(25143) Itokawa

Vu Wikipedia
(25143) Itokawa
Eegenschafte vum Orbit
Orbittyp Apollo-Asteroid
Bezuchspositioun Equinoxe: J2000.0
Grouss Hallefachs 1,324 A.E.
Exzentrizitéit 0,280
Sideresch Ëmlafzäit 1 a 191 d
Mëttel Bunnvitess 25,885 km/s
Inklinatioun 1,622 Grad
Physikalesch Eegenschaften
Duerchmiesser 535 × 294 × 209 m
Mass zirka 3,58 ± 0,18×1010 kg
Mëttel Dicht 1,95 ± 0,14 g/cm3
Rotatiounsperiod 12 h 9 min
Albedo 0,53
Absolut Hellegkeet 18,96M
Spektralklass S-Typ
Entdeckung
Entdecker LINEAR
Entdeckungsdatum 26. September 1998
Aner Bezeechnungen 1998 SF36


Den (25143) Itokawa (1998 SF36) ass en äerdnoen Asteroid, deen d'Äerdbunn kräizt. Hie gouf de 26. September 1998 entdeckt. Den Himmelskierper krut den Numm zu Éieren un de japanesche Rakéitewëssenschaftler Itokawa Hideo.

Ëmlafbunn[änneren | Quelltext änneren]

Den Itokawa beweegt sech tëscht 0,953 AU (Perihel) an 1,695 AU (Aphel) a ronn 556 Deeg op enger exzentrescher Bunn ëm d'Sonn. Wärend dem Perihel beweegt sech den Asteroid bannenzeg vun eiser Äerdbunn. D'Bunnexzentrizitéit ass 0,280, woubäi d'Bunn 1,6° géint d'Ekliptik gebéit ass.

Äerdgebonnen Observatiounen[änneren | Quelltext änneren]

Schema vun de béiden Itokawa-Deeler

Radarobservatioune vun den Observatoire Goldstone an Arecibo hu gewisen, datt et sech bei Itokawa ëm e längelzegen Objet mat enger Gréisst vun nëmme 594 × 320 × 288 Meter handelt[1]. D'Uewerfläch besteet warscheinlech haaptsächlech aus silikathaltegem Material, wéi bei de Gewéinleche Chondritten[2]. A ronn 12 Stonne rotéiert der Asteroid ëm seng eegen Achs[3]. Bei der Miessung vun der Rotatiounsvitess vum Itokawa fir d'Berechnung vum YORP-Effet gouf eng Ofwäichung vun der tatsächlecher Ännerung vun der Vitess, wéi se z'erwaarde gewiescht wier, bemierkt. Eréischt wéi bei der Berechnung dovun ausgaange gouf, datt den Asteroid aus zwéin Deeler mat verschiddenen Dichte besteet, hun d'Moossresultater mat der berechneter Ännerung vun der Rotationsvitess iwwereneegestëmmt. Den Itokawa muss deemno aus engem Deel mat enger Dicht vun 2850 Kilogramm pro Kubikmeter an engem zweeten Deel mat enger Dicht vu 1750 Kilogramm pro Kubikmeter bestoen. Déi Observatioun ass bei Asteroide bis elo eemoleg. Et gëtt ugeholl, datt den Itokawa beim Zesummestouss vun zwéin Asteroiden entstoung[4].

Raumsond Hayabusa[änneren | Quelltext änneren]

Container mat Partikele vum Itokawa

Den Itokawa gouf als Zilobjet fir déi japanesch Hayabusa-Missioun ausgewielt. D'Fotoe vun der Sond, déi den Itokawa am September 2005 erreecht hat, weisen d'Uewerfläch vum Asteroid mat enger Opléisung vun ënner engem Meter. Opfälleg ass dat bal komplett Feele vun Impaktkrateren, déi d'Uewerfläche vun aneren Asteroide dominéieren, wéi z. B. beim (243) Ida oder (433) Eros, déi vu Raumsonden erfuerscht goufen. Verschidde Gebidder um Itokawa si vu Regolith a Fielsdeeler mat verschiddene Gréisste bedeckt, op anere Plaze läit anscheinend fräit glat Gestengs. D'Gréisst vum Itokawa konnt vum Hayabusa op 535 × 294 × 209 Meter an déi mëttelst Dicht op 1,95 ± 0,14 g/cm³ festgeluecht ginn. Domat entsprécht d'Dicht vum Asteroid ongeféier där vu Sand a läit däitlech ënner dem Wäert vu gewéinleche Chondritten (zirka 3,2 g/cm³). Dës Observatioune leeën no, datt et sech beim Asteroid ëm een nëmmen duerch Gravitatiounskraaft zesummegehalene „Knaschtkoup“ (rubble pile) mat enger Porositéit vu ronn 40 % handelt[5]. Dës Hypothees aus dem Joer 2006 muss awer am Liicht vun der vun 2014, datt den Asteroid aus zwéin Deeler mat däitlech ënnerschiddlecher Dicht besteet, nei gesi ginn.

Den Hayabusa hat am November 2005 vun zwou verschiddene Plaze op der Uewerfläch vum Asteroid Prouwe geholl. Nodeems den éischte Versuch den 19. November net gelonge war, hat de Mechanismus beim zweete Versuch de 26. November geklappt. D'Startfënster konnt am Dezember 2005 wéinst Kommunikatiounsverloscht mat der Buedemstatioun net benotzt ginn; den Hayabusa konnt awer 2007 mat Hëllef vu senge Ionendreifwierker nees zeréck op d'Äerd bruecht ginn. D'Retourkapsel vun der Raumsond war den 13. Juni 2010 um 15:51 MESZ iwwer Australien an d'Äerdatmosphär agetrueden an ass wéi geplangt beim australesche Woomera an der WPA gelant.

D'Ëmlafbunn vum Itokawa

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: (25143) Itokawa – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. S. J. Ostro, L. A. M. Benner, C. Magri, J. D. Giorgini, R. Rose, R. F. Jurgens, D. K. Yeomans, A. A. Hine, M. C. Nolan, D. J. Scheeres, S. B. Broschart, M. Kaasalained, J. L. Margot: Radar Observations of Itokawa in 2004 and Improved Shape Estimation. 37th DPS Meeting. In: Bulletin of the American Astronomical Society, Vol. 37, #3, aas.org: [15.19] Radar Observations of Itokawa in 2004 and Improved Shape Estimation, Zougrëff den 19. Juni 2010
  2. R. P. Binzel, A. S. Rivkin, S. J. Bus, J. M. Sunshine, T. H. Burbine: MUSES-C target asteroid (25143) 1998 SF36: A reddened ordinary chondrite. In: Meteoritics & Planetary Science, Vol. 36, S. 1167
  3. S. J. Ostro, A. L. Benner, M. C. Nolan, J. D. Giorgini, R. F. Jurgens, R. Rose, D. K. Yeomans: Radar Observations of Asteroid 25143 (1998 SF36), American Astronomical Society, 33rd DPS Meeting. In: Bulletin of the American Astronomical Society, Vol. 33, S. 1117, aas.org: [41.13] Radar Observations of Asteroid 25143 (1998 SF36), Zougrëff den 19. Juni 2010
  4. Kosmische Erdnuss mit gespaltener Persönlichkeit. In: Zeit Online. 5. Februar 2014, abgerufen am 6. Februar 2014
  5. Th. Müller: Ein Kleinplanet unter der Lupe. In: Sterne und Weltraum, 12/2006, S. 26