Turiner Skala

Vu Wikipedia
Dësen Artikel entsprécht net de Wikipediakrittäre fir en enzyklopedeschen Artikel. Dat kann dru leien datt Schreif- oder Tippfeeler dran ze fanne sinn, oder en nach net nom Stil vun engem Wikipediaartikel formatéiert gouf. Et kann och sinn, datt den Inhalt net an eng Enzyklopedie gehéiert, sou wéi en am Moment do steet. Fir ze verhënneren datt dësen Artikel eventuell geläscht gëtt, muss en onbedéngt iwwerschafft ginn.

D'Turiner Skala ass eng Method, fir identifizéiert riskant Laanschtflich vun äerdnoen Asteroiden a Koméiten an d'Wierkunge vun där am Fall vun engem Aschlag fräigesater Energie wéi och d'Warscheinlechkeet vum Aschlag onmëssverständlech an iwwereneestëmmend ze kommunizéieren. Dozou ginn déi béid Gréisste fir eng Klassifikatioun erugezunn an d'Klassen textuell erkläert.

Klassenandeelung fir d'Turiner Skala, „Mt“ heescht Megatonnen TNT

An der Klass 0 ass de Risiko vernoléissegbar, well d'Äerd héchstwarscheinlech verfeelt gëtt oder den Objet ze kleng ass, datt et bei engem Aschlag mat grousse Schied ze rechnen ass. An der Klass 1 sinn Objete mat klenger Aschlagswarscheinlechkeet an nei entdeckt Objeten, déi zwar meeschtens no weideren Observatiounen op 0 zeréckgesat ginn. Dat gëllt och fir d'Klassen 2 bis 4 mat erhéichtem Risiko. En héije Risiko besteet an de Klasse 5 bis 7, gouf awer bis elo net entdeckt. D'Klassen 8 bis 10 sti fir sécher Evenementer mat groussem Risiko.

Anescht wéi bei der Palermo-Skala gehéiert den Zäitpunkt vum méigechen Aschlag net bei d'Klassifikatioun an, mä muss separat matgedeelt ginn. An den Texter vun de Klassen 3 bis 6 gëtt genee op déi Zäit Bezuch geholl. Fir Evenementer, déi méi wéi 100 Joer an der Zukunft leien, ass d'Turiner Skala net ze gebrauchen.

D'Turiner Skala gouf vum Professer Richard P. Binzel (MIT) opgestallt an op enger UN-Konferenz 1995 als Near-Earth Object Hazard Index virgestallt. Eng iwwerschaffte Versioun gouf am Juni 1999 op der internationaler Konferenz (International Monitoring Programs for Asteroid and Comet Threat – IMPACT) zu äerdnoen Objeten zu Turin virgestallt.[1] D'Konferenzler hunn déi iwwerschaffte Versioun ugeholl. Den Numm Torino Scale steet fir de Geescht vun der internationaler Kooperatioun vun dëser Konferenz am Zesummenhank mat den Ustrengungen an der Fuerschung an dem Verständnes vun de Risiken duerch äerdno Objeten (engl. Near-Earth object; NEO). Als Konsequenz vun der Publikatioun iwwer de Feelalarm 2003 QQ47 gouf 2005 déi Turiner Skala méi zeréckhalend formuléiert. Besonnesch gouf ënnerscheet tëscht erfuerderlecher ëffentlecher Opmierksamkeet oder nëmmen duerch Astronomen, an déi warscheinlech Réckstufung opgrond vu weideren Observatiounen gouf ernimmt.

Keng Gefor
(wäisse Beräich)
0 D'Kollisiounswarscheinlechkeet ass effektiv null oder den Objet ass sou kleng, datt net mat Schied ze rechnen ass.
Gewéinlech
(grénge Beräich)
1 Eng routineméisseg Neientdeckung, fir déi e Laanschtfluch viraus gesot gëtt, dee keng ongewéinlech Gefor duerstellt. Déi aktuell Berechnungen erginn, datt eng Kollisioun extreem onwarscheinlech ass. Weider Observatioune féieren héchstwarscheinlech zu enger Réckstufung an d'Klass 0.
Opmierksamkeet vun Astronomen erfuerdert
(giele Beräich)
2 Eng – bei grousse Sichprogrammer routineméisseg – Neientdeckung vun engem Objet mat engem eppes enken, awer net ongewéinleche Fluch laanscht d'Äerd. Wärend d'Opmierksamkeet vun den Astronomen gefuerdert ass, besteet keen Ulass zu engem ëffentlechen Interessi oder guer enger Suerg, well eng tatsächlech Kollisioun net besteet. Weider Observatioune féieren héchstwarscheinlech zu enger Réckstufung an d'Klass 0.
3 En enke Laanschtfluch, deen d'Opmierksamkeet vun den Astronomen erfuerdert. Aktuell Berechnungen ginn eng Warscheinlechkeet vun iwwer engem Prozent fir eng Kollisioun, déi lokal Zerstéierung verursaache géif. Weider Observatiounen ginn warscheinlech zu enger Réckstufung an d'Klass 0 zeréck. Wann de Laanschtfluch manner wéi ee Joerzéngt ewech ass, verdéngt d'Ëffentlechkeet eng Informatioun vun offizieller Säit.
4 Ee méi enke Laanschtfluch, deen d'Opmierksamkeet vun den Astronome fuerdert. Aktuell Berechnungen erginn eng Warscheinlechkeet vun iwwer engem Prozent fir d'Kollisioun, déi regional Zerstéierung verursaache géif. Weider Observatioune féiere méiglecherweis zu enger Réckstufung an d'Klass 0. Wann de Kontakt manner wéi ee Joerzéngt ewech ass, verdéngt e vun offizieller Säit d'Opmierksamkeet an der Ëffentlechkeet.
Geféierlech
(orange Beräich)
5 En enke Kontakt, deen eng eescht, awer nach onsécher Gefor vu regionaler Verwüstung duerstellt. Astronome mussen dréngend ermëttelen, ob eng Kollisioun bevirsteet oder net. Wann de Kontakt manner wéi ee Joerzéngt ewech ass, kënne staatlech Noutfallpläng erfuerdert sinn.
6 En enke Kontakt mat engem groussen Objet, deen eng eescht, awer nach onsécher Gefor vu globaler Zerstéierung duerstellt. D'Astronomen mussen dréngend ermëttelen, ob d'Kollisioun antrëtt oder net. Wann de Kontakt manner wéi dräi Joerzéngten ewech ass, kënne staatlech Noutfallpläng erfuerdert sinn.
7 Ee ganz enke Kontakt mat engem groussen Objet, deen an dësem Joerhonnert beispillos Gefor matsechbréngt. D'Antrieden ass onsécher, awer d'Zerstéierung wier global. International Noutfallpläng si gebueden, virun allem fir séier a schlësseg ze bestëmmen, ob eng Kollisioun antrëtt.
Sécher Kollisiounen
(roude Beräich)
8 Eng sécher antriedent Kollisioun, déi bei engem Aschlag lokal Zerstéierung verursaacht, bei engem Aschlag am noe Küsteberäich en Tsunami. Sou Evenementer kommen duerchschnëttlech all 50 bis 1000 Joer vir.
9 Eng sécher antriedent Kollisioun, déi bei engem Aschlag eng regional Zerstéierung verursaache kann, bei engem Aschlag am Ozean e groussen Tsunami. Dës Evenementer kommen duerchschnëttlech all 10.000 bis 100.000 Joer vir.
10 Eng sécher antriedent Kollisioun, déi eng global Klimakatastroph verursaache kann an d'Zivilisatioun, wéi mir se kennen, bedreet, egal ob Landfläch oder Ozean getraff gëtt. Sou Evenementer kommen duerchschnëttlech manner wéi all 100.000 Joer vir.

Déi mat Klass 4 bis elo héchsten Astufung hat am Dezember 2004 fir de Laanschtfluch vum Asteroid Apophis am Joer 2029 gegollt. Kuerz drop gouf de Wäert op 0 gesat, wéi den Text zu der Klass 4 virausgesot hat. Fir spéider Laanschtflich mat dësem Objet gollt bis 2007 nach d'Stuf 1.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Richard P. Binzel: The Torino Impact Hazard Scale. Planet. Space Sci. 48, 2000, S. 297–303.
  • David Morrison et al.: Impacts and the Public: Communicating the Nature of the Impact Hazard. In: Michael J.S. Belton et al. (Hrg.): Mitigation of Hazardous Comets and Asteroids, Cambridge University Press, 2004, ISBN 0-521-82764-7, S. 353.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Torino Meeting on NEO Hazard Monitoring, June 1-4, 1999 arc.nasa.gov, ofgeruff de 16. Juli 2011