Äerdnoen Asteroid

Vu Wikipedia
Typpe vun äerdnoen Orbitten

Als äerdno Asteroiden (engl. Near-Earth asteroid; NEA) ginn Asteroide bezeechent, déi no bei d'Äerd komme kënnen. Si beweege sech net wéi déi meescht Asteroiden an der Haaptasteroidenceinture ëm d'Sonn, mä am Beräich vun de bannenzege Planéiten. D'Zesummesetzung vun den äerdnoen Asteroiden entsprécht awer der Zesummesetzung vun aneren Haaptceinture-Asteroiden.

Als éischte vun dësen ongewéinleche Klengplanéite gouf 1898 als Nummer 433 den hantelfërmegen Eros entdeckt. Bei Bunnradien tëscht 1,13 an 1,78 AE (Mars: 1,43–1,61 AE) koum hie bis op 0,15 AE un d'Äerd erun (58 Mounddistanzen) a war 1900 an 1931 eng Hëllef bei der geneeër Vermiessung vum Sonnesystem. 2000 koum et zu engem Rendez-Vous mat der Raumsond NEAR. 1911 hat de Johann Palisa den Nr. 719 Albert (1,19–4 AE) entdeckt, deen awer eréischt 2000 erëmfonnt gouf. Wéi viru 70 Joer weider „opfälleg“ Bunnen entdeckt goufen, gouf domat ugefaange se ze typiséieren.

Wéinst der héijer kinetescher Energie vu groussen Asteroide resp. der héijer Zuel vun de klengen, besteet een net onerhiefleche Risiko vun engem Aschlag op eiser Äerd. Nei Objete gi vum CSS, NEAT, LONEOS, CINEOS, Spacewatch oder LINEAR fonnt.

Opdeelung[änneren | Quelltext änneren]

Déi äerdno Asteroide ginn no der Längt vun hirer grousser Bunnhallefachs an dem Perihel an Aphel ënnerdeelt.distanzen.[1]

Amor-Asteroiden[änneren | Quelltext änneren]

Asteroide vum Amortyp hu Bunnhallefachse baussenzeg vun der Äerdbunn an de Bunnexzentrizitéiten, déi net duergi fir awer e Perihel bannent der Äerdbunn z'erreechen. Si ginn nom Asteroid (1221) Amor genannt, deen 1932 entdeckt gouf a sech op engem Ofstand vun 1,08–2,76 AE ëm d'Sonn beweegt. Den noosten Ofstand zu der Sonn – de Perihel – ass bei deem Bunntyp tëscht 1,017 an 1,3 AE.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Amor-Asteroid.

Apollo-Asteroiden[änneren | Quelltext änneren]

Radarbild vum (4179) Toutatis, en Asteroid vum Apollotyp

Objete mat Bunnhallefachsen déi méi grouss wéi 1 AE sinn a mat Periheldistanzen déi méi kleng wéi 1,017 AE sinn, ginn nom (1862) Apollo als Apollo-Asteroide bezeechent. Si kënnen d'Äerdbunn kräizen, wat jee no Bunnplang en Aschlagrisiko bedeit.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Apollo-Asteroid.

Aten-Asteroiden[änneren | Quelltext änneren]

Asteroide vum Atentyp hu Bunnhallefachsen déi méi kleng si wéi 1 AE an Aphel-Distanze déi méi grouss si wéi 0,9833 AE.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Aten-Asteroid.

Atira-Asteroiden[änneren | Quelltext änneren]

Asteroide vum Atira-Typ sinn eng nach relativ kleng Grupp vun Asteroiden, déi komplett bannenzeg vun der Äerdbunn lafen an doduerch schwéier z'entdecke sinn. Bis op ee si se all méi grouss wéi 300 m (Stand: 2011):

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Atira-Asteroid.

Arjuna-Asteroiden[änneren | Quelltext änneren]

Arjuna-Asteroide sinn eng rar Form vun äerdnoen Asteroiden a gehéieren zu enger vun de véier virdru beschriwwenen Typklassen. Si beweege sech op enger äerdänlecher Ëmlafbunn mat enger synodescher Period vu méi wéi zéng Joer.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Arjuna-Asteroid.

Sonnenno Asteroiden[änneren | Quelltext änneren]

Verschiddener vun dëse Klengkierper hunn hire sonnennächste Punkt banne vun der Venus- oder souguer banne vun der Merkurbunn.

Den 30. Dezember 2010 ware 1746 Asteroide bekannt, déi d'Venusbunn schneiden. 507 dovun hunn hire sonnenächste Punkt banne vun der Merkurbunn. Bekannt Vertrieder sinn:

No Rendez-vousen an Aschléi[änneren | Quelltext änneren]

  • Den Apollo-Asteroid (29075) 1950 DA war den éischten Objet, fir deen e positive Wäert op der Palermo-Skala fir Aschlagsrisiken ermëttelt gouf.
  • Den Aten-Asteroid (99942) Apophis wäert mueres den 13. Abrëll 2029 knapps 30.000 km laanscht d'Äerd fléien. Fir dëse Rendez-vous louch am Dezember 2004 d'Astufung op der Turiner Skala fir wéineg Deeg bei 4, ee bis elo net méi erreechte Wäert.
  • Deen nëmme ronn sechs Meter klengen Aten-Asteroid 2004 FU162 koum den 31. Mäerz 2004 bis op 6.500 km un d'Äerd erun.
  • 2008 TC3 war den éischten Asteroid, fir deen eng Kollisioun mat der Äerd korrekt virausgesot gouf. De 4 m klengen Objet gouf de 6. Oktober 2008 nach hanner der Moundbunn entdeckt a war 20 Stonne méi spéit bal komplett an der Atmosphär vergloust.

Verschiddenes[änneren | Quelltext änneren]

D'NASA fuerscht zanter 2010 mat Near-Earth Object Human Space Flight Accessible Targets Study (NHATS) dat méiglech Erreeche vun äerdnoen Asteroide duerch bemannte Missioune.[2]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Äerdno Asteroiden – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. NEO GROUPS neo.jpl.nasa.gov (ofgeruff den 2. September 2010)
  2. Near-Earth Object Human Space Flight Accessible Targets Study (NHATS) jpl.nasa.gov, gekuckt den 28. Abrëll 2015