(1566) Icarus

Vu Wikipedia
(1566) Icarus
Eegenschafte vum Orbit
Orbittyp Apollo-Asteroid
Bezuchspositioun Equinoxe: J2000.0
Grouss Hallefachs 1,0779 A.E.
Exzentrizitéit 0,8269
Sideresch Ëmlafzäit 408,782 Deeg
Mëttel Bunnvitess 28,69 km/s
Inklinatioun 22,856 Grad
Physikalesch Eegenschaften
Duerchmiesser 1 km
Rotatiounsperiod 2,273 h
Albedo 0,4
Absolut Hellegkeet 17M
Entdeckung
Entdecker Walter Baade
Entdeckungsdatum 27. Juni 1949
Plaz Palomar-Observatoire
Aner Bezeechnungen 1949 MA


Den (1566) Icarus ass en äerdnoen Asteroid (Planetoid), aus der Grupp vun den Apollo-Asteroiden. Dat sinn Himmelskierper, deenen hir Bunn d'Äerdbunn kräize kënnen.

Den Asteroid gouf de 27. Juni 1949 vum däitschen Astronom Walter Baade entdeckt an nom Ikarus, enger tragescher Gestalt aus der griichescher So genannt. Den Ikarus koum mat Hëllef vu selwer gebaute Fligelen der Sonn ze no an ass ofgestierzt.

Den Asteroid Icarus beweegt sech tëscht 0,1866 AE (Perihel) an 1,9692 AE (Aphel) a ronn 409 Deeg op enger staark elliptescher Bunn ëm d'Sonn. D'Bunnexzentrizitéit ass 0,8269, d'Bunn ass ëm 22,856 ° géint d'Ekliptik gebéit.

Den Duerchmiesser vum Icarus ass nëmme ronn ee Kilometer. Hien huet eng relativ hell Uewerfläch mat enger Albedo vun 0,4.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie