Universitéit vun Arizona
The University of Arizona | |
---|---|
Typ | staatlech Universitéit, ëffentlech Bildungsinstitutioun an den USA |
Land | Vereenegt Staate vun Amerika |
Schülerzuel | 45.601 |
September 2020; 1. September 2021 | |
Gegrënnt | 1885 |
Um Spaweck | https://www.arizona.edu |
D'Universitéit vun Arizona (bekannt och als U of A) ass eng Universitéit zu Tucson an Arizona. Se gouf 1885 gegrënnt, an 1891 mat 32 Studenten opgemaach. Am Joer 2010 waren 39.068 Studenten ageschriwwen. D'Universitéit huet e besonnesch gudde Ruff an de Beräicher Anthropologie, Astronomie, Astrophysik, Analytesch Chimie, Entrepreneurship, Hydrologie, Optik, Apdikt, Philosophie a Planetologie.
Den Eller College of Management, d'Business School, gehéiert no de Rankings vun U.S. News & World Report am Joer 2011 zu de 15 beschte staatleche Business Schoulen an den USA. Zu der Universitéit vun Arizona gehéiert ënner anerem och déi eenzeg medizinesch Fakultéit an Arizona souwéi eng juristesch Fakultéit, den James E. Rogers College of Law.
Als eenzeg Universitéit an Arizona ass si Member vun der Association of American Universities, engem Verband vu féierende fuerschungsintensiven nordamerikaneschen Universitäten.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]1885 gouf d'Universitéit vun Arizona als éischt Universitéit vum deemolegen Arizona-Territoire gegrënnt, nodeem d'Regierung vun der Territorialverwaltung $25.000 zur Dispositioun gestallt hat. Am éischte Joergank 1891 goufen 32 Studenten immatrikuléiert. D'Virliesunge waren deemools am Gebai "Old Main", dat haut nach am Zentrum vun der Universitéit steet.
Fréier an haiteg Professeren
[änneren | Quelltext änneren]Nobelpräisdréier
- Nicolaas Bloembergen (Physik, 1981)
- Roy J. Glauber (Physik, 2005)
- Willis E. Lamb (Physik, 1955)
- Vernon L. Smith (Wirtschaftswëssenschaften, 2002)
Weider Professeren a wëssenschaftlech Mataarbechter
- Leif Erland Andersson - schweedeschen Astronom
- W. David Arnett - Astrophysiker
- Paul Bloom - Psychologe
- Andrea Boattini - Astronom an Asteroidenentdecker
- Myles Brand - Sportsfunktionär (fréiere President vun der NCAA)
- Godehard Brüntrup - Philosoph
- John L. Casti - Mathematiker
- George Coyne - Astronom an Theolog
- William R. Dickinson - Geolog
- Andrew Ellicott Douglass - Astronom
- Joel Feinberg - Philosoph
- John G. Geier - Psycholog an Entreprener
- Alvin Goldman - Philosoph
- Ralph E. Griswold - Informatiker
- Matthew Hindman - Politolog
- Travis Hirschi - Soziolog a Kriminolog
- Terence Horgan - Philosoph
- Harold Lester Johnson - Astronom
- Stephan W. Koch - däitschen theoreetesche Physiker
- Keijo Korhonen - finnesche Politiker
- Gerard Peter Kuiper - Astronom
- Frank James Low - Physiker an Astronom
- Charles Herbert Lowe - Biolog an Herpetolog
- Henry Mann - Mathematiker
- Paul S. Martin - Paleontolog
- Aden Meinel - Astronom, fréieren Direkter vum Steward Observatoire
- N. Scott Momaday - Amerikanesch-indianesche Schrëftsteller
- Shlomo P. Neuman - Hydrolog
- Robert Alexander Nisbet - Soziolog
- Hans-Joachim Pflüger - Neurobiolog
- Roger A. Pielke - Klimatolog
- Günter Pilz - Mathematiker
- Johann Rafelski - Physiker
- Elizabeth Roemer - Astronomin
- Hans-Walter Rix - däitschen Astronom an Astrophysiker
- Wladimir Jewgenjewitsch Sacharow - russeschen theoreetesche Physiker a Mathematiker
- Marlan Scully - Physiker
- Elif Shafak - türkesch Schrëftstellerin
- Jeffrey Spier - Archeolog
- Matthias Steinmetz - däitschen Astrophysiker
- Peter Strasser - Philosoph
- Alan Weisman - Auteur a Journalist
- Simon White - Astrophysiker, Direkter vum Max-Planck-Institut für Astrophysik
- Monique Wittig - franséisch Schrëftstellerin
- Ralph Walter Graystone Wyckoff - Kristallograph
- Ofelia Zepeda - Amerikanesch-indianesch Schrëftstellerin
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Universitéit vun Arizona – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- (en) Offiziell Websäit