Palomar-Observatoire
|
De Palomar-Testbed-Interferometer op der Knupp vum Palomar Mountain, an der Noperschaft vum wäissen Doum mam 200" Hale-Teleskop. | |
| Typ | astronomeschen Observatoire |
|---|---|
| Proprietär | California Institute of Technology |
| Bedreiwer | California Institute of Technology |
| MPC-Code | 675 |
| Datum vum Bau | 1928 |
| Opgaangen | 1928 |
| Websäit | https://sites.astro.caltech.edu/palomar/ |
| Instrumenter | |
| Geographesch Situatioun | |
| Land | Vereenegt Staate vun Amerika |
| Regioun/Gemeng | San Diego County |
| Koordinaten | 33°21'23"N, 116°51'54"W |
| Héicht | 1.712 m |
|
| |


De Palomar-Observatoire ass en Observatoire, op der Spëtzt vum 1.706 Meter héije Palomar Mountain, zirka 80 Kilometer nordëstlech vu San Diego a Kalifornien.
Den Observatoire gehéiert zum Caltech (California Institute of Technology) an ass virun allem duerch säi 5-Meter-Spigelteleskop, den Hale-Teleskop, bekannt.
Nieft dem Hale-Teleskop an dem Oschin-Schmidt-Teleskop huet de Palomar-Observatoire och nach e weidere Spigelteleskop mat engem Haaptspigel vun 1,5 Meter Duerchmiesser, grdewéi e Schmidt-Teleskop mat enger Ëffnung vu 46 cm.
De Bierg Palomar Mountain gëtt am europäesche Sproochgebrauch dacks als „Mount Palomar“ bezeechent.
Hale-Teleskop
[änneren | Quelltext änneren]De gréissten Teleskop vum Palomar-Observatoire ass den Hale-Teleskop, dee vun 1947 bis 1975 de gréissten Teleskop vun der Welt war. En huet en Haaptspigel mat engem Duerchmiesser vu 5,08 Meter (200 Zoll) a krut säin Numm zu Éiere vum George Ellery Hale.
De Bau vum Teleskop huet iwwer 15 Joer gedauert. Fir den Transport vum 20 Tonne schwéiere 5-Meter-Spigel – deen eleng fir e virsiichtegt Ofkillen nom Géissen aacht Méint gebraucht huet – gouf en eegent Gefier an eng speziell Strooss gebaut. D'Gehäis vum Sekundärspigel ass sou grouss, datt fir speziell Aarbechte beim Miessen a Justéieren den Astronom dra sëtze kann. Den alles am allem iwwer 400 Tonne schwéieren Teleskop ass an enger 1.000 Tonne schwéierer Kuppel mat engem Duerchmiesser vun 41 m ënnerbruecht.
De Rang als weltwäit gréissten Teleskop huet Palomar no 30 Joer un de 6-Meter-Teleskop „BTA-6“ vum Selentschuk-Observatoire am Kaukasus verluer.
Oschin-Schmidt-Teleskop
[änneren | Quelltext änneren]Am Palomar-Observatoire ass och de berüümten Oschin-Schmidt-Teleskop (och Big-Schmidt genannt) mat 120 cm Ëffnung an engem 180 cm Spigelduerchmiesser, d'Siichtfeld huet 36 deg². Mat dësem Schmidt-Teleskop gouf an den 1950er de Palomar Observatory Sky Survey fotograféiert. En ass bis haut eng éischtklasseg Quell fir Galaxien, déi wäit ewech sinn. Och nei entdeckt Asteroide ginn dacks op archivéierte Fotoplacke vum Oschin-Schmidt-Teleskop fonnt, déi Joren oder Joerzéngte méi fréi opgeholl gi waren.
Am Joer 2003 gouf den Oschin-Schmidt-Teleskop mat der sougenannter QUEST-Kamera, enger Kamera déi aus 112 CCD-Chips zesummegesat a mat 161 Megapixel, ausstafféiert ass. Mat dësem Instrument gouf ënner anerem den Zwergplanéit Eris entdeckt.
Palomar-Testbed-Interferometer
[änneren | Quelltext änneren]De Palomar Testbed Interferometer ass en astronomeschen Interferometer fir d'Observatioun am noen infraroudem Spektralberäich. En déngt als Versuchsanlag fir d'Entwécklung vun interferometreschen Observatiounstechniken, déi méi spéit am Keck-Observatoire agesat solle ginn. Éischt Ënnersich hunn 1995 ugefaangen, de volle wëssenschaftleche Betrib ass 1998 gestart ginn. Ënnersicht goufen ë. a. héichprezis Astrometrie souwéi Mass-, Form- an Duerchmiesserbestëmmung vu Stären. Beispillsweis ass et gelongen ze beweisen, datt de Stär Altair duerch seng héich Rotatiounsrat un de Polen ofgeflaacht ass.
Déi héich Prezisioun gouf mam Dual-Star-System erreecht, mat deem d'Observatioun vun zwéi Stäre méiglech ass. Domat geléngt et, atmosphäresch Aflëss, d'Seeing, z'eliminéieren.
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Preston, Richard: Das erste Licht Auf der Suche nach der Unendlichkeit ISBN 3-426-27011-0
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Palomar-Observatoire – Biller, Videoen oder Audiodateien |
