Yohkoh
Ausgesinn
Yohkoh (jap. ようこう, Yōkō; „Sonnestral“) war e Weltraumteleskop fir d'Sonnenobservatioun.
De Satellit gouf vum japaneschen Institute of Space and Astronautical Science (ISAS) mat US-amerikanescher a brittescher Bedeelegung ufanks ënner der Bezeechnung SOLAR-A entwéckelt an den 30. August 1991 mat enger Mu-Rakéit vum Kagoshima Space Center aus gestart. D'Instrumenter waren:
- En Teleskop fir wäich Röntgenstralung (0,5 bis 2 keV).
- En Teleskop fir haart Röntgenstralung (14 bis 93 keV).
- Ee breetbandege Röntgen- a Gammaspektrometer.
- En héichopléisende Bragg-Kristallspektrometer.
De Yohkoh hat d'Sonn iwwer bal e ganzen Sonnefleckenzyklus observéiert an hat an dëser Zäit e puer Millioune Röntgenbiller opgeholl. D'Missioun gouf duerch e Lagereeglungsproblem de 14. Dezember 2001 gestoppt. Den Antrëtt an d'Äerdatmosphär war den 12. September 2005.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Yohkoh – Biller, Videoen oder Audiodateien |