Gewéinleche Chondrit

Vu Wikipedia
De gewéinleche Chondrit NWA 869

Gewéinlech Chondritte sinn déi heefegst Meteoritten. Si hu kugelfërmeg Aschlëss vu Mineralien, d'Chondren, déi gewéinlech aus Olivin an/oder Pyroxen bestinn. D'Chondre representéieren d'Matière, déi fréi aus dem solaren Urniwwel kondenséiert ass. Donieft enthalen d'Chondriten ënnerschiddlech héich Undeeler aus Néckeleise vu 5 bis 20%.

Jee no Metallgehalt erfollegt eng Klassifizéierung an d'Gruppen:

  • H-Chondritten (High-Metal, Fe-Gehalt: 27,5 Gewiichts-%)
  • L-Chondritten (Low-Metal, Fe-Gehalt: 21,5 Gewiichts-%)
  • LL-Chondritten (Low-Metal, Low-Iron, Fe-Gehalt: 18,5 Gewiichts-%)

Déi notéiert Fe-Gehalter bezéie sech op den totalen Eisengehalt, d. h. Eisen a metallescher wéi och an oxidéierter Form. Eng Iwwersiicht iwwer d'Heefegkeet vun aneren Elementer an de verschiddene Chondritteklasse ka beim Kallemeyn et al. (Geochemistry of ordinary chondrites, Geochimica et Cosmochimica Acta, 1989, Vol. 53, Seite 2747-2767) fonnt ginn.

Opgrond vum verschiddenen Ausgesi vun de Chondritte gouf eng Andeelung a petrologesch Klasse vun 1 bis 6 gemaach, déi d'Entwécklung vun de Meteoritten zeréckgëtt. Sou goufe Chondritte vun der Klass 1 wärend hirer Entwécklung kengen Temperature vu méi wéi 50 °C ausgesat a blouwe bal onverännert. Meteoritte vu méi héije Klasse goufe méi staark opgewiermt, wouduerch sech déi kristallin Struktur verännert hat. Chondritte vun der Klass 6 goufen op iwwer 950 °C erhëtzt.

Et gëtt dovun ausgaangen, datt déi ënnerschiddlech Klasse vun de Chondritten a verschiddenen Zone vun differenzéierten Asteroide entstane sinn. Chondritte vun der Klass H 3 sinn dobäi un der Uewerfläch, d'Klassen H4, H5, H6 an H7 an zouhuelender Déift entstanen.

Vertrieder vu gewéinleche Chondritte sinn:

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie