Lincoln Near Earth Asteroid Research

Vu Wikipedia

De Lincoln Near Earth Asteroid Research (Lincoln-Institut fir d'Erfuersche vun äerdnoen Asteroiden ), kuerz LINEAR, ass e Projet vum Massachusetts Institute of Technology fir d'Himmelsiwwerwaachung mat dem Zil, all äerdno Asteroide virun enger Kollisioun mat der Äerd zäiteg z'entdecken. Déi fir dee Projet agesat GEODSS-Instrumenter sinn um Testterrain vum Lincoln-Institut op der White Sands Missile Range zu Socorro am US-Bundesstaat New Mexico installéiert. Déi gewonnenen Date gi fir d'Auswäertung un d'Lincoln-Institut op der Hanscom Air Force Base zu Lexington am US-Bundesstaat Massachusetts geschéckt.

Entdeckungen[änneren | Quelltext änneren]

De Projet gëtt vun der US-Loftwaff an der US-Raumfaartagentur NASA finanzéiert. Zanter dem Ufank vum Projet am Joer 1996 goufen 225.957 nei Objeten identifizéiert, dorënner 2.019 bestätegt Äerdbunnkräizer (Stand: 31. Dezember 2007).

An der Rumm vum Iwwerwaachungsprogramm goufen och en ettlech Koméiten entdeckt; mat Stand vum 31. Dezember 2007 waren et 236 bestätegt Koméiten. All déi Koméiten hunn dofir den Zousaznumm LINEAR oder – wann d'Entdeckung gläichzäiteg mat engem aneren Observateur oder enger anerer Observatiounsgrupp gelongen ass – e kombinéierten, wéi z. B. LINEAR-NEAT. Besonnesch Bedeitung kënnt dem Koméit mat der Bezeechnung C/2002 T7 (LINEAR) zou, deen de 14. Oktober 2002 entdeckt gouf an am Mee 2004 eng Visuell Magnitude vu ronn erreecht hat.

Ongeféier zur gläicher Zäit hat och de Koméit C/2001 Q4 (NEAT) seng gréisst Hellegkeet erreecht, soudatt vun der südlecher Hemisphär vun der Äerd gläichzäiteg zwéin hell Koméite mat bloussem A ze gesi waren. Fir Observateuren op der nërdlecher Hemisphär waren d'Siichtbedingunge fir de Koméit C/2002 T7 (LINEAR) ongënschteg.

Bemierkenswäert ass och de Koméit C/1999 S4 (LINEAR), deem säi Kär beim Ëmlaf ronderëm d'Sonn am August 1999 zerbrach ass. De Koméit hat sech uschléissend bannent e puer Deeg praktesch vollstänneg opgeléist.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]