Kosmos (Satellit)

Vu Wikipedia
De Kosmos 57, e standardiséierte Kosmossatellit

De Kosmos (russesch Космос) ass eng Standardbezeechnung fir verschidde sowjetesch, resp. russesch Äerdsatellitten a Raumgefierer. Fir d'éischt gouf 1962 e Satellit mam Numm Kosmos 1 gestart. Well bei deem Start och eng nei Drorakéit gebraucht gouf, gouf déi, wéi et an der Sowjetunioun normal war, och no der Notzlaascht genannt, also gouf d'Drosystem och mat Kosmos bezeechent.

Ausserdeem goufe mat Kosmos vill verschidden Äerdsatellitte bezeechent, iwwer déi een näischt Geneeës matdeele wollt (z. B. militäresch Satellitten, Prototyppe vun neie Raumgefierer). Dofir ass d'Zuel vun de Missiounen, déi ënner deem Numm gelaf sinn, séier gewuess. Scho Mëtt vun den 1970er Jore war d'Zuel 1000 erreecht. Zousätzlech kruten och feelgeschloe Missiounen dacks Kosmos-Benennungen. Och haut gëtt et Kosmos-Bezeechnunge fir militäresch Missiounen.

De Kosmos 122, e Wiedersatellit

Eng Kosmos-Bezeechnung haten ënner anerem:

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Herbert Pfaffe, Peter Stache: Raumflugkörper. Ein Typenbuch. VEB Verlag für das Verkehrswesen, Berlin, 1973

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kosmos – Biller, Videoen oder Audiodateien