Akatsuki

Vu Wikipedia
Akatsuki
Typ Venussond
Land Japan
Agentur JAXA
COSPAR-Bezeechnung 2010-020D
Mass 480 kg
Start 20. Mee 2010
Startplaz Tanegashima
Drorakéit H-IIA
Status aktiv
Start vun der Akatsuki

Akatsuki (Japanesch:あかつき)‚ Mueresschummerecht‘, fréier PLANET-C, oder Venus Climate Orbiter) ass eng Raumsond vun der japanescher Raumfaartagentur JAXA, déi virun allem d'Atmosphär an d'Klima vum Planéit Venus ënnersiche soll.

Missioun[änneren | Quelltext änneren]

D'Fabrikatioun hat am Joer 2007 ugefaangen. Wärend der Virbereedung gouf d'Sond Planet-C genannt, den Numm Akatsuki krut si am Oktober 2009. De Start war mat enger M-V geplangt. Well awer mat der Produktioun vun der M-V 2006 opgehale gouf an d'Entwécklung vum méi bëllegem Nofollger net virun 2011 ofgeschloss sollt ginn, gouf op eng H-IIA ëmgewiesselt.

Fir e Venusëmlaf goufen 30 Stonne festgeluecht. D'Sond sollt op hirer staark exzentrescher Ëmlafbunn bis op 300 km un de Planéit erukommen; de wäitste Punkt vum Orbit wier dann 80.000 km gewiescht. Als Inklinatioun vun der Ëmlafbunn waren 129 Grad virgesinn. D'Primärmissioun gouf op zwee Joer festluecht.

Verlaf[änneren | Quelltext änneren]

Den 20. Mee 2010 um 21:58:22 Auer UTC gouf den Akatsuki zesumme mat der Sond IKAROS gestart.

Den 8. Dezember 2010 sollt den Akatsuki op 550 km Héicht an de Venusorbit antrieden. Allerdéngs war dëse Versuch net gelongen, well d'Haaptdréifwierk net gezünnt hat. Dofir blouf den Akatsuki op engem Sonnenorbit mat enger Ëmlafzäit vun 203 Deeg. 5 Joer méi spéit, de 6. Dezember 2015, konnt d'Sond bei hirem nächste Rendez-vous mat der Venus um 23:51 UTC mat Hëllef vun enger Aktivéierung vum Manöverdreifwierk, déi 20 Minutte gedauert huet, an en Orbit ëm d'Venus aschwenken.[1] Den Akatsuki kreest elo op enger elliptescher Bunn op enger Distanz vu 400 bis 440.000 km mat enger Ëmlafzäit vun 13 Deeg a 14 Stonnen ëm de Planéit. De 26. Mäerz 2016 soll d'Apsis op 330.000 km an d'Ëmlafzäit op 9 Deeg reduzéiert ginn.

Opbau[änneren | Quelltext änneren]

D'dräiachsestabiliséiert Raumsond hat beim Start zesumme mam Dreifstoff 480 kg. gewien D'eidel Mass huet e Gewiicht vun 329 kg, vun deenen 34 kg op déi wëssenschaftlech Instrumenter falen. Zu den Instrumenter gehéieren och fënnef Kameraen: dräi fir den infraroude Beräich, eng fir den ultraviolette Spektrum an eng weider, d'Lightning and Airglow Camera (LAC), fir Blëtzer an aner Liichtevenementer an der Atmosphär opzehuelen. Zwou vun den Infraroutkamerae si fir d'Erfuersche vun der Uewerfläch, vun den Temperature, vun de Wolleken a vun den Dampkonzentratiounen. D'Long Wave Infrared Camera (LIR) ass virgesinn fir Daten iwwer d'Wollekenhéichten, d'Partikelgréissten an de Kuelemonoxidkonzentratioun ze kréien. Den UV Imager (UVI) soll d'Verdeelung vu Schwiefeloxiden a vu bis elo onbekannte Substanze vun der Venusatmosphär erfaassen. Zudeem déngt d'Sond der Technologieerprouwung; et sinn nämlech och neiaarteg Lithium-Ionen-Batterien u Bord.[2]

Aussergewéinlech ass, datt u Bord vun der Sond eng dënn Aluminiumplack ass, op där d'Nimm vun 260.000 Mënschen agravéiert sinn.[2]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Akatsuki – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Nakamura, M.; Kawakatsu, Y.; Hirose, C.; Imamura, T.; Ishii, N.; Abe, T.; Yamazaki, A.; Yamada, M.; Ogohara, K.; Uemizu, K.; Fukuhara, T.; Ohtsuki, S.; Satoh, T.; Suzuki, M.; Ueno, M.; Nakatsuka, J.; Iwagami, N.; Taguchi, M.; Watanabe, S.; Takahashi, Y.; Hashimoto, G. L.; Yamamoto, H. (2014). Return to Venus of the Japanese Venus Climate Orbiter AKATSUKI. Acta Astronautica 93: 384–389.
  2. 2,0 2,1 FliegerRevue Juli 2010, S. 45, Venussonde und Ikaros-Segel