Apogeum

Vu Wikipedia
X ass de Perigeum an Y ass den Apogeum vun der Ëmlafbunn

Den Apogeum (vum Griicheschen: Wäit vun der Äerd; apo: wäit + gê: Äerd), ass an der Astronomie an an der Astronautik dee Punkt dee bei enger elliptescher Ëmlafbunn vun engem Himmelskierper, oder vun engem kënschtleche Satellit am wäitste vum Zentrum vun der Äerd ewech ass, a ganz prezis ausgedréckt vum gemeinsame Massenzentrum.

Den nooste Punkt ass de Perigeum.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie