Japan Aerospace Exploration Agency

Vu Wikipedia
H-II, H-IIA an H-IIB
Kibō-Modul fir d'ISS

D'Japan Aerospace Exploration Agency (JAXA) ass déi japanesch Raumfaartagentur. Si ass am Oktober 2003 aus hire Virgängerorganisatiounen NASDA, NAL an ISAS entstanen.

Astronomiemissiounen[änneren | Quelltext änneren]

Ee Modell vun der Raumsond Hayabusa bei Buedemprouwen. Op der lénkser Bordsäit si véier Düse vun den Ionendriffwierker ze gesinn.

Aufgabe vun der ISAS waren astronomesch Missiounen. D'Aufgabe ginn ënner der JAXA weidergefouert. Déi éischt erfollegräich astronomesch Missioun vu Japan war Hakucho (Corsa-B), déi am Joer 1979 gestart gouf. [1] Aktiv Missiounen: Astro-EII (Suzaku), Astro-F (Akari), Solar-C (Hinode) Geplangt Missiounen: MAXI, Astro-G, Astro-H, Sprint-A/Exceed

Röntgenastronomie[änneren | Quelltext änneren]

No der éischter Astronomiemissioun Hakucho konnt Japan mat den Nofollgemissiounen Tenma, Ginga an Asca 20 Joer laang souzesoen onënnerbrach Röntgenobservatioune maachen. Déi Erfolleger goufen awer duerch de Feelstart vun der Astro-E Missioun am Joer 2000 ënnerbrach. Eréischt am Juli 2005 konnt d'JAXA mat der Astro-E2-Missioun (Suzaku) mat der erfollegräicher Aarbecht weiderfueren.

An der japanescher Röntgenastronomie geet et viru mat MAXI, enger externer Kamera fir eng komplett Himmelsoftaaschtung. MAXI gouf 2009 un d'ISS gehangen. Déi eigentlech Nofollegmissioun fir Suzaku Astro-H soll am Summer 2013 gestart ginn.

Infraroutastronomie[änneren | Quelltext änneren]

Dat éischt japanescht Weltraumteleskop fir den infraroude Beräich, war am Joer 1995 gestart ginn. Et war eng Missioun vun engem Mount mam IRTS a war en Deel vum SFU-1-Satellit. Den IRTS huet ongeféier siwe Prozent vum Himmel gescannt. Am Februar 2006 huet JAXA schliisslech d'Astro-F-Missioun, mat engem 69-cm-Infraroutteleskop gestart. Een Zil vun der JAXA ass et, de mechanesche Küler sou wäit weider z'entwéckelen, datt een op d'Mathuele vu flëssegem Helium verzichte kann. [1]

Sonnenobservatioun[änneren | Quelltext änneren]

Am September 2006 gouf vu Kagoshima d'Hinode-Missioun (Solar-B) als Nofolleg vum Yohkoh-Satellit (Solar-A) gestart.

Space VLBI[änneren | Quelltext änneren]

1997 huet d'ISAS mat Halca eng Radioastronomiemissioun fir VLBI-Observatioune gestart. Déi Missioun huet offiziell am Joer 2005 opgehalen. Nofollgerin ass mam Astro-G-Teleskop fir d'Joer 2012 geplangt.

Äerdobservatioun[änneren | Quelltext änneren]

Eng weider Aufgab vum JAXA ass d'Äerdobservatioun. Dat betrëfft déi direkt Observatioun vun der Äerduewerfläch, besonnesch bei Naturkatastrophen, an d'Observatioun vum Klima.

Déi éischt japanesch Äerdobservatiounssatellite waren MOS-1a (Marine Observation Satellite, och Momo-1a). MOS-1a gouf de 16. Februar 1987 gestart, MOS-1b de 7. Februar 1990). JERS-1 (Japanese Earth Resources Satellite, och Fuyo) ass den 11. Februar 1992 an de Raum geschoss ginn.

Am Februar 2006 hunn d'Japaner den ALOS-Äerdobservatiounsmissioun (Advanced Land Observing Satellit, och Daichi genannt, gestart).

D'JAXA ass Member vun der Internationaler Charta fir Weltraum an Naturkatastrophen.

Aner JAXA-Missiounen[änneren | Quelltext änneren]

Interplanetar Missiounen[änneren | Quelltext änneren]

Déi éischt japanesch Raumsonde ware Sakigake an Suisei, déi 1985 zum Koméit Halley geflu sinn. Déi experimentell Technologiemissioun Hiten (Muses-A) war vun 1990 bis 1993 um Äerdmound aktiv. Fir d'Duerchféierung vun interplanetare Missioune steet der JAXA ee 64-Meter-Teleskop zu Useda zur Verfügung. Weider geplangt interplanetar Missioune sinn d'Venus-Sond Akatsuki an, a Kooperatioun mat der ESA, d'Merkur-Sond BepiColombo.

Hayabusa[änneren | Quelltext änneren]

Déi am Mee 2003 gestarten Asteroidemissioun Hayabusa (Muses-C) konnt hiert Zil, den Asteroid (25143) Itokawa, am September 2005 erreechen an och wëssenschaftlech ënnersichen. Haaptzil vun der Missioun war, Stëbsdeelercher vun der Uewerfläch ze sammelen an zeréck op d'Äerd ze bréngen. Den 13. Juni 2010 ass den Hayabusa nees an d'Äerdatmosphär agetrueden. D'Kapsel mam Stëbs ass plangméisseg a Südaustralien gelant, an de Stëbs gouf uschléissend ënnersicht an analyséiert.[2] Am November 2010 gouf d'Resultat vun den Ënnersich bekannt ginn.[3]

Moundmissioune[änneren | Quelltext änneren]

Am September 2007 gouf de Moundorbiter Kaguya gestart. Hien huet den Äerdmound bis den 11. Juli 2009 ëmflunn, ass awer wéinst Dreifstoffmangel zum Ofstuerz bruecht ginn.

Kommunikatiounstechnologie[änneren | Quelltext änneren]

OICETS[änneren | Quelltext änneren]

Am August 2005 start Japan mat Hëllef vun enger russescher Dnepr-Drorakéit vu Baikonur aus d'Kirari-Testmissioun fir den Opbau vun optesche Linken tëscht Satellitten. De Link mat der ESA-Sond Artemis konnt am Dezember 2005 hiergestallt ginn.[4]

ETS-VIII a WINDS[änneren | Quelltext änneren]

D'JAXA huet am Dezember 2006 d'ETS-VIII-Missioun gestart. D'Aufgab vum ETS-VIII ass et, mobil Kommunikatioun mat engem GEO-Satellit z'erméiglechen.

Iwwersiicht vun aktive Missiounen[änneren | Quelltext änneren]

1989 Akebono Auroraobservatioun
1992 GEOTAIL Magnetosphärobservatioun zesumme mat der NASA
2002 Kodama Kommunikatiounssatellit
2003 Hayabusa Buedemprouwe vun engem Asteroid
2005 Suzaku Röntgensatellit zesumme mat der NASA
2005 Reimei Technologietest an Auroraobservatioun
2005 Kirari Technologietestssatellit
2006 Daichi Äerdobservatioun
2006 Akari Infraroutobservatioun
2006 Hinode Sonnenobservatioun zesumme mat der NASA an dem BNSC
2006 Kiku 8 Testsatellit fir Kommunikatiounstechnologie, dee schwéierste Satellit vu Japan
2007 Kaguya Moundorbiter
2010 IKAROS experimentell Raumsond
2010 Akatsuki Venus-Orbiter

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Quellen[änneren | Quelltext änneren]

  1. JAXA: Infrared astronomical satellites unveil the history of the universe (englesch)
  2. http://hayabusa.jaxa.jp/e/index.html
  3. Identification of origin of particles brought back by Hayabusa - Pressemitteilung der JAXA vom 16. November 2010 (engl.)
  4. JAXA: Optical Inter-orbit Communications Engineering Test Satellite (englesch)