Chronologie vun de Venusmissiounen

Vu Wikipedia

Op dëser Lëscht si chronologesch all Raumsonden notéiert, déi mam Zil gestart goufe fir de Planéit Venus z'erreechen. Dobäi ginn och d'Raumsonde genannt, déi hiert Zil wéinst Feelfunktiounen oder aus anere Grënn net erreecht hunn; Sonde mat renge Feelstarte stinn a Klameren. Verschidde vun der Sowjetunioun gestart a feelgeschloe Venusmissioune goufen (am Fall vum Erreeche vun der Äerdëmlafbunn) als Satellit bezeechent a krute Sputnik- oder Kosmos-Decknimm. D'Sonden, déi net mol d'Äerdëmlafbunn erreecht haten, kruten iwwerhaapt keng offiziell Bezeechnung. Si kréien dofir vun internationalen Experte Bezeechnunge wéi z. B. Zond 1964A.

Chronologie[änneren | Quelltext änneren]

De Grad vun den Erfolleger ass an de follgende Faarwe markéiert:

Mësserfolleg Deelerfolleg Erfollegräich lafend
Inhaltsverzeechnes: 1960er1970er1980er1990er2000erGeplangt
Nr. Missioun (resp.Feelstart) Bild Startdatum (UTC) Organisatioun (Land) Resultater
1960er616264656769
1. (Sputnik 7) 4. Februar 1961 Sowjetunioun Geplangten haarden Opschlag op der Venus. Hat wéinst Versoe vun der véierter Stuf vun der Molnija-Drorakéit nëmmen d'Äerdëmlafbunn erreecht
2. Venera 1 12. Februar 1961 Sowjetunioun Geplangten haarden Opschlag op der Venus. De Kontakt war schonn no siwen Deeg den 19. Februar op ronn zwou Millioune Kilometer Distanz ofgebrach. D'Sond war den 20. Mee 1961 op enger Distanz vun 100.000 km laanscht d'Venus geflunn
3. (Mariner 1) Mariner 1 22. Juli 1962 NASA (USA) Geplangte Laanschtfluch bei der Venus. Hat wéinst Versoen vun der Atlas-Agena Drorakéit d'Äerdëmlafbunn net erreecht
4. (Sputnik 19) 25. August 1962 Sowjetunioun Geplangt Landung. Hat wéinst Versoe vun der véierter Stuf vun der Molnija-Drorakéit nëmmen d'Äerdëmlafbunn erreecht
5. Mariner 2 Mariner 2 27. August 1962 NASA (USA) Ass de 14. Dezember 1962 op enger Distanz vu 34.000 km laanscht d'Venus geflunn. Si hat éischt Miessdate vun der Venus geliwwert, déi ë. a. gewisen hunn, datt d'Venus kee Planéit mat waarmem a fiichtem Klima ass
6. (Sputnik 20) 1. September 1962 Sowjetunioun Geplangt Landung. Hat wéinst Versoe vun der véierter Stuf vun der Molnija-Drorakéit nëmmen d'Äerdëmlafbunn erreecht
7. (Sputnik 21) 12. September 1962 Sowjetunioun Geplangte Laanschtfluch. Hat wéinst Versoe vun der véierter Stuf vun der Molnija-Drorakéit nëmmen d'Äerdëmlafbunn erreecht
8. (Zond 1964A) 19. Februar 1964 Sowjetunioun Geplangten Ingenieurtest vun der Raumsond, kee Fluch a Richtung Venus. Hat wéinst Versoe vun der Molnija-Drorakéit nëmmen d'Äerdëmlafbunn erreecht
9. (Kosmos 27) 27. Mäerz 1964 Sowjetunioun Geplangt Landung. Hat wéinst Versoe vun der véierter Stuf vun der Molnija-Drorakéit d'Äerdëmlafbunn net erreecht
10. Zond 1 2. Abrëll 1964 Sowjetunioun Geplangt Landung op der Venus. De Funkkontakt mat der Sond war schonn de 14. Mee 1964 ofgebrach. D'Sond war de 14. Juli 1964 op enger Distanz vun 100.000 km laanscht d'Venus geflunn
11. Venera 2 12. November 1965 Sowjetunioun Geplangte Laanschtfluch. De Kontakt mat der Sond war scho kuerz virum Laanschtfluch ofgebrach. D'Sond war de 27. Februar 1966 op enger Distanz vu 24.000 km laanscht d'Venus geflunn
12. Venera 3 16. November 1965 Sowjetunioun Geplangt Landung. De Kontakt mat der Sond war virun der Landung ofgebrach. De Lander war awer den 1. Mäerz 1966 op d'Venusuewerfläch geflunn a war do haart opgeschloen
13. (Kosmos 96) 23. November 1965 Sowjetunioun Geplangt Landung. Hat wéinst Versoe vun der véierter Stuf vun der Molnija-Drorakéit nëmmen d'Äerdëmlafbunn erreecht
14. Venera 4 12. Juni 1967 Sowjetunioun Erfollegräiche Lander, war den 18. Oktober 1967 an d'Venus-Atmosphär agedaucht. De Lander hat 96 Minutte laang bis an 24,96 km Héicht Daten iwwer d'Atmosphär geschéckt, hat de Buedem awer net méi intakt erreecht
15. Mariner 5 Mariner 5 14. Juni 1967 NASA (USA) Erfollegräiche Laanschtfluch den 19. Oktober 1967 op enger Distanz vun 3.990 km.
16. (Kosmos 167) 17. Juni 1967 Sowjetunioun Geplangte Lander. Hat wéinst Versoe vun der Molnija-Drorakéit nëmmen d'Äerdëmlafbunn net erreecht
17. Venera 5 5. Januar 1969 Sowjetunioun Erfollegräiche Lander, war de 16. Mee 1969 an d'Venus-Atmosphär agedaucht. De Lander hat 53 Minutte laang Daten iwwer d'Atmosphär iwwerdroen, hat de Buedem awer net méi intakt erreecht
18. Venera 6 10. Januar 1969 Sowjetunioun Erfollegräiche Lander, war de 17. Mee 1969 an d'Venus-Atmosphär agedaucht. De Lander hat 51 Minutte laang Daten iwwer d'Atmosphär iwwerdroen, hat awer de Buedem net méi intakt erreecht
1970er7072737578
19. Venera 7 17. August 1970 Sowjetunioun Erfollegräiche Lander, war de 15. Dezember 1970 an d'Venus-Atmosphär agedaucht. De Lander hat 35 Minutte laang Daten iwwer d'Atmosphär iwwerdroen, no der Landung goufe weider 23 Minutte Date vun der Uewerfläch gesent
20. (Kosmos 359) 22. August 1970 Sowjetunioun Geplangte Lander. Hat wéinst Versoe vun der Molnija-Drorakéit nëmmen d'Äerdëmlafbunn erreecht
21. Venera 8 27. Mäerz 1972 Sowjetunioun Erfollegräiche Lander, war den 22. Juli 1972 an d'Venus-Atmosphär agedaucht a war intakt op der Uewerfläch gelant. De Lander hat 50 Minutte laang Daten iwwerdroen, woubäi allerdéngs nëmmen 11 Sekonnen Daten iwwer d'Uewerfläch waren.
22. (Kosmos 482) 31. Mäerz 1972 Sowjetunioun Geplangte Lander. Hat wéinst Versoe vun der véierter Stuf vun der Molnija-Drorakéit nëmmen d'Äerdëmlafbunn erreecht
23. Mariner 10 Mariner 10 4. November 1973 NASA (USA) Merkursond, Laanschtfluch bei der Venus de 5. Februar 1974 op enger Distanz vu 5.800 km. Hat ronn 4.000 Fotoe vun der Venus geliwwert
24. Venera 9 8. Juni 1975 Sowjetunioun Erfollegräichen Orbiter a Lander, de Lander war den 20. Oktober 1975 gelant an hat 53 Minutte laang Daten a fir d'éischt e puer Biller vun der Uewerfläch op d'Äerd geschéckt
25. Venera 10 14. Juni 1975 Sowjetunioun Erfollegräichen Orbiter a Lander, de Lander war de 25. Oktober 1975 gelant an hat 63 Minutte laang Daten a Biller vun der Uewerfläch op d'Äerd geschéckt
26. Pioneer-Venus 1 Pioneer-Venus 1 20. Mee 1978 NASA (USA) Erfollegräiche Venus-Orbiter, Antrëtt an d'Venusëmlafbunn de 4. Dezember 1978. Bis Mee 1992 a Betrib
27. Pioneer-Venus 2 Pioneer-Venus 2 8. August 1978 NASA (USA) Erfollegräich Atmosphärsonden, Antrëtt an d'Venus-Atmosphär den 9. Dezember 1978. D'Sonden hu wärend dem Ofstig Daten iwwer d'Atmosphär geliwwert, ausserdeem hat eng vun de véier Sonden onerwaart d'Landung iwwerstanen an hat 67 Minutte laang Date vun der Uewerfläch geliwwert
28. Venera 11 9. September 1978 Sowjetunioun Erfollegräiche Laanschtfluch a Lander; de Lander ass de 25. Dezember 1978 gelant an hat wärend 95 Minutten Date vun der Venusuewerfläch (keng Biller) iwwerdroen
29. Venera 12 14. September 1978 Sowjetunioun Erfollegräiche Laanschtfluch a Lander, de Lander war den 21. Dezember 1978 gelant an hat wärend 110 Minutten Date vun der Venusuewerfläch (keng Biller) gesent
1980er81838489
30. Venera 13 30. Oktober 1981 Sowjetunioun Erfollegräiche Laanschtfluch a Lander, de Lander war den 1. Mäerz 1982 gelant an hat dunn 107 Minutte laang Date vun der Venusuewerfläch iwwermëttelt
31. Venera 14 4. November 1981 Sowjetunioun Erfollegräiche Laanschtfluch a Lander, de Lander war den 3. Mäerz 1982 gelant an hat wärend 57 Minutten Date vun der Venusuewerfläch iwwermëttelt
32. Venera 15 2. Juni 1983 Sowjetunioun Erfollegräichen Orbiter, hat den 10. Oktober 1983 d'Venusëmlafbunn erreecht a war bis wäit an d'Joer 1984 a Betrib. Hat zesumme mat Venera 16 ronn 30 % vun der Venusuewerfläch mat Radar kartographéiert
33. Venera 16 7. Juni 1983 Sowjetunioun Erfollegräichen Orbiter, hat de 14. Oktober 1983 d'Venusëmlafbunn erreecht a war bis den 12. Juli 1984 a Betrib. Si huet zesumme mat Venera 15 ronn 30 % vun der Venusuewerfläch mat Radar kartographéiert
34. Vega 1 15. Dezember 1984 Sowjetunioun Laanschtfluch, Lander a Ballon fir d'Erfuersche vun der Atmosphär. D'Landung war den 11. Juni 1985, de Lander hat wärend 56 Minutten Date vun der Uewerfläch iwwermëttelt. De Ballon war 46,5 Stonnen aktiv an der Atmosphär. D'Laanschtfluchstuf ass weider bei den Koméit Halley geflunn.
35. Vega 2 21. Dezember 1984 Sowjetunioun Laanschtfluch, Lander a Ballon fir d'Fuerschung vun der Atmosphär. De Lander war de 14. Juni 1985 gelant an hat wärend 57 Minutten Date vun der Uewerfläch op d'Äerd geschéckt. De Ballon war 60 Stonnen aktiv an der Atmosphär. D'Laanschtfluchstuf ass weider bei de Koméit Halley geflunn.
36. Magellan Magellan 4. Mee 1989 NASA (USA) Erfollegräichen Orbiter, hat den 10. August 1990 d'Venusëmlafbunn erreecht, hat 98 % vun der Venusuewerfläch mat Radar kartographéiert. War den 12. Oktober 1994 an der Venus-Atmosphär vergloust.
37. Galileo Galileo 18. Oktober 1989 NASA (USA) Jupiter-Sond, Venus-Laanschtfluch den 10. Februar 1990 op enger Distanz vu 16.000 km, hat 81 Fotoe vun der Venus geliwwert
1990er97
38. Cassini-Huygens Cassini-Huygens 15. Oktober 1997 NASA (USA) an d'ESA (Europa) erfollegräiche Saturn-Orbiter/Titan-Lander, zwéi Venus-Laanschtflich am Abrëll 1998 a Juni 1999
2000er040520102018
39. Messenger Messenger 3. August 2004 NASA (USA) Merkur-Orbiter, zwéi Venus-Laanschtflich: éischten de 24. Oktober 2006, zweeten de 5. Juni 2007
40. Venus Express Venus Express 9. November 2005 ESA (Europa) Venus-Orbiter, hat den 11. Abrëll 2006 d'Venusëmlafbunn erreecht an hat bis Enn 2014 Date geliwwert. Dono ass d'Sond an der Venusatmosphär vergloust.
41. Akatsuki 20. Mee 2010 JAXA (Japan) Venus-Orbiter, Antrëtt an den Orbit war den 8. Dezember 2010 feelgeschloen. En zweete Versuch de 6. Dezember 2015 war erfollegräich.
42. Parker Solar Probe Parker Solar Probe 12. August 2018 NASA (USA) Sonnesond déi op hirem Wee bei d'Sonn siwe Swing-bys bei der Venus ausféiere soll.
Geplangt – 20182024
43. BepiColombo

BepiColombo

2018 ESA (Europa) a JAXA (Japan) Merkur-Orbiter, wärend dem Fluch op dem Merkur zwéi Swing-bys bei der Venus
44. Solar Orbiter Solar Orbiter Februar 2019 ESA (Europa) Sonnesond déi e puer Swing-bys bei der Venus maache soll.
45. Venera-D 2024 Roskosmos (Russland) Venus-Orbiter a Lander

Fazit[änneren | Quelltext änneren]

Vun 1961 bis Enn 2010 goufe 36 Raumsonde gestart, deenen hir Haaptaufgab d'Erfuerschung vun der Venus war: 28 sowjetesch, sechs amerikanesch, eng europäesch an eng japanesch. Vun den ofgeschlossene Missioune waren der 20 erfollegräich (15 sowjetesch a fënnef amerikanesch); ausserdeem hat d'europäesch Raumsond d'Venus erreecht an aacht Joer laang erfuerscht. Déi japanesch Sond war feelgeschloen, hat awer am Dezember 2015 ee méi héije wéi ufanks geplangte Venusorbit erreecht. Ausserdeem ware bis elo véier amerikanesch Raumsonde laanscht d'Venus geflunn, deenen hiert primäert Zil en anere Planéit war (Mariner 10, Galileo, Cassini a MESSENGER).

En ettlech Sonden haten an den 1960er Jore wéinst schlechten Drorakéiten, net mol d'Äerdëmlafbunn erreecht.

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]