Hinode

Vu Wikipedia
Hinode (SOLAR-B)
De Weltraumteleskop Hinode
Typ Weltraumteleskop
Land Japan
Agentur JAXA
Apogeum 705 km
Perigeum 678 km
Bunnschréi 98,1°
Mass 900 kg
Gréisst 1,6 × 1,6 × 4,0 m
Bunn-Ëmlafzäit 98,4 min
Start 22. September 2006, 21:36 Auer UTC
Startplaz Uchinoura Space Center
Drorakéit M-V-7
Status aktiv

Den Hinode (japanesch ひので; Sonnenopgank) ass e Weltraumteleskop, dat vun der japanescher Raumfaartagentur JAXA mat Bedeelegung vun der ESA, vun der brittescher Fuerschungsorganisatioun PPARC a vum Marshall Space Flight Center vun der NASA, ufanks ënner dem Numm SOLAR-B entwéckelt gouf. Mat dem Satellit sollen d'Wiesselwierkungen tëscht dem Magnéitfeld vun der Sonn an der Sonnekorona ënnersicht ginn. Hinode ass d'Nofollegmissioun vum Satellit Yohkoh (SOLAR-A), deen tëscht 1991 an 2001 operéiert hat.

Den Hinode gouf mat enger japanescher Drorakéit vum Typ M-V den 22. September 2006 um 21:36 Auer UTC vum Uchinoura Space Center op der südlecher Spëtzt vun der Insel Kyushu an den All geschoss. Den Hinode war déi lescht Notzlaascht vun dësem Rakéitentyp, well d'Produktioun vun der M-V no dësem Start agestallt gouf. Den zirka 900 kg schwéiere Satellit gouf an engem 280 × 686 km héijem Iwwerganksorbit ausgesat, deen an de Wochen nom Start mat satellitteneegenen Dreifwierker zu engem 600 km héijen sonnesynchronen Orbit korrigéiert sollt ginn. Nom Start krut de SOLAR-B den Numm Hinode. D'Missioun war op dräi Joer ausgeluecht.

Am Februar/Mäerz 2007 huet den Hinode éischt Biller am Röntgenberäich gemaach, déi d'verwéckelt Magnéitfelder an der Korona vun der Sonn weisen. Duerch dës Fotoen konnt d'Theorie, datt duerch sou Prozesser héichenergetesche Deelercher produzéiert ginn, geséchert ginn.

Technik[änneren | Quelltext änneren]

Héizou sinn am Allgemengen dräi Instrumenter ageriicht:

  • SOT = Solar Optical Telescope
Dëst ass en Instrument, dat am visuelle Spektrum den Undeel vu 480 bis 640 nm auswäert an en Ausschnëtt vun der Sonn vun 175 km Kantelängt duerstellt. D'Instrument huet och e Magnéitometer/Magnéitoskop zu der Ausriichtung.
  • XRT = X-Ray Telescope
E Röntgenteleskop mat 10 Filteren an enger Triggerung duerch Flares (Sonneneruptiounen).
  • EIS = EUV Imaging Spectrometer
EUV ass extreem kuerzwelleg ultraviolett Stralung, déi hei ënnersicht gëtt. EIS ass dat opwändegst Instrument vu SOLAR-B.

D'Fotoen an d'Miessunge vun allen dräi Instrumenter ginn an engem kollektive Signalprozesser zu engem totale Signal verbonnen, awer och eenzel bereetgestallt.

Spezifikatiounen:

  • Mass: 900 kg
  • Gréisst: 1,6 × 1,6 × 4,0 m
  • Längt vun de Solarpanelen: 10 m
  • Orbit: 600 km circular orbit (sonnesynchron)

Internationaal Partner[änneren | Quelltext änneren]

  • déi japanesch Weltraumorganisatioun JAXA
  • déi US-amerikanesch Weltraumorganisatioun NASA, Marshall Spaceflight Center. Si iwwerhëlt e Käschtendeel vun 172 Milliounen US-Dollar.
  • déi brittesch Fuerschungsorganisatioun PPARC
  • déi europäesch Weltraumorganisatioun ESA

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]