Op den Inhalt sprangen

Selentschuk-Observatoire

Vu Wikipedia
Selentschuk-Observatoire
Typ astronomeschen Observatoire
MPC-Code 115
Datum vum Bau 1966
Websäit http://www.sao.ru/
Instrumenter
Teleskopen BTA-6, RATAN 600
Geographesch Situatioun
Land Russland
Koordinaten 43°38'48,05"N, 41°26'26,43"O
Kuppel vum 6-m-Teleskop a riets dohanner den 1-m-Zeiss-Teleskop

De Selentschuk-Observatoire (russesch: „Зеленчукская обсерватория (САО)“) ass en Observatoire zu Selentschukskaja (Republik Karatschai-Tscherkessien) am nërdleche Kaukasus. Am Observatoire stinn den opteschen BTA-6 Teleskop souwéi de RATAN 600 Radioteleskop.

D'Haaptinstrument vum Observatoire, ass de sechs-Meter-Spigelteleskop BTA-6 (Russesch: „Большой Телескоп Азимутальный“, grousst Azimutalteleskop), deen zum Zäitpunkt vu senger Fäerdegstellung 1975 bis Ufanks den 1990er Joer de gréissten Teleskop vun der Welt war. Mat dem 42 Tonne schwéiere Borsilikatspigel gouf et Problemer, an en ass 1978 wéinst engem Rëss ausgetosch ginn. Den Ënnerscheed zu anere Groussteleskopen ass, datt de Sechs-Meter-Teleskop vum Selentschuk-Observatoire azimutal montéiert ass, a mat Hëllef vun enger Computersteierung nogefouert gëtt.

De RATAN 600 ass e Radioteleskop mat 600 Meter Duerchmiesser.

Portal Astronomie

 Commons: Selentschuk-Observatoire – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]