Nicolaas Bloembergen

Vu Wikipedia
Nicolaas Bloembergen
Gebuer 11. Mäerz 1920
Dordrecht
Gestuerwen 5. September 2017
Tucson
Doudesursaach Häerzschwächt
Nationalitéit Holland, USA
Educatioun Universitéit vu Leiden,
Harvard Universitéit,
Universitéit vun Utrecht
Aktivitéit Physiker, theoreetesche Physiker, Universitéitsprofesser
Member vun Däitsch Akademie vun den Naturfuerscher Leopoldina, Académie des sciences, National Academy of Sciences, Koninklijke Nederlandse Akademie van Wetenschappen, American Academy of Arts and Sciences, National Academy of Engineering, American Physical Society

Den Nicolaas Bloembergen, gebuer den 11. Mäerz 1920 zu Dordrecht, a gestuerwen de 5. September 2017 zu Tucson, am Arizona, war en hollännesch-US-amerikanesche Physiker a Physik-Nobelpräisdréier.

De Bloembergen huet vun 1946 bis 1990 op der Harvard University enseignéiert. 1990 gouf en do Professor Emeritus a vun 2001 u war e Professer op der University of Arizona. Do dernieft hat hien eng Rëtsch Gaaschtprofessuren uechter d'Welt.

1981 krut hien zesumme mam Arthur Leonard Schawlow den Nobelpräis fir Physik "fir hir Kontributioun zu der Entwécklung vun der Laserspektroskopie".

Hie war och 1991 President vun der American Physical Society, a war ë. a. Member vun der American Academy of Arts and Sciences an der National Academy of Sciences.

Den Asteroid (10447) Bloembergen gouf 2001 no him genannt.

Publikatiounen[änneren | Quelltext änneren]

  • Nonlinear Optics (Lecturenote and Reprint Volume), Benjamin 1965, 1977
  • Topics in nonlinear optics - Selected papers of N. Bloembergen. Bangalore, Indian Academy of Sciences 1982
  • Nonlinear Optics. 4. Auflage, World Scientific 1996
  • Encounters in nonlinear optics. Selected Papers of N. Bloembergen with commentary. World Scientific 1996
  • Nuclear magnetic relaxation. Den Haag 1948

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Nicolaas Bloembergen – Biller, Videoen oder Audiodateien