(719) Albert

Vu Wikipedia
(719) Albert
Eegenschafte vum Orbit
Orbittyp Amor-Asteroid
Bezuchspositioun Equinoxe: J2000.0
Grouss Hallefachs 2.627 A.E.
Exzentrizitéit 0.5528
Sideresch Ëmlafzäit 4 a 95 d
Mëttel Bunnvitess 16,9 km/s
Inklinatioun 11.56 Grad
Physikalesch Eegenschaften
Duerchmiesser 2 bis 4 km
Mass 1,4 • 1013kg
Mëttel Dicht 2,0 g/cm3
Rotatiounsperiod 5,8 h
Absolut Hellegkeet 15,8M
Spektralklass S Bus-DeMeo
Entdeckung
Entdecker J. Palisa
Entdeckungsdatum 3. Oktober 1911
Plaz Universitéitsobservatoire Wien
Aner Bezeechnungen 1911 MT, 2000 JW8


De (719) Albert ass en Asteroid vum Amortyp, enger Grupp vun Asteroiden, deenen hir Bunnen d'Äerdbunn kräize kënnen.

Den Albert gouf schonn den 3. Oktober 1911 vum Johann Palisa um Universitéitsobservatoire Wien entdeckt. Den Asteroid gouf zu Éiere vum Baron Albert Freiherr von Rothschild, engem Sponsor vum Observatoire, genannt.

Den Asteroid goung allerdéngs nees verluer a konnt eréischt am Joer 2000 vum Spacewatch- Wëssenschaftlerteam vun der Universitéit vun Arizona erëmfonnt ginn. Seng Gréisst gëtt op zwéi bis véier Kilometer geschat.

Den Albert kënnt ongeféier all 30 Joer an d'Geigend vun der Äerd a kann dobäi bis op 30 Millioune Kilometer erukommen.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie