Sonnenniwwel

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Protoplanéiten

De Sonnenniwwel ass an der Kosmogonie en Niwwel aus vill Gas a relativ wéineg Stëbs, aus deem sech d'Sonnesystem gebilt hat. D'Hypothes vu sou enger Urwollek gouf fir d'éischt am Joer 1755 vum Immanuel Kant a sengem Wierk Allgemeine Naturgeschichte und Theorie des Himmels virgestallt. Hien hat ugeholl, datt sech an dësem Niwwel duerch d'Wiesselwierkung vu sengen Deelercher mat der Zäit een ufanks schonn eppes dominéierenden Ëmlafsënn duerchgesat hat an d'Urwollek dofir ëmmer méi ausgepräegt an ofgeflaacht rotéiert hat. Dëst gouf duerch déi modern Theorie vun der Stäregenesis bestätegt.

Historesch Nebularhypothes[änneren | Quelltext änneren]

Am Joer 1796 hat de Pierre-Simon Laplace onofhängeg dovun e relativ ähnlecht Modell virgestallt. Hien hat et a sengem leschte Band vu sengem fënnefbändege Wierk Exposition du systeme du monde (Duerstellung vum Weltsystem) publizéiert an ass haut ënner der Bezeechnung Nebularhypothes bekannt. De Laplace goung vun enger scho géigewäerteger Sonn aus, wou hir erhëtzten Atmosphär aus analoge Grënn lënsefërmeg Gestalt ugeholl hat. No der Ofkillung a Verdichtung vum Gasmantel sollte sech d'Gasréng dann zu Planéite verdicht hunn.

D'Kosmogonie vum Kant an d'Nebularhypothes vum Laplace ginn dacks einfach zesummefaassend als Kant-Laplace-Theorie bezeechent.

Awänn géint d'Kant-Laplace-Theorie[änneren | Quelltext änneren]

Während dem spéideren 19. Joerhonnert goufen d'Usiichte vum Kant a Laplace vum James Clerk Maxwell kritiséiert. Hien hat argumentéiert, datt, wann d'Matière vun de bekannte Planéite fréier a Form vu Scheiwen ëm d'Sonn verdeelt waren, d'Kräfte vun der differentieller Rotatioun d'Kondensatioun vun eenzele Planéiten am baussenzege Beräich verhënnert hätten. E weideren Asproch war, datt d'Sonn manner Dréiimpuls huet wéi si no der Theorie misst hunn. En etlech Joerzéngte laang hunn déi meescht Astronomen d'Theorie vun der Bal-Kollisioun ugeholl: D'Planéite wieren entstanen, andeems en anere Stär no bei d'Sonn koum. Dobäi wieren duerch déi géigesäiteg Gezäitekräfte vill Matière aus der Sonn an aus deem anere Stär gerappt ginn, déi dann zu Planéite kondenséiert wieren.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie