescher Raumkapsel. Vun 1961 bis 1963 huet d'UdSSR sechs bemannt Kapsele vun där Serie gestart. U Bord vu Wostok 1 koum den 12. Abrëll 1961 de Juri Gagarin als éischte Mënsch an eng Äerdëmlafbunn. Mat der Wostok 6 koum de 16. Juni 1963 d'Walentina Wladimirowna Tereschkowa als éischt Fra an de Weltraum.

Déi eesëtzeg Wostok-Raumkapsele goufe mat de Wostok-Rakéite gestart a sinn op enger relativ niddreger Ëmlafbunn geflunn. D'maximal Missiounsdauer an d'Steierméiglechkeete vum Pilot ware staark begrenzt. D'Wostok-Kapsele goufen an der Zäit duerno als Basis fir verschidde militäresch an zivil onbemannt Satellitte vun der Kosmos-Serie gebraucht. Vun 1985 u si se ënner der Bezeechnung Foton geflunn. An der bemannter Raumfaart gouf d'Wostok-Kapsel spéider duerch déi méi grouss Woschod-Raumkapsel ofgeléist.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

De sowjetesche Wostok-Programm, dee spéider als direkt Äntwert op de NASA-Programm „Man In Space Soonest“ gewäert gouf, hat d'Konkurrenz am All am Ufank vun den 1960er Joren op en éischten Héichpunkt gefouert. Mat der Entwécklung vun engem einfache Raumschëff op der Basis vun onbemannte militäresche Konzepter déi et scho gouf, war et der Sowjetunioun e puer Méint virun den USA gelongen, e Mënsch an de Raum ze bréngen.

Technesch Daten[änneren | Quelltext änneren]

De Wostok-Diagramm

D'Wostok-Raumschëff bestoung aus zwee Haaptelementer: der kugelfërmeger Landekapsel (Duerchmiesser: 2,3 m, Volumen: 1,6 m³, Mass: 2,46 t) fir de jeeweilege Raumfuerer inklusiv déi erfuerderlech Steierungsdeeler souwéi engem ugrenzenden duebelkegelege Geschierdeel (Duerchmiesser: 2,43 m, Längt: 2,25 m, Mass: 2,27 t), deen d'Bremsdreifwierk mat dem Dreifstoff dran hat.

Et konnt nëmmen déi ronn Landekapsel op d'Ärd zeréckbruecht ginn, déi zu deem Zweck eng bis zu 18 cm déck Asbestschicht als Hëtzschëld hat. De ganze Komplex hat eng Mass vu 4,73 t, am Verbond mat Block-E (Uewerstuf vun der Drorakéit) 6,17 t. D'Wostok war 4,41 m laang (mat Block-E 7,35 m).

An der Wand vun der Landekapsel waren dräi 1,2 m grouss Luken, duerch déi de Kosmonaut erageklomm ass, de Fallschierm erauskoum resp. d'Geschier installéiert gouf. Dräi kleng Luke mat engem Duerchmiesser vun 25 cm goufe fir d'Äerdobservatioun an d'Navigatiounshëllef resp. als optescht Viséier (Wsor) gebraucht an hu sech wärend dem Neesantrëtt mat klenge Jalousien zoumaache gelooss. Déi technesch a wëssenschaftlech Ausrëschtung vun der Landekapsel mat enger Mass vun nëmmen 800 kg bestoung haaptsächlech aus Telemetrie- a Kommunikatiounssystemer souwéi Landesensoren an dem Landefallschierm. De Kosmonaut war op engem Schleidersëtz ugestréckt, dee virun der Landung erauskatapultéiert gouf. Grond fir déi Prozedur war den Ëmstand, datt mat der kugelfërmeger Landekapsel nëmme ballistesch Landunge konnte gemaach ginn, wat fir de Raumfuerer Belaaschtunge bis 10 g bedeit huet an et schwéier war, d'Landekapsel virum Opschlag ofzebremsen. Aus Sécherheet fir d'Kosmonaute gouf d'Kapsel separat un engem Fallschierm lande gelooss.

De Schleidersëtz war och fir de Fall vun enger Havarie vun der Drorakéit op der Ofschossramp geduecht oder an den éischte Fluchsekonnen. An der Landekapsel war ierdesch Normalatmosphär, also kee renge Sauerstoff wéi bei den Amerikaner.

Wostok-Programm[änneren | Quelltext änneren]

Am Kader vum Wostok-Programm goufe sechs Missioune geflunn:

Start um 7.07 Auer MEZ, eemoleg Äerdëmkreesung. Réckrees no 108-Minutte Fluch (= 41.000 km Fluchstreck). Landung no bei Smelowka, 26 km südwestlech vun Engels. Funk-Ruffnumm: „Kedr“ (Zeeder)
17 Äerdëmkreesungen (Dauer: 1d 1h 17min; Fluchstreck 703.000 km). Éischt Filmer an Experimenter ënner Schwéierlosegkeet. Den Titow hat ënner akuter Weltraumkrankheet gelidden. Hien hat iwwer Iwwelkeet an Orientéierungsverloscht geklot. Zäitweis Ausfall vun der bordeegener Temperaturreguléierung, Erofsetzen vun der Bordtemperatur op 6 °C. Erfollegräich Landung am Gebitt Krasny Kut bei Saratow. Funk-Ruffnumm: „Orjol“ (Aadler)
Eescht Problemer beim Start, well sech e Kabelmast net wéi geplangt vun der Rakéit geléist hat, mä eréischt e puer Sekonne virum Start op d'Säit gedréint hat. 24 Stonne spéider war Wostok 4 gestart. Landung no 3d 22h 22min no bei Karakalinsk am Kasachstan. Funk-Ruffnumm: „Sokol“ (Falk)
Start nëmmen een Dag no der Wostok 3. Éischte Gruppefluch vun der Geschicht. Déi zwee Raumschëffer koumen bis 6,5 km u sech erun, wat en direkte Funkkontakt méiglech gemaach hat. Erprouwung vu wichtege Rendez-voustechnike fir geplangt Moundmissiounen. Den Nikolajew an de Popowitsch si fir d'éischt fräi an hire Kabinne geschwieft. Kee vu béide krut wéi den Titow déi deemools onerfuerschte Weltraumkrankheet. Landung nëmme siwe Minutten no der Wostok 3 no bei Atassu, südlech vu Karaganda. Funk-Ruffnumm: „Berkut“ (Kinneksadler)
Ufanks war en Dräierfluch mam Wladimir Komarow, Bykowski an engem weibleche Raumfuerer geplangt, wat awer nees verworf gouf. D'Wostok 5 war gläichzäiteg eng Virbereedung op Moundmissiounen a sollt aacht Deeg daueren. Duerch geféierlech Sonnenaktivitéite gouf de Start vum 12. Juni ettlechmol verréckelt. De 14. Juni war wärend dem Countdown iwwerraschend e Steierkreesel ausgefall an eng Schnouer hat sech ënner dem Sëtzt vum Bykowski verwéckelt. Béid Problemer goufen entgéint de Virschrëften an op ausdréckleche Wonsch vum Bykowski bei lafendem Countdown behuewen. Den erreechte Perigeum war zum Schluss ze niddreg, fir aacht Deeg am Orbit ze bleiwen. D'Landung war den 19. Juni. Funk-Ruffnumm: „Jastreb“ (Habicht)
Zwéin Deeg nom Bykowski war d'Tereschkowa an de Weltraum gestart. Wärend dem Fluch gouf de Gruppefluch vu Wostok 3 a 4 zu engem groussen Deel widerholl, déi béid Raumschëffer ware bis 5 km uneneen erukomm. D'Tereschkowa war 2,5 Stonne virun hirem Kolleeg Bykowski gelant. Funk-Ruffnumm: „Tschaika“ (Méif)

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Vostok program – Biller, Videoen oder Audiodateien