Venera-Missioun

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen

Am Kader vun der Venera-Missioun (och Wenera oder "Venus") goufen tëscht 1961 an 1983 vun der Sowjetunioun en etlech Raumsonden op d'Venus geschéckt. Mat Venera 7 war de 15. Dezember 1970 déi éischt mëll Landung op engem frieme Planéit gelongen.

Missiounen[änneren | Quelltext änneren]

Éischt Generatioun[änneren | Quelltext änneren]

Venera 1

An der Startfënster 1961 hat d'Sowjetunioun geplangt, zwou Sonden a Richtung Venus ze starten. Laang Zäit gouf ugeholl, datt d'Sonden eng kleng Landekapsel u Bord haten, déi op der Venus lande sollt an dorop ausgeluecht war, an engem Ozean (en Ozean op der Venus gouf déizäit ugeholl) schwammen ze kënnen. Déi Meenung gouf duerch d'Mathuele vu sowjeteschen Embleme wéi bei de Lunik-Sonden gespeist. Haut wees een, datt d'Sonde kee Lander derbäi haten, mä wahrscheinlech en haarden Opschlag op der Venus-Uewerfläch versiche sollten.

  • Sputnik 7 gouf de 4. Februar 1961 gestart. D'Sond hat awer wéinst Versoen vun der ieweschter Stuf vun der Molnija-Drorakéit d'Äerdëmlafbunn net erreecht. D'Sond hat an der Ëmlafbunn zesumme mat der Uewerstuf vun der Rakéit (déi net ofgetrennt gouf) eng Mass vu 6.843 kg.
  • Venera 1 gouf den 12. Februar 1961 gestart an hat d'Äerdëmlafbunn verlooss. Allerdéngs war de Kontakt zu der Sond schonn den 19. Februar 1961 bei enger Distanz vun 2 Millioune Kilometer zu der Äerd ofgebrach. D'Sond ass den 20. Mee 1961 op enger Distanz vun 100.000 km laanscht d'Venus geflunn, woumat si den éischte vum Mënsch gebauten Objet war, dee an d'Géigend vun der Venus koum. D'Gewiicht vun der Sond war 643,5 kg.
Sputnik 19, 20 an 21

Well déi fir de Start benotzt Molnija-Drorakéit nach net vill getest war, goufen 1962 gläich dräi Sonde gestart. Fir zwou vun den dräi Sonde war eng Landung a fir eng e Laanschtfluch bei der Venus geplangt. D'Mass vun de Sonde war jee ronn 890 kg. D'Sonden koumen aus dem Projet 2-MV, bei deem e kollektive Bus fir eng Mars- oder Venussond entwéckelt gouf. Dëse Bus konnt dann entweder eng Landekapsel oder een Instrumentepak matféieren.

  • Sputnik 19, Sputnik 20 a Sputnik 21 goufen de 25. August resp. 1. September an 12. September 1962 gestart. Et koum awer wéinst Versoe vun den Drorakéite keng iwwer d'Äerdëmlafbunn eraus. Sputnik 19 a Sputnik 20 ware Landesonden, Sputnik 21 dogéint eng Laanschtfluchsond. Technesch Eenzelheeten goufen net publizéiert, mä wéinst dem kollektive Bus dierft den Opbau baugläich mat Mars 1 gewiescht sinn.

Am Joer 1965 goufen nees verschidde Sondekoppelen op de Wee geschéckt: "Venera 2" a "Kosmos 96" ware Laanschtfluchsonden, "Venera 3" sollt eng Landesond aushänken, déi dann op der Planéitenuewerfläch lande sollt. Obwuel nëmmen d"Venera 2" an d"Venera 3" deelweis erfollegräich geschafft hunn, stellt d'Joer 1966 trotzdeem de sowjeteschen Duerchbroch zu der Venus duer. D'USA waren der Sowjetunioun awer schonn zevirkomm: Hiren éischten erfollegräiche Venuslaanschtfluch war de 14. Dezember 1962 mat Mariner 2.

De Sondebus war baugläich mat deem vun Zond 1 bis Zond 3. Et war e kollektive Bus fir Sonden op de Mars a fir op d'Venus geplangt ginn. Während d'Venussonden an de Venera-Programm agegliddert goufen, goufen d'Marssonde bis op eng ni gestart. Amplaz goufen si als Zond 1 bis Zond 3 gestart. Den Zond-Programm stoung allgemeng fir interplanetar Sonden, deenen hir real Natur d'Sowjetunioun ni matdeele wollt.

D'Laanschtfluchsonden hate verschidde Spektrometeren an e Kamerasystem u Bord, dat Fotoe beim Laanschtfléie maache sollt. De Lander sollt eng méi laang Zäit op der Uewerfläch sinn a war dofir mat Solarzellen ausgerëscht. Hien hat och meteorologesch Sensoren an Instrumenter fir Ënnersich vun der Atmosphär derbäi.

  • D'Venera 2 war den 12. November 1965 gestart. Déi 963 kg schwéier Sond ass de 27. Februar 1966 op enger Distanz vu 24.000 km laanscht d'Venus geflunn, d'Verbindung war awer kuerz virum Laanschtfluch ofgebrach, sou datt ee keng Daten konnt kréien. D'Ursaach war eng Iwwerhëtzung vun der Sond.
  • DVenera 3, war de 16. November 1965 gestart an hat den 1. Mäerz 1966 e Laanschtfluch bei der Venus. Aus demselwechte Grond wéi bei der Venera 2 konnt kee Kontakt méi zu der Buedemstatioun opgeholl ginn. D'Sond, déi automatesch hir Landesond ausgehaangen hat, war an der Venusatmosphär deelweis vergloust an haard op der Uewerfläch opgeschloen. Si war domat den éischte vum Mënsch fabrizéierten Objet, deen op der Venusuewerfläch "geland" war. Déi ganz Mass vun der Sond war 960 kg.
  • D'Kosmos 96 blouf nom Start den 23. November 1965 am Äerdorbit. D'Sond war wahrscheinlech mat "Venera 3" baugläich.

Déi béid Sonde vun 1967 ware weiderentwéckelt Modeller vu "Venera 3" a "Kosmos 96". "Venera 4" war déi éischt vollstänneg gegléckt Venus-Missioun vun der Sowjetunioun, obwuel si d'Venusuewerfläch net erreecht hat, well den héijen Drock vun der Venusatmosphär net ganz bekannt war. Trotzdeem hat d'Sond iwwer déi komplett geplangt Zäit geschafft a konnt wichteg Daten iwwer d'Atmosphär vun der Venus liwweren.

  • D'Venera 4 war den 12. Juni 1967 gestart ginn. D'Transfersond hat sech den 18. Oktober 1967 bei der Venus vum Lander getrennt, dee 96 Minutte laang bis a 24,96 km Héicht erfollegräich Daten iwwerdroen hat, bis d'Batterien ausgefall waren (geplangt war eng Batterieliewensdauer vun 100 Minutten). Well den Atmosphärendrock ze niddreg ageschat gouf, hat d'Sond fir den Ofstig méi laang gebraucht a konnt dofir d'Uewerfläch an der geplangter Betribszäit net erreechen. Déi lescht Moossdaten hu bei 25 km iwwer der Uewerfläch eng Temperatur vun 270 °C an en Drock vun 22 bar gewisen. Déi ganz Mass vun der Sond war 1.106 kg.
  • D'Kosmos 167 koum de 17. Juni 1967 net iwwer d'Äerdëmlafbunn eraus. D'Sond war baugläich mat „Venera 4“.

1969 war du fir d'éischt en Duebelstart vun der Sowjetunioun op d'Venus gelongen. Déi béid Sonden hunn der erfollegräicher "Venera 4" geglach, se haten awer Landekapselen dei op en eppes méi héije Baussendrock vu 25 Bar ausgeluechte waren. Mä och déi waren net ausreechend, sou datt déi béid Sonden de Venusbuedem net intakt erreecht hunn. De Fallschiermsystem war verbessert ginn, sou datt d'Sonden elo méi séier duerch d'Atmosphär koumen; ausserdeem gouf d'Batteriekapazitéit erhéicht. Trotzdeem gëlle béid Sonden als Erfolleg, well si hate wéi geplangt, während dem Ofstig, Daten iwwer d'Atmosphär geliwwert. D'Mass vun de Sonde ware jee 1.130 kg, woubäi 405 kg op de Lander gefall sinn.

  • D'Venera 5 war de 5. Januar 1969 gestart an hat de 16. Mee 1969 eng Landesond ofgesat. Mat där Landesond konnt bis an eng Héicht vun 18 Kilometer iwwer der Venusuewerfläch 53 Minutte laang Kontakt gehale ginn, bis se vum Atmosphärendrock zerdréckt gouf.
  • D'Venera 6 war den 10. Januar 1969 gestart an hat d'Landesond de 17. Mee 1969 ausgesat. De Kontakt mam Lander bestoung 51 Minutte bis an 10 Kilometer Héicht.

Mat "Venera 7", där hir Landesond engem Drock vun 180 Bar standhale konnt, hat d'Sowjetunioun den entscheedenden Duerchbroch erreecht. Et war déi éischt erfollegräich Landung op engem frieme Planéit iwwerhaapt. Déi komplett Mass vun der Sond hat 1.180 kg. E schwaacht Signal konnt 23 Minutue laang vun der Uewerfläch empfaange ginn, dono war d'Landekapsel roueg. Déi instrumentell Ausrëschtung, déi bei Venera 4 bis Venera 6 nach vill Experimenter fir d'Ënnersich vun der Atmosphär haten, hu missen elo op en Thermometer an e Barometer reduzéiert ginn, well déi verstäerkt Ofschiermung vun der Landekapsel vill Gewiicht gebraucht huet.

  • D'Venera 7 huet hire Fluch op d'Venus de 17. August 1970 ugefaangen. D'Landesond vu "Venera 7" hat de 15. Dezember 1970 déi éischt erfollegräich Landung op der Venus. Den Ofstig op d'Uewerfläch hat 35 Minutte gedauert, woubäi Daten iwwer d'Atmosphär iwwerdroe goufen. No der Landung konnten 23 Minutten laang Daten vun der Uewerfläch empfaange ginn.
  • D'Kosmos 359 hat den 22. August 1970 wéinst enger Feelfunktioun vun der Uewerstuf bei der Drorakéit keng Transferbunn fir d'Venus erreecht. Wahrscheinlech war d'Sond ähnlech konzipéiert wéi d'"Venera 7".

Déi béid Sonden, déi 1972 gestart goufen, hunn deene vun 1970 geglach. Well elo den Bueemdrock vu 90 bar bekannt war, konnt d'Ofschiermung vun der Kapsel nees méi kleng gehale ginn an et konnte méi Experimenter matgeholl ginn. E Radio-Héichtemiesser huet et erlaabt, d'Beweegung vun der Sond iwwer dem Bueden opzezeechnen a sou en Héichteprofil opzestellen. En Instrument huet Ammoniak chemesch nogewisen, e weidert huet d'Gréisst an Verdeelung vun den Aerosolen an der Atmosphär ënnersicht. E Gammastralespektrometer huet um Bueden d'Konzentratioun vun den Elementer Kalium, Uran an Thorium bestëmmt. Eng weider Aufgab war et, d'Liichtverhältnesser op der Venusuewerfläch ze moossen, fir déi nächst mat Fotokameraen ausgeriicht Missioune virzebereeden. Dofir hunn d'Sonde missen op der Dagessäit vun der Venus landen, nodeems all aner Landeversich op der Nuetsäit waren. Déi total Mass vun de Sonde war jee 1.180 kg, d'Landesonde waren jee 495 kg schwéier an hate folgend Instrumenter: Temperatur-, Drock- a Liichtsensoren, ausserdeem en Héichtemiesser, e Gammastralespektrometer an e Gasanalysater. Well déi op 180 bar ausgeluecht "Venera 7" um Bueden nëmmen en Drock vu 90 bar gemellt hat, war déi Landekapsel nëmmen op 120 bar Baussendrock ausgeluecht.

  • "Venera 8" war den 27. Mäerz 1972 gestart. D'Landesond koum den 22. Juli 1972 um 08:37 UTC an d'Atmosphär vun der Venus. D'Antrëttvitess vun 41.696 km/h gouf duerch d'Ofbremsung op 900 km/h reduzéiert, dono hat sech an 60 km Héicht den 2,5 m grousse Fallschierm opgemaach. Während dem Ofstig goufen Daten iwwerdroen. D'Sond war um 09:32 UTC op der Dagessäit vun der Venus geland an hat entdeckt, datt et op der Uewerfläch vum Planéit sou hell war wéi bei engem Dag mat Wolléken op der Äerd, mat enger Siicht vun ongeféier engem Kilometer. Doduerch wousst een, datt Fotograféieren op der Venusuewerfläch méiglech ass. D'Sond hat am Ganzen 50 Minutte laang Daten iwwerdroen, woubäi allerdéngs nëmmen 11 Sekonnen Daten vun der Uewerfläch gesend goufen.
  • D'Kosmos 482 blouf den 31. Mäerz 1972 wéinst Versoen vun der Drorakéit nees an der Äerdëmlafbunn.

Zweet Generatioun[änneren | Quelltext änneren]

Modell vu Venera 10 an enger Ausstellung, uewen d'Landekapsel

All Venera-Sonden goufen bis elo mat Molnija-Rakéiten gestart a waren domat op eng Mass vu ronn 1.180 kg begrenzt. Elo hat een awer déi wäitaus méi staark Proton-Rakéit zur Dispositioun, déi ongeféier 5.000 kg Richtung Venus transportéiere konnt. Doduerch waren wäitaus méi usprochsvoll Missioune méiglech, woufir een un de neie méi schwéier Venera-Sonden geschafft huet.

Nodeem d'Startfënster 1973 ausgeloosse gouf, huet een 1975 "Venera 9" an d"Venera 10" gestart, déi jee aus engem Orbiter an engem Lander bestanen hunn. Fir d'éischt sinn flogen d'Mammesonden net laanscht de Planéit geflunn, mä haten en héichexzentreschen Orbit ageschloen. Déi béid (ouni Dreifstoff) ongeféier 2.300 kg schwéier Orbiter hunn de Planéit vermooss a liwwerten fir d'éischt Radarmiessungen, well d'Venusuewerfläch wéinst der komplett aus Wolleken bestoender Atmosphär net kloer ass. D'Sowjetunioun hat bei dëse béide Missiounen mat Frankräich zesumme geschafft. D'Lander vun dëse Missiounen goufen an 2,4 m grousse Kugelen ënnerbruecht a waren jee 1.560 kg schwéier. Et hat ee verschidde Techniken agesat, fir d'Liewensdauer op der 475 °C gliddescher Uewerfläch z'erhéijen; beispillsweis d'Virkillen vum ganzen Lander op −10 Grad Celsius an d'Mathiele vu Päeck mat Lithiumnitrat-Trihydrat, engem Salz, dat bei 30 Grad Celsius schmëlzt an dobäi Wiermt ophëlt. Fir d'éischt haten d'Lander och Kameraen, déi graffopgeléiste Biller vun der Venusuewerfläch geliwwert hunn. Et waren déi éischt vollstänneg Biller vun der Uewerfläch vun engem frieme Planéit iwwerhaapt.[1] Ausserdeem haten d'Lander och en Ausleeër, un deem duerch e Röntgenfluoreszenzspektrometer d'Zesmmensetzung vun der Uewerfläch bestëmmt gouf.

  • Venera 9 war den 8. Juni 1975 gestart an war den 20. Oktober 1975 an eng Ëmlafbunn ëm d'Venus ageschwenkt. D'Landesond war nach deeselwechten Dag bei 32° Nord an 291° Ost geland. Hien hat 53 Minutte laang Daten an éischtmols e puer Biller op d'Äerd iwwermëttelt. D'Sond war beim Start 4.936 kg schwéier.
  • Venera 10 war de 14. Juni 1975 gestart an hat d'Venus de 25. Oktober 1975 erreecht. De Lander war op der Plaz 16° Nord an 291° Ost geland an huet 63 Minutte laang op der Uewerfläch geschafft. Si huat Daten a Biller op d'Äerd geschéckt. D'Sond hat beim Start e Gewiicht vun 5.033 kg.

De Venera-9-Orbiter hat bis den 22. Mäerz 1976 geschafft. Béid Orbiter ënnersichten d'Venusatmosphär mat Kameraen a Spektrometer. Weider Experimenter haten dem interplanetare Raum gegolt an der Sich no Gammastralenausbrëch.

Bei den 1978 gestarteten "Venera 11" an "Venera 12" koum d'Sowjetunioun dann nees op hir al Technik zréck: D'Mammesond war beim Planéit laanscht geflunn an hat e Lander ofgesat. Dëst hat e méi laange Kontakt mam Lander erlabt. Béid Sonden konnten – well sech d'Verkleedung vun der Kamera net léise konnt – nëmmen Daten, awer keng Biller iwwermëttelen. D'Sonden haten beim Start e Gewiicht vu jee 4.940 kg. Bei béiden Laanschtfluchsonden waren Frankräich an Éisträich bedeelegt.

  • Venera 11 war den 9. September 1978 gestart a war de 25. Dezember 1978 bei der Venus laanscht geflunn. Dobäi hat si e Lander ofgesat, dee mat 11,2 km/s an d'Atmosphär agetruede war an ongeféier eng Stonn spéider mat 7 bis 8 m/s op d'Uewerfläch opgesat hat. De Lander hat dann 95 Minutte laang Daten vun der Uewerfläch iwwermëttelt, woubäi leider verschidden Instrumenter Feelfunktiounen opgewisen hunn.
  • Venera 12 war de 14. September 1978 gestart ginn, an d'Sond koum schon den 21. Dezember 1978 un. D'Landesondhat während 110 Minutten Daten iwwerdroen, ier d'Mammesond d'Funkreechwäit verlooss hat.

Och d'Sonden "Venera 13" a "Venera 14" bestoungen aus jee engem Laanschtfluch an engem Lander. D'Sonden iwwermëttelten am Géigesaz zu hire Virgänger erneit Biller vun der Uewerfläch op d'Äerd. D'Fotoen vun der Uewerfläch goufen dës Kéier mat héichopléisenden Faarfkamerae gemaach. Ausserdeem haten d'Lander sënnräich Analysesystemer, déi Buedemprowen geholl hunn an an der Sond mat engem Röntgenfluoreszenzspektrometer ënnersicht hunn. D'Gewiicht vun de Lander waren jee 760 kg. Déi béid Mammesonden goufe zudeem nach fir Manövertester fir déi spéider Vega-Missioun souwéi fir Sonnenobservatiounen benotzt a waren dofir mat engem Magnéitometer an Detektere fir kosmesch Stralen, Gammastralen an Deelchendetekteren ausgerëscht.

  • Venera 13 war den 30. Oktober 1981 gestart a war den 1. Mäerz 1982 laanscht d'Venus geflunn. D'Landesond vu "Venera 13" hat 127 Minutte laang (geplangt waren 32 Minutten) Daten a Biller vun der Uewerfläch (Landeplaz bei 7,5° Süd an 303° Ost) bei enger Baussentemperatur vun 457 °C an engem Atmosphärendrock vu 84 Bar iwwermëttelt.
  • Venera 14 war de 4. November 1981 gestart. De Lander gouf den 3. Mäerz 1982 ofgesat. Déi eigentlech Landung war zwee Deeg méi spéit erfollegt, de 5. Mäerz 1982. De Lander hat 57 Minutten op der Uewerfläch (Landeplaz 13,3° Süd an 310° Ost) bei enger Baussentemperatur vun 465 °C an engem Atmosphärendrock vun 94 Bar iwwerlieft an Daten a Biller iwwermëttelt.
Radartopographie vu Venera 15/16

"Venera 15" a "Venera 16" hate kee Lander, hunn awer d'Aarbecht bu "Venera 9" an "Venera 10 fortgesat. Béid Sonden waren baugläich a baséierten op modifizéierten Fluchplattformen vu "Venera 9" bis "Venera 14". Si bestoungen aus engem 5 m laangen Zylinder an enger 1,4 m héijer parabolescher Antenn mat engem Duerchmiesser vu 6 m fir den Synthetic Aperture Radar (SAR), déi un engem Enn vum Zylinder ënnerbruecht war. Eng 1 m grouss parabolesch Antenn fir den Radiohéichtemiesser war och un dësem Enn vun der Sond. E Bockel um entgéintgesaten Enn vum Zylinder hat Dreifstofftanken an Undriffssystemer. Fir d'Stroumversuergung stoungen zwou Solarpaneelen zur Dispositioun. Eng 2,6 m grouss Antenn, déi un der Säit vum Zylinder ubruecht war, huet der Kommunikatioun mat der Äerd gedéngt. D'Sonden haten e Gewiicht vu jee 4.000 kg.

Am Ganzen konnten d'Sonden ongeféier 30 % vun der Uewerfläch mat hirem Synthetic Aperture Radar (SAR) erfaassen, mat deem senger Hëllef een ënner déi dicht Wollekendecken vun der Venus kucke konnt. Déi vu "Venera 15" a "Venera 16" erstellte Kaarten haten eng Opléisung vun 1 bis 2 km a waren domat ongeféier 30 Mol méi detailräich wéi déi vu Pioneer-Venus 1. Béid Sonden konnten an hirer elliptescher Ëmlafbunn nëmmen d'Nordhallefkugel bis ronn 30 Grad nërdlecher Breet erfaassen. Dat entsprécht ongeféier 25 Prozent vun der Venusuewerfläch. Allerdéngs hat déi sechs Joer spéider gestarten US-amerikanesch Magellan-Sond global Venuskaarten mat enger Opléisung vu ronn 100 Meter verfaasst, déi d'sowjetesch Leeschtungen an de Schiet gestallt hunn. An de Missiounen "Venera 15" a "Venera 16" waren Frankräich an déi DDR mat Instrumenter bedeelegt.

Spéider Missiounen[änneren | Quelltext änneren]

Vun 1984 bis 1986 gouf et zwou weider sowjetesch Missiounen, Vega 1 an 2. Béid konnten hir Missiounen erfollegräich ofschléissen.

Venera D[änneren | Quelltext änneren]

Venera D ass eng geplangte Venussond, déi vun Lawotschkin entwéckelt soll ginn a net virun 2025 starte soll. D'Sond soll aus engem Orbiter, engem Lander an engem an der Atmosphär schwiewendem Ballon bestoen. De Lander soll d'Atmosphär ënnersichen, no vulkaneschen Aktivitéiten sichen, d'Uewerfläch fotograféieren an etlech Stonnen op der Venusuewerfläch iwwerliewe kënnen.

Zesummefaassung[änneren | Quelltext änneren]

Positiounen vun de gelandeten Venera- a Vega-Sonden

D'Erfuerschung vun der Venus zielt zu den Héichpunkten a Glanzleeschtungen vun der sowjetescher Raumfaart. Am Joer 1966 hat d'Sowjetunioun éischt Deelerfolleg erzilt, 1970 mat der éischter Landung op engem anere Planéit den endgültegen Duerchbroch gemaach. No 1972 war d'Technik souwäit ausgeräift, datt keng Missioun méi schief gelaf ass. Am Joer 1975 hat d'Sowjetunioun den éischten Orbiter, dee mat der Radarkartéierung vum Planéit ugefaangen hat, higeschéckt. D'Kartéierung vum Planéit gouf vun der Sowjetunioun net fäerdeg gemaach.

Trotzdeem gëlt d'Venus zanter Mëtt vun den 1980er Joeren als sou gutt erfuerscht, datt sech d'Sowjetunioun aneren Zilen zougedréit huet. Bis zum Enn vum 20. Joerhonnert gouf et dann nëmme nach eng weider Venus-Missioun, d'Magellan vun den USA, déi d'Kartéierung vum Planéit f£erdeg gemaach huet.

Am neien Joerdausend gëtt et nei Bestriewungen, d'Venus z'erfuerschen, an zwar an éischter Linn vun Europa mat der erfollegräicher Sond Venus Express (2006–2014) a vu Japan mat Akatsuki, déi am zweeten Ulaf 2015 an de Venusorbit aschwenke konnt. Och Russland well sech weiderhin mat der Venera-D-Missioun bedeelegen.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Venera-Missiounen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Dat éischt onvollstännegt Bild war vum Mars (Mars 3, 2. Dezember 1971).